Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch
speed dating corinthian glasgow https://moien.lu/dating-a-sniper/

india dating online free

Vum 8. September bis den 30. September erwaarden Iech 6 Kënschtler an der

dragon ball speed dating
speed dating corinthian glasgow https://moien.lu/dating-a-sniper/

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
speed dating corinthian glasgow https://moien.lu/dating-a-sniper/

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der

Rugby: Power, Teamgeescht an en ovalt Stéck Lieder

Fraerugby zu Lëtzebuerg

Rugby: Power, Teamgeescht an en ovalt Stéck Lieder

Fraesport ass oft net méi wéi e Randgruppenthema. Och wann sech de Fraefussbal am Land mëttlerweil etabléiere konnt, gëtt en wéi eng kleng Schwëster vum „richtege“ Sport behandelt. Dat gëtt der Saach net gerecht! Mee nach méi schwéier hunn et déi Fraen, déi a Sportaarten engagéiert sinn, déi nach kee grousse Publikum uschwätzen. Wéi zum Beispill de Rugby.

Ëmmer nach gëtt dëse Sport hei am Land en Hauch vun Exotik begleet. Kaum ee versteet d’Reegelen, mee de Sport gëtt ganz gären als onnéideg brutal ofgedoen.

De Rugby ass en Team Sport, wou Taktik wichteg ass

An éischter Linn en Teamsport

„Rugby ass e Kontaktsport, mee net méi geféierlech, wéi Fussball,” erzielt mer d’Corinne Brever, Kapitänin vun der Frae-Rugby-Mannschaft vu Walfer. „Vu bausse gesäit et scho méi brutal aus, wéi et wierklech ass. Et gëtt och gär vergiess, datt et e wierklech intensiven an ustrengenden Teamsport ass.” Et ass nëmmen ee vu ville Klischeeën, mat deenen d’Corinne Brever an hir Matspillerinnen ëmmer erëm ze kämpfen hunn. An déi riichte sech net nëmmen géint de Sport selwer, mee och géint si als Persounen an als Fraen.

Des Viruerteeler hu, wéi sou oft, wéineg mat der Realitéit ze dinn. Beim Rugby ziele Komerodschaft an Teamgeescht. Respekt gëtt grouss geschriwwen, op vis a vis vun de Matspiller, dem Referee oder dem Géigner. Et ass, wéi all Sportart, eng Schoul fir d‘Liewen. An de Spaass, dee kënnt do net ze kuerz!

Teamgeescht an Duerchsetzungsverméige si gefrot

Fakt ass och, datt sech d’Spillerinne net dese Spaass huele oder demotivéiere loossen. An den Erfolleg gëtt hinne Recht: Dräi Joer laang huet d’Mannschaft an der éischter Liga an der Belsch matgespillt. Mëttlerweil sinn se  erëm an der zweeter Liga. Mee d’Corinne Brever weess eis ze zielen, datt do den Niveau mëttlerweil staark geklommen ass.

De Rugby gëtt ëmmer méi populär

Dat läit och dorunner, datt de Sport selwer méi beléift ginn ass. Zënter der Weltmeeschterschaft a Frankräich 2007 huet sech och hei eng gewësse Begeeschterung fir de Sport entwéckelt. D’Medieninteresse huet deen Ament dofir gesuergt, datt vill Leit en éischte Kontakt mam Sport krut hunn. Datt sech lokal eng uerdentlech Expat-Communitéit néier gelooss huet, hëlleft do natierlech och. Woubäi gutt d’Halschent vun der Fraen-Equipe sech aus Lëtzebuerger zesumme setzt, esou d’Corinne Brever.

Mee trotzdeem feelt et hinnen u Leit. D’„Walfettes“ si grad zu 30, wat net ëmmer duergeet. Fir eng voll Equipe mat Reserve dobäi ze hunn brauch een 22 Leit, dat ass seelen de Fall, well ni jiddereen disponibel ass. Mee dat mam Nowuess ass do sou eng Saach, mengt d’Corinne Brever: „E Kontaktsport schreckt vill of. Mee et fënnt een der ëmmer erëm, déi sech dofir begeeschtere kënnen.” Vue datt d’lokal Zeen net riseg ass, kennt och jiddereen jiddereen. Mond zu Mond-Propaganda ass och noutwenneg, well d’lokal Medien sech éischt zeréck halen an nëmme punktuell Interesse weisen.

Grouss Visiounen

Dobäi huet d’Nationaléquipe am Moment erëm Grousses fir: Si preparéieren sech op d’7er Rugby d’Europameeschterschaft zu Kosice (Slowakei) an hoffen nach eng Kéier esou ee supert Resultat wéi 2016 ze bréngen. Hei spille 7 géint 7 Spiller op engem ganzen Terrain. An der belscher Liga gëtt 15er Rugby gespillt wou 15 Leit géint 15 Géigner gläichen Terrain spillen.

Vill Terrainen stinn dem Rugby zu Lëtzebuerg fir den Training leider net zur Verfügung: En natierlechen Terrain zu Walfer an en syntheteschen zu Zéisseng mussen hinne leider duer goen. Mee wann den Interesse klëmmt, kéint sech do nach eppes änneren.

Ween Interesse krut huet, d‘Traininge fannen zwee mol an der Woch zu Walfer um Terrain an der Rue de l‘Alzette statt. Jiddereen ass wëllkomm, egal wéi een Niveau se hunn.

Et fënnt een se och op Facebook an si per Mail ze erreechen.

Ähnlech Sujeten Fraerugby, Rugby, Sport, Walferdange
Nächsten Artikel Virrechten Artikel