Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn
Neiegkeeten

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet
Neiegkeeten

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet,

money
Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)
Neiegkeeten

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Europa, esou déi traureg Bestätegung vun engem laange Verdacht, ass

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL

Gutt Nouvelle fir all Schüler a Pendler dee d‘Eisebunn benotzt: ab dem Méindegmueren 4:00 Auer gëtt den Zuchtrafic op dréi Strecken nees opgeholl. Déi hate wéinst noutwennegen Aarbechten, un an ronderëm d‘Schinnenetz vun der CFL, iwwert d‘Ouschtervakanz misse gespaart ginn.

Betraff vun der Mesure waren d‘Linnen 10 (Lëtzebuerg-Ëlwen-Gouvy), 50 (Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel) a 60 (Lëtzebuerg-Esch-Rodange). Laut dem Service Kommunikatioun vun der CFL ass de gréissten Deel vun den Aarbechten esouwäit ofgeschloss, datt den Zuchtrafic nees wéi am Fuerplang uginn, kann opgeholl ginn.

Zu Schëffleng hu se net geträntelt

E vun den gréisste Chantieren haten d‘Equippen an d‘Sous-traitante vun der Eisebunn zu Schëffleng ze bewältegen. Hei sinn dräi Barrièren ofgebaut ginn, an duerch ënnerierdesch Passagen ersat ginn. Eng Moossnam, déi besonnesch den Automobilisten dierft entgéint kommen.

D‘Pose vun enger virgefäerdegt ënnerierdescher Passage den 2. Abrëll – deen d‘Liberatiounsstrooss mat der Drusenheim-Strooss verbënnt – war vun engem interesséierte Public aus sécher Distanz verfollegt ginn. Zudeem sinn nei Uewerleitungen opgeriicht ginn, an och d‘Fundament, fir déi nei Schallschutzmauer, ass erfollegräich an Termingerecht fäerdeggestallt ginn.

Et gëtt weider geschafft

Säitens der CFL heescht et dann och, datt ab muer de Moien d‘Zich nees hire normale Fuerplang ophuelen. Et gëtt dann awer explizit drop higewisen, dat dësen nëmmen ausserhalb de Spëtzestonnen an de Weekender kann agehale ginn. Dat läit dorunner, datt tëscht Lëtzebuerg a Schëffleng e Gleis (vun 8:30 bis 16:00 Auer) wéinst Aarbechte gespaart bleift.

D‘CFL weist dann och nach op déi kommend Chantieren hin, déi et néideg maachen deen een oder anere Streckenofschnëtt ze spären. Op der Linn 10 (tëscht Lëtzebuerg an Dummeldeng) an der Linn 30 (tëscht Lëtzebuerg an Éiter) bleift d‘Streck gespaart: den 28. an 29. Abrëll, de 5. a 6. Mee, an de 19. an 20. Mee.

Bei de Linne 60 an 90 si folgend Streckenofschnëtt vun der selwechter Mesure betraff: tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg, den 21. an 22. Abrëll; tëscht Beetebuerg a Esch-Uelzecht, den 5. a 6. Mee; tëscht Esch-Uelzecht a Rodange vum 19. bis 27. Mee.

Detailléiert Informatiounen zum Ersatzverkéier (Busser) fannen déi interesséiert Leit op der Internetsäit vun der CFL an der CFL-App (android system / apple ios).

Ähnlech Sujeten CFL, Chantieren, Eisebunn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel