Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?
Neiegkeeten

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?

Lescht Joer ass eng Frëndin an en Altersheim koum. D’Fra ass nach

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
Neiegkeeten

Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit „Söbbeke Bio

RTL-Grupp bleift Lëtzebuerg verbonnen

RTL-Grupp bleift Lëtzebuerg verbonnen

No der ugekënnegter Restrukturatioun, déi Enn August annoncéiert gouf, war scho bekannt, datt et zu Aarbechtsplazverloschter komme géif. Véierzéng Deeg drop war ee fixéiert, an der RTL-Grupp (Bertelsmann), oder wéi et offiziell heescht der Konzernzentral, gi 95 Plazen ofgebaut.

Et ass fir den däitsche Konzern anscheinend méi profitabel (trotz engem Rekordgewënn vu wäit iwwer 400 Milliounen Euro am 1. Semester 2019) e Sozialplang ze organiséieren, wéi d‘Leit ze beschäftegen. Iwwert esou eng Astellung konnt ee sech beim OGBL wéineg bis guer net erfreeën. D‘Gewerkschaft huet dat ganz denoncéiert an och de Laurent Mosar (CSV) war „not amused“.

Zudeem gëtt et tëscht der Regierung an dem Trio: RTL-Grupp, CLT-UFA a Bertelsmann esou eppes wéi en „Deal“ an deem net nëmme festgehale gëtt, datt Lëtzebuerg – also de Steierzueler – als Géigeleeschtung fir den Erhalt vum „Lëtzebuerger Programm“ all Joers 10. Millioune bezilt, mee och datt d‘Konzernzentral hire Sëtz muss hei am Land hunn. Dorunner gëtt sech jo och gehalen.

En Dënschdeg huet dann de Kommunikatiounsminister Xavier Bettel, deem d‘Confidentialitéit vun dësem ominéise Bertelsmannn-Accord wichteg ass, firwat och déi Deputéiert dësen net dierfen agesinn, d‘Ofkommes a virun allem d‘Bäibehale vun der Konzernzentral bestätegt. Hien huet, ouni Detailer ze nennen, bestätegt datt d‘Konzernzentral trotz Aarbechtsplazofbau hei am Land bleift.

De liberale Premierminister huet dann awer och nach drop higewisen, datt weider Aktivitéite sollen entwéckelt ginn, wat „mëttelfristeg“ zu neien Aarbechtsplaze féiere sollt. Wéi eng Aktivitéiten dat sinn a wéi eng „Plus-value“ dat fir Lëtzebuerg soll bréngen, dat schéngt dann nees ënner déi genannt Vertraulechkeetsklausel ze falen. Ob dat de Gewerkschaften als „Berouegung“ duer geet?

Ähnlech Sujeten Aarbechtsplazofbau, Bertelsmann, CLT-UFA, Rekordëmsaz, RTL, RTL-Group, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel