Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Honnertste Gebuertsdag vum Här Leopold Schlim
https://moien.lu/strangest-dating-sites/ Stories

https://moien.lu/dating-at-age-40/

Um 26. Oktober 2018 huet den Här Leopold Schlim am

https://moien.lu/free-christian-dating-sites-in-south-africa/
destiny 2 trials of the nine matchmaking
https://moien.lu/strangest-dating-sites/ Stories

Taxi: Mäi Präis, däi Präis an de Client ka kucke wou ee bleift

Taxi fueren zu Lëtzebuerg ass alt esou eng Saach, besonnesch

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien
https://moien.lu/strangest-dating-sites/ Stories

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Et hat et laang a breet ugekënnegt, elo huet de

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot

Den US-Sonner-Procureur dee mat der Enquête beoptraagt ass, eng méiglech Amëschung vun de Russen an déi amerikanesch Wahlcampagne opzeklären, huet ee Méindeg dräi fréier Membere vum Trump-Team ugeklot. Dorënner och de fréieren Direkter Paul Manafort an e Beroder deen zu senge Kontakter mat Russland gelunn huet.

Et sinn datt déi strofrechtlech Poursuitte vum Procureur Robert Mueller. Déi loossen dann och erkennen, datt et am Dossier virugeet, dat elo e puer Deeg virum Gebuertsdag vum Donald Trump. An d‘Fro op oder op net, d‘Equipe vum republikanesche Milliardär sech vu Russland hëllefe gelooss huet fir op d‘Presidentschaftswahl anzewierken, schéngt Äntwerte fonnt ze hunn.

Duerch d‘Entwécklunge vum Méindeg, sinn d‘Verdachtsmomenter esouwuel gestäerkt wéi geschwächt ginn. Ugeklot goufen de Paul Manafort an de Richard Gates, géint déi de Robert Mueller 12 Accusatioune formuléiert huet. Dorënner: Komplott géint d‘USA, Blanchiment, falsch Ausso a Geheimhaltung vun Auslandskonten.

An der Uklo-Schrëft vun 31 Säiten ass dann awer net ze erkennen, datt et tëscht der Equipe vum Kandidat Trump an de russeschen Autoritéiten eng Kollusioun soll ginn hunn.

Déi aus dem Schied trieden

Dat ass dann awer nëmmen déi eng Säit vun der Mënz. Penibel nämlech gëtt et fir den US-President, wéinst den Erkenntnesser déi ee vu senge fréiere Beroder den Enquêteure ginn huet. Bis ewell am Schied bliwwen, huet den George Papadopoulos sech schëlleg bekannt, d‘Beamte vum FBI belunn ze hunn.

Hie war am Team vun der Campagne beoptraagt sech ëm d‘Froen zu der Aussepolitik ze këmmeren. Am Kader vun der Enquête huet de Papadopoulos dunn awer versicht seng Kontakter mat russeschen Intermediairen ze verstoppen. Déi haten him awer d‘Informatioun zoukomme gelooss, datt Moskau iwwer „Material“ verfüügt mat deem dem Hillary Clinton geschuet konnt ginn.

An d‘Kandidatin vun den Demokrate verséchert dann och, datt eng vun de Grënn fir seng Néierlag, d‘Verëffentlechung vun e sëllechen e-Mails, esouwuel vun der Partei wéi och vu Leit aus sengem Ëmfeld waren. D‘Hillary Clinton huet dann och behaapt, datt et russesch Internet-Pirate misste gewiescht sinn déi sech déi Date gegraff haten. E Fait deen och weiderhi vu Moskau dementéiert gëtt.

Den Trump bestreit d‘Kollusioun

Mat senge Ligen a falschen Aussoen „huet de Papadopoulos d‘Enquête vum FBI behënnert an d‘Existenz vu Verbindungen oder méiglechen Ofsproochen tëscht Leit, déi mat der Campagne associéiert waren an der russescher Regierung verschweigt“, ënnersträicht de Procureur Robert Mueller.

Nodeems sech de Manafort an de Gates um Méindegmueren dem FBI gestallt haten, hunn se am Nomëtteg zu Washington virun der federaler Riichterin „net Schëlleg“ plaidéiert. D‘Magistratin Deborah Robinson huet béid Männer dann awer ënner Hausarrest gestallt. Um Donneschdeg soll et dann eng Audienz ginn, bei där entscheet gëtt op se op fräiem Fouss kënne bleiwen.

An vum US-President koum dann och schnell eng éischt Reaktioun, dat wéi gewinnt via Twitter. Do behaapt den Donald Trump, datt alles wat dem Paul Manafort hei virgeworf gëtt, Joren zréck läit. „Et gëtt keng Kollusioun!“ schreift de Locataire vum Wäissen Haus am Tweet. Richteg ass, datt de Paul Manafort d‘Equipe vum Milliardär am Mäerz 2016 integréiert huet. Schonn ee puer Méint méi spéit huet hien dunn awer misse säi Posten opginn.

„Firwat sinn d‘Hillary Clinton, déi Crapule an d‘Demokraten net viséiert?“ iergert sech den US-President op Twitter.

(Ze) vill Geld am Spill

D‘bekannt gi vun den Ukloe, steet am grousse Kontrast zu de sechs Méint grousser Geheimhaltung, déi d‘Enquête bis ewell begleet huet. Allerdéngs huet de Sonner-Procureur an dësem Dossier e gréisseren Handlungsspillraum a virun allem eng geséchert Onofhängegkeet.

Géint de Manafort an de Gates sinn et dann och haaptsächlech déi net deklaréiert Aktivitéiten als Lobbyisten, dat zu Gonschte vum fréiere prorusseschen ukrainesche President Viktor Ianoukovitch, déi d‘Justiz beschäftegen. Ëmmerhi sinn iwwer 75 Milliounen US-Dollar iwwer „offshore“ Konte gefloss, déi vu béide Männer geréiert goufe. Eleng de Paul Manafort soll esou 18 Milliounen US-Dollar wäissgewäsch hunn.

Laut der Ukloschrëft hätten dës „Transaktiounen“ dem Manafort erlaabt op groussem Fouss ze liewen. Hien hätt sech esou e puer luxuriéis Proprietéite kënnen zouleeën. Virwërf déi vum Kevin Downing, dem Manfaort sengem Affekot, als lächerlech duergestallt ginn. Wat dem Beschëllegten seng Aktivitéite mat der Ukrain betrëfft, esou wieren déi zwee Joer iert hien sech dem Trump-Team ugeschloss hätt, eriwwer gewiescht.

De Papadopoulos war e Benevollen

Dës Ukloen hunn „näischt mam President a näischt mat der Campagne ze dinn“, seet d‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Huckabee-Sanders. Wat den George Papadopoulos géif ugoen, esou misst een hei relativiséieren, insistéiert d‘Spriecherin. Dat wier e Benevolle gewiescht „dee just e Member vun engem ganz klenge consultative Comité“ war.

Zudeem ass d‘Sarah Huckabee-Sanders iwwerzeegt dovunner, datt de Sonner-Procureur seng Enquête ganz schnell géif ofschléissen. Wat dëse Schluss zouléisst huet d‘Spriecherin net gesot. Am Kongress huet den demokratesche Senateur den Trump allerdéngs gewarnt: „et wier absolut inakzeptabel falls hien, esou wéi d‘Verfassung et erlaabt, vu sengem Recht op Begnodegung géif gebrauch maachen“.

Et geet also elo emol virun, och wann den Zäitpunkt – kuerz virum Anniversaire vun der Wal vum Trump zum President den 8. November 2016 – Froen opwërft. Och d‘Tatsaach, datt haut am Kongress d‘Auditioune vun de Verantwortleche vu Facebook, Twitter a Google virun de parlamentaresche Kommissiounen, déi sech mat den Russland-Dossiere beschäftegen, muss een am Zesummenhang mat der Enquête gesinn.

Déi Verantwortlech bei Facebook, Twitter a Google sollten haut Erkenntnesser doriwwer liwweren, datt de Versuch vun der politescher Manipulatioun, duerch d‘Interesse vu Moskau, an de sozialen Netzwierker, während de Campagne 2016 wiesentlech méi Vaste war, wéi dat bis heihinner ëmmer gären duergestallt ginn ass.

mam Sébastien Blanc an dem Cyril Julien/AFP

Foto: De Sonner-Procureur Robert Mueller, hei en Archivbild vun 2013, huet elo eng éischt Rei un Ukloe virbereet. Op de Paul Manafort, de Richard Gates an den George Papadopoulos ze verzerteele sinn, bleift ofzewaarden. © Alex Wong/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, George Papadopoulos, Paul Manafort, Richard Gates, Robert Mueller, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel