Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,
Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,
En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister
Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si, wéi ursprénglech esou een Teleës Duell ugesat gi war. Ma zwee Deeg, iert et esou wäit sollt sinn, koum eng Plangännerung. Anstatt géint déi aktuell Buergermeeschterin Lydie Polfer unzetrieden, däerf de Serge Wilmes sech elo der Co-Spëtzekandidatin vun déi gréng, Sam Tanson stellen. D’Lydie Polfer dogéint géif géint de Marc Angel untrieden.
Doropper stellt sech d’CSV nach aner Froe, wéi zum Beispill, wéi dat géif an d’Konzept vun enger Sendung passen, wou jo d’Haaptkontrahente géife géint eneen untrieden. Ausserdeem gëtt hannerfrot, wéi et zu dësem Sënneswandel komm ass.
E kuerze Bléck op d’Wahlresultater vun de Gemengewahlen 2011 weist, datt DP op 10 Memberen am Gemengerot an d’CSV souwéi déi gréng jeeweils op 5 komm sinn. Déi gréng bilden zesumme mat der DP déi aktuell Koalitioun an der Stad, woubäi d’DP d’Buergermeeschterin stellt. Bei enger Table Ronde vum RTL waren d’Haaptakteure vun all de Parteien, dorënner eben och de Serge Wilmes an d’Lydie Polfer, uwiesen. Dobäi huet de Serge Wilmes ënnert anerem gesot, datt d’CSV géif e sechste Member am Gemengerot ustriewen.
Mëttlerweil huet de Serge Wilmes laut Wort.lu dem RTL ofgesot.
Update (05.10.2017): Nei Informatiounen zur Ofso vum Serge Wilme bäigefügt