Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltonguesurprise
D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt
International Stories

D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt

Déi katalanesch Parteie fir d’Onofhängegkeet hunn um Freideg hir Lëschte

Technesch Problemer fir den Dylan Pereira um Sachsenring
International Stories

Technesch Problemer fir den Dylan Pereira um Sachsenring

Wann de Porsche Mobil 1 Supercup „Vakanz mécht“ da bedeit

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China
International Stories

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an den USA (2016), sinn dausende Message vun den Demokrate vu russeschen Agente piratéiert an am Internet verëffentlecht ginn. Dat wier, esou d‘Hillary Clinton, eng vun den Ursaachen, firwat him den Zougang zum Wäissen Haus verspaart bliwwe wier.

Säit e Freideg weess een dann elo méi iwwert d‘Aart a Weis, wéi déi russesch Agente virgaangen si fir am Ganzen, eppes iwwer 300 Leit vun der demokratescher Partei an dem Wahlteam vum Hillary Clinton auszespionéieren. Eng vun de „Facetten“ déi als russesch Amëschung an de Wahlkampf ze betruechte sinn, nieft den Operatiounen zur Desinformatioun an de sozialen Netzwierker. Faiten déi vum US-Kongress an dem Geheimdéngscht rezent detailléiert gi waren.

De Robert Mueller, de spezielle Procureur dee mat der Enquête vun der russescher Amëschung an de Wahlkampf beoptraagt ass, huet e Freideg 12 russesch Agenten an dësem Dossier ugeklot. Hie beschreift op 29 Säiten, wéi se hei virgaange sinn. Et soll sech konkret ëm zwou Equippe vun Hacker handelen, déi fir oder am Optrag vum russesche Militärgeheimdéngscht (GRU) vu Moskau (20 Komsoloskaya) a Khimki (22 Kirovskaya) aus operéiert hunn.

Piratage a Phishing

De 19. Mäerz 2016 huet ee vun den ugeklote Russen, e falsche Message op déi perséinlech Gmail-Adress vum John Podesta (67), President vum clintonsche Wahlteam, geschéckt. De Message war camoufléiert an hat den Uschäi vun enger Sécherheetsmatdeelung vu Google, wat den Tatbestand vum „Phishing“ erfëllt. Hie klickt de link an der Email un, gëtt op eng täuschend echt Internetsäit weidergeleet, a gëtt säi Passwuert an, wouduerch de GRU Zougank zu senger Messagerie erhält.

Iwwer Méint sinn déi russesch Hacker domatter beschäftegt sech an d‘Geheimnisser vum Ëmfeld vun der Kandidatin Clinton anzeschaffen. Si leeën e falsche Kont am Numm vun engem vun den Team-Memberen un, a kréien esou nach eng 30 vu dësem senge Kollegen an d‘Fal gelackelt, dat mat engem Link zu engem Excel-Fichier. A wann et bis gutt leeft, huet ee kee Grond opzehalen…

Et sinn och aner Instanze vun den Demokraten ugegraff ginn. Onbewosst gehollef, huet e Salarié vun enger demokratescher Organisatioun (DCCC). Affer vum Phishing, war hien d‘Entréesdier zu de Server vun der demokratescher Partei (DNC). D‘Hacker hunn uschléissend „Malware“ op 33 Computer installéiert, wouduerch si „Screenshots“ ausféiere konnten an d‘Uschléi op der Tastatur „matgeschriwwen“ hunn. Esou konnten si Méintelaang no Date sichen an déi ofgräifen.

Et ass opgefall…

Am Mee 2016 fält et der Partei op, datt si piratéiert ginn ass an „intervenéiert“. Net all „Virus“ gëtt fonnt, an e puer bleiwen onentdeckt bis an den Oktober. Déi russesch Hacker hunn sech gedëlleg gewisen, an ëmmer de passende Moment ofgewaart, fir déi geklauten Dokumenter ëffentlech ze maachen. Et ass eréischt den 8. Juni, wou de Site „DCLeaks.com“, deen indirekt opgebaut ginn ass fir den Hacker hir Identitéit ze verschleieren, éischt Fichieren online stellt.

Si stinn dann och hannert dem Avatar Guccifer 2.0, deen sech als Rumän ausgëtt a behaapt hannert dem Piratage vun der demokratescher Partei ze stoen. Nach besser, si benotzen e bekannten Numm: WikiLeaks (an der Uklo vum Robert Mueller als „Organisatioun 1“ bezeechent). Enn Juni an Ufank Juli, kontaktéiert WikiLeaks Guccifer 2.0 a freet „alles wat mat Hillary ze dinn huet“, wouduerch de Pirat encouragéiert gouf, seng Informatioune virum Konvent am Juli ze iwwerdroen.

Zu gudder Lescht ass et dann och WikiLeaks, vu wou aus dausende Messagen – dräi Deeg virum Konvent deen zu Investitur vum Presidentschaftskandidat sollt féieren – an d‘Ëffentlechkeet gelaangt sinn. Dat hat zur Demissioun vun der Parteipresidentin gefouert, déi iwwert e puer intern „Geheimnisser“ gefall ass. Et war och WikiLeaks, déi am leschte Mount (Oktober 2016) vun der Campagne, 50.000 Message vum John Podesta ëffentlech gemaach huet.

D‘Konsequenzen

D‘Kandidatin vun den Demokraten, Hillary Clinton, huet no hirer Néierlag ëffentlech ausgesot, datt si d‘Presidentin vun den Amerikaner gi wier, wann et net zu wou „onerwënschten“ Interventioune komm wier. Déi vum fréiere FBI-Chef James Comey (vum Trump entlooss) deen, esou d‘Meenung vum Hillary Clinton, just virum Vote onnéideg op d‘Enquête zur Notzung vun der privater Email-Adress higewisen huet, wéi si nach d‘Mandat als Ausseministesch ausgefouert huet.

Eng Messagerie déi – esou zumindest déi lescht Erkenntnisser – net vu russeschen Agenten oder Hacker piratéiert ginn ass. „Ech war um Wee vun der Victoire, bis de Bréif vum James Comey den 28. Oktober an de russesche WikiLeaks, an de Käpp vun deene Leit Zweiwel erwächt huet, déi eigentlech mech wiele wollten. Si hunn et mat der Angscht ze di kritt“, esou de Statement vum Hillary Clinton am Mee 2017.

D‘Hillary Clinton ass a bleift dann och iwwerzeegt, datt et zu Kontakter tëscht dem Donald Trump sengem Wahlteam an de Russe komm ass. De Milliardär huet dës Virwërf ëmmer vu sech gewisen, an d‘Behaaptunge vum Hillary Clinton als „Fiktioun“ duergestallt. Et ass dann och esou, datt aus den 29 Säiten déi de Procureur Robert Mueller virgeluecht huet, näischt drop hiweist, datt den Donald Trump oder säi Wahlteam tatsächlech mat de Russen zesummegeschafft hätten.

mam Ivan Couronne/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Hacker, Hillary Clinton, Russland, US-Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel