Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MELLOW x MAZ mat „Synergie“ – Esou gesäit Provokatioun aus!
Neiegkeeten

MELLOW x MAZ mat „Synergie“ – Esou gesäit Provokatioun aus!

Mam neie Rap-Song „Synergie“ vun de Lëtzebuerger Museker Mellow a

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)

D’Police „ka näischt maachen“. Den Telefonsubidder verdéngt nach gutt Geld um

USA: Sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch
Neiegkeeten

USA: Sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun den

En neie Stroossebelag fir d’Rue Demy Schlechter (29.-31.08.2020)

En neie Stroossebelag fir d’Rue Demy Schlechter (29.-31.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt vun e Samschdeg, den 29. August géint 7:00 Auer bis Méindes, den 31. August 2020 géint 5:00 Auer de Stroossebelag an der Rue Demy Schlechter nei gemaach gëtt. Doduerch kënnt et zu enger Rei Ännerungen am Verkéier.

Vum 29. August (7:00 Auer) bis den 31. August (5:00 Auer): Wärend den Aarbechten ass souwuel d’Zirkulatioun, wéi och d’Parken an der Rue Demy Schlechter an op der Kräizung mat der Rue du Cimetière an der Rue Nicolas Martha verbueden. Wärend de Fräseaarbechten um 29. August ass den Accès zu de Garage vun den Awunner garantéiert.

Vum 30. August (5:00 Auer) bis den 31. August (5:00 Auer): Wärend dem Leeë vum Tapis ass d’Rue Demy Schlechter an d’Kräizung mat der Rue du Cimetière an der Rue Nicolas Martha souwuel fir den normale Verkéier, wéi och fir d’Awunner gespaart. D’Stad Lëtzebuerg recommandéiert alle Persounen, déi an dëser Zäit hiren Auto brauchen, ausserhalb vun der concernéierter Zon ze parken.

Den Zirkulatiounssservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung vun den Ëmleedungen.

Ännerunge bei de Linnen 3/30, 5/6, 27 an 29 um Sonndeg

  • Virun 8:00 an no 23:00 Auer entfält den Arrêt L.T. de Bonnevoie vun der Linn 3/30. D’Haltestell gëtt ersat duerch den Neufchâteau. Tëscht 8:00 an 23:00 Auer bleift alles, wéi gewinnt;
  • D’Haltestelle Pont-Remy an Demy Schlechter vun der Linn 5/6 entfält a gëtt ersat duerch e provisoreschen Arrêt/Terminus an der Rue de Pont-Remy, op der Héicht zur Kräizung mat der Rue de Wiltz;
  • Den Arrêt Willibrord fält ewech a gëtt ersat duerch d’Haltestell Hippodrome (route de Thionville= fir d’Linnen 3/30, 27 an 29, wéi och vun engem provisoreschen Arrêt an der Rue Pont-Remy fir d’Linn 5/6.

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Aarbechten, Chantier, Ëffentlechen Transport, Neien Tapis, Rue Demy Schlechter, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebelag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel