Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mossul: Apokalyptesch Visiounen
is my hookup jealous Neiegkeeten

https://moien.lu/khayelitsha-dating-site/

Zerstéiert Gebaier, Ruinen a verloosse Gässele wou d’Läiche vun den

https://moien.lu/devotions-for-couples-dating/
is my hookup jealous Neiegkeeten

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer
is my hookup jealous Neiegkeeten

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

Dat weltwäit bekannten Event vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert

De Weekend hunn d‘Rumänen sech geweigert, de Verbuet vum gläichgeschlechtleche Bestietnes an der Verfassung ze verankeren. Si hu schlicht an ergräifend net um, vun der lénker Regierung ënnerstëtzte Referendum deel geholl. Dat nennt ee wuel „e Schlag matten an d‘Gesiicht“.

Fir datt de Referendum ka validéiert ginn, mussen sech mindestens 30% vun de Wieler um Vott bedeelegen. Laut dem zentrale Wahlbüro, hunn sech um Referendum – wou ee seng Stëmm ab Samschdeg konnt ofginn – grad emol 20,41% vun de Wieler bedeelegt.

Haut soll zwar trotzdeem d‘Resultat verëffentlecht ginn. Et ass dovunner auszegoen, datt de „Jo“ fir d‘Verfassungsännerung hei d‘Majoritéit erhält, mee déi politesch Acteuren, déi dëse Referendum an d‘Wee geleet hunn, sinn esou éierlech an hunn hir Néierlag schonn agestanen.

Boykott? Nee falsch Politik!

„Et ass en Echec fir d‘Rumänen a Rumänien“, esou de Generalsekretär vun der PSD (Sozial-Demokraten), Codrin Stefanescu, dee seng Matbierger beschëllegt eng biergerlech Demarche boykottéiert ze hunn. Datt de Referendum selwer a Fro gestallt ginn ass, koum him net an de Sënn.

Dofir erënnere mir kuerz dorunner, datt de Referendum vun ONGen initiéiert ginn ass, déi der Iwwermuecht „orthodox Kierch“ ganz no stinn. Déi hunn sech an enger „Koalitioun fir d‘Famill“ zesummegedoen, an 3 Milliounen Ënnerschrëfte géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes erhalen.

Um Enn hunn sech awer vun den 19 Millioune Wieler, grad emol 3,7 Millioune fir de Referendum „interesséiert“. De Fundamentalist a President vun dëser homophober Koalitioun, Mihai Gheorghiu: „Mir hunn eist Zil net erreecht, mee dat ass da fir déi nächste Kéier“. Intoleranz vum feinsten.

Interessant dann och de Constat, datt ausser der LGBT-Communautéit, ganz vill Organisatioune vun der Zivilgesellschaft, sech fir e Boykott vun dësem Referendum ausgeschwat haten. D‘Associatioun „Accept“, déi sech fir d‘Rechter vu sexuelle Minoritéiten asetzt, huet d‘Néierlag begréisst.

„Dat ass e Resultat dat däitlech mécht, dat d‘Wielerschaft sech fir den europäesche Parcours vu Rumänien, an déi demokratesch Wäerter entscheet huet“, heescht et an engem Communiqué vun der Associatioun. Si hate massiv bei de Memberen an der Zivilgesellschaft zum Boykott opgeruff.

Reliéise Wahnsinn?

D‘Koalitioun vun de reliéise Fundamentalisten hat opgeruff, an der Verfassung festzehalen, datt nëmmen „ee Mann an eng Fra“ sech dierfen „zesummendoen“. Et soll net méi „Koppel“ dierfe genannt ginn, wat eng Zouso un dat gläichgeschlechtlecht Bestietnes wier.

Elo huet datt déi grouss Majoritéit vun de Rumänen net iwwerzeegt, zudeem déi och nach veriergert sinn, well hei d‘Geld aus de Fënstere geworf ginn ass, wou et op aner Plaz dréngend benéidegt gëtt. Si hunn et och net gutt fonnt, wéi sech géintiwwer homosexuelle Mënschen ausgedréckt ginn ass.

„Et soll een et jidderengem iwwerloossen op hie sech bestuede wëll oder eben och net, an dat ouni déi sexuell Orientéierung a Fro ze stellen“, erzielt eis déi pensionéiert Ileana Popescu, déi grad aus der Sonndesmass komm ass. Och si huet de Referendum kritesch begleet a boykottéiert.

Opportunismus?

Wat elo de „Fong“ betrëfft, esou dierft dës Consultatioun zu kenger Verännerung féieren. Fakt ass, datt déi rumänesch Legislatioun, d‘Bestietnes tëscht Mënsche vum gläiche Geschlecht net erlaabt. Eng Verfassungsännerung hätt awer dëse „Verbuet“ fir eng Éiwegkeet verankert.

Interessant am Fall vu Rumänien: et sinn d‘Sozialdemokraten (am Géigesaz zu Rescht-Europa), déi sech als Vertrieder vun enger reliéiser Koalitioun zur Verdeedegung vun der „traditioneller Famill“ virgestallt hunn. Net aus Iwwerzeegung, wéi der vill et mengen, mee aus rengem Opportunismus.

Laut dem Soziolog, Geli Duminica, ass et der Bedeelegung un der Campagne duerch d‘PSD geschëlt, datt d‘Wieler sech „zréckgehalen“ hunn. Et ass der „Aggressivitéit déi d‘Campagne begleet huet“ zouzeschreiwen, datt sech d‘Rumäne vum Referendum ewechgehalen hunn.

Eng riskant Politik

Déi rumänesch Sozialdemokraten, esou eng Erklärung, hätten op de Referendum gewett, fir dat ländlecht a konservatiivt Rumänien nees mobiliséiert ze kréien. D‘Häerz vun hirem Elektorat souzesoen. Ugesiichts engem enorme Verloscht u politeschem Zousproch, eng gutt Erklärung.

Hei muss drop higewise ginn, datt der PSD scho méi laang de Virworf gemaach gëtt, sech am Kampf géint d‘Korruptioun falsch ze positionéieren. Dat si zudeem d‘Kontroll iwwert d‘Justiz hunn, gëtt vu enger ëmmer gréisserer Mass a Fro gestallt.

Et waren dann och déi Verantwortlech vun der lénker Majoritéit, déi e Samschdeg mam gudde Beispill virgaange sinn, an d‘Wahlbüroen opgesicht hunn. Esou wéi et d‘Regierungscheffin Viorica Dancila, an dem allmächtege PSD-Leader Liviu Dragnea androcksvoll virgemaach hunn.

„Meng orthodox Erzéiung, meng traditionell Erzéiung, alles dat deet mech ‚Jo‘ soen. Esou gesinn ech d‘Kontinuitéit vun dësem Vollek“, huet de Liviu Dragnea deklaréiert. Hie mengt: „Rumänien sollt et net de Länner gläich maachen, déi d‘Bestietnes tëscht Mënsch an Déier zouloossen“.

Säi Vollek „beléien an ausraiberen“ datt ass OK. Woubäi de Chef vun de Sozialdemokraten haut viru Geriicht steet, wou hien an Appell gaange war, well hien an éischter Instanz schëlleg befonnt ginn ass, fiktiv Beschäftegungen ugemellt ze hunn. Dofir hat hien 42 Méint feste Prisong erhalen.

An zu Bréissel, huet an innerhalb den europäeschen Institutioune vill Kritik a wéineg Zoustëmmung fir de rumänesche Referendum ginn. D‘EU-Kommissioun huet et esouguer fir noutwenneg befonnt, Bukarest u seng Engagementer am Kader vun de Mënscherechter ze erënneren.

mam Mihaela Rodina/AFP

Foto: Et huet zu Bukarest kee Gedrécks a de Wahlbüroe ginn. Den Appell zur Bedeelegung um Referendum, mat deem de Verbuet vum gläichgeschlechtleche Bestietnes sollt an der Verfassung verankert ginn, ass – mat Ausnam vun de reliéise Fundamentalisten – schlicht boykottéiert ginn. © Daniel Mihailescu/AFP

Ähnlech Sujeten gläichgeschlechtlecht Bestietnes, Liviu Dragnea, Referendum, Rumänien, Viorica Dancila
Nächsten Artikel Virrechten Artikel