Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
Kultur free vegas dating sites

https://moien.lu/hookup-4-securesaferoute/

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

bo3 zombie matchmaking
Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt
Kultur free vegas dating sites

Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt

Um Mëttwoch waren d‘Kroate geschockt, nodeems si live materlieft hunn,

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
Kultur free vegas dating sites

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion

Verluecht op den 28. Oktober 2020. D’Ticketen behalen hir Validéit.

De Gott vun der däitscher Comedy, Superstar vun der Spaassgesellschaft, witzegste Westfale säit dem Eugen Dewermann – esou géif sech de bescheidene Rüdiger Hoffman natierlech nimools selwer bezeechnen. Mee et notzt jo näischt: Et muss een der Wourecht an d’Ae kucken.

Scho säit Joerzéngte gehéiert de Paderborner zu den absoluten Top-Kënschtler an der Comedy-Zeen. D’Resultat vu senger Popularitéit si gëlle Schallplacken, een treie Milliounepublikum a souguer een Optrëtt am Virprogramm vun de Rolling Stones. An esou ass hien an de eschten 20 Joer erfollegräich mat 11 Bühneshow erfollegräich duerch d’Republik gegondelt.

Momentan begeeschtert den däitsche Komedien mam aktuelle Programm Ich hab’s doch nur gutt gemeint...Natierlech dierf och hei säin traditionellen Zugabeblock mat legendäre Klassiker net feelen. Vum Goethe sengem Faust bis hin zu Satisfaction vun de Stones liwwert den Hoffman ee ganze Pak un Comedy-Evergreens of.

Rüdiger Hoffmann

De Rüdiger Hoffmann, um 23. mäerz am Trifolion © Nadine Dilly

Mam Best Of vu sengem Schafe presentéiert de Paderborner zwou Stonne laang ee legendäre Comedy-Highlight nom nächsten. Mat dobäi sinn natierlech och déi beléift Figure Malte, Birte, Olaf a vill anerer. Méi geet net!

Nach net iwwerzeegt? Da kéint Iech dat hei ëmstëmmen: De Programm gëtt vun de Fans aktiv matbestëmmt! Demokratie pur, e bëssi wéi de Brexit mee mat engem méi lëschtegen Austrëtt. Um Rüdiger Hoffman senger Internetsäit konnt een nämlech fir déi perséinlech Liiblingsnummer ofstëmmen an esou d’Best Of Show gestalten. Et soll jo jiddwereen op seng Käschte kommen!

De Rüdiger Hoffmann trëtt um 23. Mäerz 2020 zu Iechternach am Trifolion op. Tickete kritt een a verschiddene Präiskategorien bei alle bekannte Virverkafsplazen, ënnert www.luxembourg-ticket.lu, www.kultopolis.com oder och der Telefonsnummer 47 08 951 oder 20 30 10 11.

Ähnlech Sujeten Best Of, Comedie, Iechternach, Laachen, Rüdiger Hoffmann, Show, Trifolion
Nächsten Artikel Virrechten Artikel