Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aus Respekt: Haut kee Chrëschtmaart um Knuedler
Neiegkeeten

Aus Respekt: Haut kee Chrëschtmaart um Knuedler

Mat déifster Betraffenheet ass de Schäfferot vun der Stater Gemeng

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun
Neiegkeeten

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

Och zu Lëtzebuerg leeft zënter enger gudder Woch net méi

dislike
E Maulkuerf fir d‘Kommunisten
Neiegkeeten

E Maulkuerf fir d‘Kommunisten

Mat neie Reegelen déi d‘Konditioune festleeë, fir sech op der

Roy Reding likt PD-Kommentar

Roy Reding likt PD-Kommentar
Datt een als Politiker oppasse muss, wat een sou op Facebook likt, misst virun allem de Politiker bei der adr bekannt sinn. Mee anscheinend ass dat eng Lektioun, déi nach laang net jiddereen geléiert huet. Sou huet de Roy Reding, adr-Députéierten, gëschter (02.05.2017) en Artikel op senger offizieller Facebook Page gedeelt:

Foto: Facebook/Screenshot
Den Thema Auslännerwahlrecht ass also ëmmer nach net vum Dësch, mee dat ass bei wäitem nach net dat interessantst. Et wërft een e Bléck an d’Kommentaren, da fält engem gläich deen heiten op:

Foto: Facebook/Screenshot
Deen och prompt vum offiziellen Site vum Roy Reding gelikt ginn ass:

Foto: Facebook/Screenshot
Lo kéint een jo op “d’Maus ass ausgerutscht” oder “Ech hu mech verlies” als Géigenargument verweisen. Dommerweis huet dat schonn eng aner Persoun aus der Lëtzebuerger Politik probéiert: d’Viviane Reding (CSV). Am August 2016 hat den Joel Adami, Podcaster, Blogger a Moderator bei “Radio Ara”, op séngem Facebook-Site Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg op dese Feeltrëtt opmirksam gemaach. Nach eng Paralell tëscht deenen zwee Fäll stellt d’Tatsaach duer, datt den PD-Kommentar vun engem Facebook Notzer mam Numm Marc Hilbert koum.

Keng Klengegkeet

Et däerf een an deem Kontext net vergiessen, datt PD eng zimmlech grave Beleidegung duerstellt. De Begrëff PD (oder pédé) ass zwar hautesdags pejorativ op Homosexueller geeigt, mee säin Uersprong huet et am Begrëff “Pédéraste”, also e Mann, deen sexuellt Interesse un engem männerjäregem Jong huet.

Likes sinn net ongeféierlech

Dat huet missen de Joe Thein léieren, deen opgrond vun engem Like aus senger Heremescht-Partei, dem adr geflunn ass. Mëttlerweil huet deen awer schonn seng eege Partei, déi Konservativ, op d‘Been gestallt.
Nächsten Artikel Virrechten Artikel