Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Prisong fir den australesche Kardinol Pell
app to see how long you've been dating Neiegkeeten

best american dating sites

Um haidege Mëttwoch huet d‘Geriicht zu Melbourne, ënnert dem Virsëtz

https://moien.lu/dating-apps-lists/
dating site hacker
app to see how long you've been dating Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum
app to see how long you've been dating Neiegkeeten

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Woubäi dat Wuert „Schwämm“ sech fir dësen imposante Bau an

Den Iran am Mëttelpunkt vum Russesch-amerikanesche Sommet zu Sochi

Mike Pompeo: „Kee Mënsch huet d‘Absicht e Krich ze féieren“

Den Iran am Mëttelpunkt vum Russesch-amerikanesche Sommet zu Sochi

Et war déi éischt Entrevue op russeschem Buedem tëscht dem US-Ausseminister Mike Pompeo an sengem russeschen Homolog, Sergey Lavrov. E klengen an kuerze Sommet bei deem den Dissens tëscht den USA an dem Iran ganz uewen op der Dagesuerdnung gestanen huet.

D‘USA, déi zum engem dat 2015 erstallten Atomofkommes zerrappt hunn, an sech virgeholl hunn de Regime ze stierzen, wëllen nieft weidere Sanktiounen, de Länner op der Welt – dorënner och Russland a China – verbidden sech mat Pëtrol aus der islamescher Republik anzedecken. Dat awer gesäit een zu Moskau eppes differenzéiert, an och d‘Chinesen dierften sech deem entzéien.

Interessant an dësem Kontext dann den diplomatesche Kurs deen d‘USA an der Persoun vum Mike Pompeo ageschloen hunn. Esou huet den US-Ausseminister, ouni eng Minn ze verzéien, behaapt: „Mir striewe grondsätzlech kee Krich mam Iran un. (…) Mir wëllen, datt sech den Iran wéi ee normaalt Land verhält. Wann US-Interessen ugegraff ginn, musse mir eis entspriechend wieren“.

Humor ass wann een trotzdeem laacht

Dat et grad d‘USA sinn, déi vum Iran erwaarden sech wéi „ee normaalt Land ze behuelen“ ass dat wat een allgemeng als „Trappewitz vun der Geschicht“ bezeechent. Et ass schliisslech net den Iran deen der Welt seng „Geschäftsbedingungen“ opzwénge wëll an et sinn och net d‘Ajatollahen, déi een zur Verantwortung fir déi sëlleche Konflikter am noen Oste kann erunzéien. D‘USA schonn…

Esou verwonnert et net, datt den Ajatollah Ali Chamenei, sengersäits bestätegt, net un engem Krich mat den USA interesséiert ze sinn, een den Ament allerdéngs net agesäit, firwat ee sech mat engem, dem Vertrauen onwierdege Gespréichspartner sollt un de Verhandlungsdësch setzen. Ëmmerhin hat Teheran sech un d‘Atomofkommes gehalen. Hei spillt d‘Allianz mat Saudiarabien awer eng Roll.

Den Iran (Schiitesch) a Saudiarabien (Sunnitesch) sinn Äerzfeinden, an droen alle béid derzou bäi, datt et an der Regioun ëmmer nees zu Konflikter kënnt. Tatsächlech ass et esou datt béid Länner jeeweils ëmmer, déi hirer reliéiser Ausriichtung ugepassten Terror-/Rebellegruppen ënnerstëtzen. An dorunner wäert sech esoubal näischt änneren, zumindest net mat der aktueller US-Aussepolitik.

Moskau net gewëllt d‘Atomofkommes opzeginn

Elo ass et dann och nach esou, datt d‘Diplomatie tëscht Russland an den USA schonn emol besser ausgesinn huet. Dat huet sécher domatter ze dinn, datt den Trump dank dem Afloss vu Moskau op d‘Presidentschaftswahl 2016 zum President gewielt ginn ass, mee een esou eppes onméiglech kann zouginn. An et huet mat geostrategeschen Interessen (Ukrain/Syrien/Nordkorea) ze dinn…

An esou huet de Sergey Lavrov onverblimmt sengem Géinteniwwer virgeworf, ouni Nout e ganz gutt Ofkommes bei der Däiwel gekéiert an d‘Welt un de Rand vun engem globale Konflikt bruecht ze hunn. Hien huet dem Mike Pompeo verdäitlecht, datt Moskau zesumme mat China an den EU-Signataire um Ofkommes festhalen. Vun den US-Sanktiounen ass de Russ och net iwwerzeegt.

An der tëscht stellt Washington seng Truppen op

Interessant un der Trump-Regierung, si erzielt eng „Geschicht“ mee handelt no engem ganz aneren Zeenario. Oder kann een eeschthaft engem Mike Pompeo „friddlech Absichten“ géintiwwer dem Iran ënnerstellen, wann de Pentagon zum gläichen Zäitpunkt Truppen an d‘Regioun verleet. Dozou gehéieren d‘USS Abraham Lincoln mat senger Bomberstaffele, a bis zu 120.000 Zaldoten.

Dës Truppeverlagerung stellt eng vun de militäreschen Optiounen duer, déi sech Washington am Kontext vun enger Bedreeung vun den am persesche Golf stationéierten US-Zaldoten, virbehält. Woubäi Washington sech net op e Konflikt astellt, deen duerch en méiglechen Ugrëff erbäigefouert kéint ginn. D‘USA si bereet unzegräifen, wann d‘Iraner den Atomwaffeprogramm weiderféieren.

Aus dem US-Verdeedegungsministère gouf weder bestätegt nach dementéiert, datt de Patrick Shanahan, de kommissareschen US-Verdeedegungsminister, dem Trump e Plang virgeluecht huet, an deem den Asaz vun 120.000 Mann géint den Iran virgesi sinn. Den US-President bezeechent d‘Rumeuren als „Fake News“, fir gläichzäiteg ze behaapte bereet ze sinn Zaldoten anzesetzen.

Ënnerschiddlech Usiichten och bei Venezuela

E weidere Sujet zu deem Moskau a Washington diametral opposéiert „Interessen“ hunn: Venezuela. Cool wéi iwwerzeegt den US-Ausseminister vu sech ass, wann hien dem Russ d‘Fuerderung virleet sech aus dem Sträit tëscht den USA a Venezuela erauszehalen. Moskau a Kuba, déi vum Mike Pompeo als déi haaptsächlech Ënnerstëtzer vum Nicolas Maduro betruecht ginn, goufe gewarnt…

A wann ee scho bei „Warnungen“ ass, déi sech komescher Weis beim US-Ausseminister ëmmer wéi eng Bedreeung unhéieren, där hat de Mike Pompeo der genuch am Gepäck. Hien huet dann och dem Lavrov geroden sech aus der US-Wahl 2020 erauszehalen, well sollt et op e neits zu enger Beaflossung vun der US-Politik kommen, da misst een déi bilateral Bezéiung nees iwwerdenken.

mat indymedia/mow/nyc

Illustratioun: Peggy & Marco Lachmann-Anke

Ähnlech Sujeten Iran, Mike Varnier, Russland, Sergueï Lavrov, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel