Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi
Fail International https://moien.lu/write-the-best-dating-profile/

is ksi dating seana

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

money
Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen
Fail International https://moien.lu/write-the-best-dating-profile/

Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen

Europa huet dem Donald Trump säin eesäitege Réckzuch aus dem

Patronage vun der Orange Week
Fail International https://moien.lu/write-the-best-dating-profile/

Patronage vun der Orange Week

Nodeems dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, wéinst dem méigleche Patronage vun

dislike

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“ an der Geschicht vun de Vergeltungsmoossname vum „Westen“ ugekënnegt. Dat als Äntwert op d‘Vergëftung vun engem fréiere Spioun. Domatter si mir nees am „kale Krich“ ukomm.

Alles an allem, sollen an 22 Länner mindestens 114 russeschen Diplomaten erausgehäit gi sinn. 16 Diplomaten hunn d‘EU misse verloossen. Moskau denoncéiert eng Provokatioun a versprécht eng ugemoossen Äntwert. Et wier een am Kreml och bereet, nei Sanktiounen ze riskéieren.

Zur Vergëftung vum Duebel-Agent: „Russland huet näischt an hat ni eppes mat dëser Affär ze dinn“, widderhëlt sech de Spriecher vum Kreml.

Bis ewell féieren d‘USA de Mouvement, mat 60 ausgewise „Spiounen“ (48 russesch Agenten aus verschidden US-Missiounen an 12 Agente vun der russescher Ambassade bei der UNO) an dem Zoumaache vum Konsulat zu Seattle. Woubäi de Geste hei sech op d‘Proximitéit vun enger U-Boot Basis bezitt.

Ongebremsten Äifer

D‘Konsequenz mat där Washington géint Russland virgeet, ass dann awer och dee gréisste Beweis u Solidaritéit géintiwwer London, zanter der Vergëftung mat engem Neurotoxin vum Sergueï Skripal a senger Duechter Ioulia. Bedenklech, wou den Donald Trump soss beméit ass, méi beduecht mat Russland ëmzegoen.

De russeschen Ambassadeur Anatoli Antonov, huet de Schlag géint déi russesch Präsenz an den USA, esouwuel aus quantitativer wéi qualitativer Siicht, bedauert. Op Sputnik huet den Ambassadeur ausgesot, datt Washington de Rescht vun der russesch-amerikanescher Relatioun zerstéiert huet.

Aus dem Wäissen Haus heescht et: „D‘USA si bereet ze kooperéieren, fir eng besser Relatioun mat Russland opzebauen. Dat kann awer nëmme geschéien, wann déi russesch Regierung hir Astellung iwwerdenkt“.

D‘EU mattendra statt just derbäi

Zu Bréissel huet de President vum EU-Rot, Donald Tusk, gewarnt, datt no dëser ofgeschwater Operatioun „weider Ausweisungen net ausgeschloss sinn“. De Chef vun der däitscher Diplomatie, Heiko Maas, ënnersträicht: „Säit dem zweete Weltkrich, ass fir d‘éischt eng chemesch Waff an Europa agesat ginn“.

Däitschland, Frankräich a Polen hunn jeeweils véier russesch Diplomaten opgefuerdert „ze goen“. Deem hunn sech déi baltesch Länner, Ungarn awer och Spuenien ugeschloss. D‘Ukrain, säit 2014 am Konflikt mat pro-russesche Separatisten, huet 13 Diplomaten aus dem Land verwisen.

Aner NATO-Memberlänner hunn eng Rei Persounen als „onerwënscht“ erkläert. Island huet sengersäits, an entgéint der Entscheedung vu London, en diplomatesche Boykott vun der Fussballweltmeeschterschaft a Russland ugekënnegt.

Begeeschterung bei der britescher Regierung

Groussbritannien, dat schonn 23 russesch Diplomaten ausgewisen huet, huet déi grouss Solidaritéit vu sengen Alliéierte mat grousser Begeeschterung notéiert. An de Boris Johnson zefridden: „Et ass dat déi gréisste Moossnam un Ausweisunge vu russeschen Diplomaten an der Geschicht“.

Fir d‘Premierministesch Theresa May, misst mat dësem „Message“ u Moskau, de Russen elo kloer sinn, datt si sech net méi um internationale Recht vergoe kënnen. De Beweis, datt déi russesch Regierung hannert dem Uschlag op den ex-Spioun stécht, ass nach net erbruecht ginn.

A bis dohinner hat sech och den US-President manner kategoresch gewisen. Seng Felicitatiounen, déi lescht Woch un de Vladimir Putin, fir dat exzellent Wahlresultat, war an den USA kritesch opgeholl ginn. Den Donald Trump deem de Sujet eppes ze delikat ass, setzt op eng Entrevue am Kreml-Chef, fir de kale Krich ze verhënneren.

„Sech gutt mat Russland (an anerer) verstoen, dat ass eng gutt Saach, keng schlecht“, esou d‘Rechtfäerdegung vum Republikaner. Säi Verspriechen, d‘USA a Russland nees méi no zesummenzebréngen, ass awer duerch de Verdacht op Kollusioun bei der Campagne 2016 schonn ënnert d‘Rieder geroden.

Motivéiert US-Politiker

Mee d‘Volleksvertrieder am US-Kongress, egal op Demokrat oder Republikaner, déi e méi „haarden Toun“ géintiwwer Moskau verlaangen, schéngen den Donald Trump „op Linn“ bruecht ze hunn.

Aus dem State Department heescht et dann och: „Mir ergräifen dës Mesurë fir eis onvergänglech Solidaritéit mat Groussbritannien ënner Beweis ze stellen, a Russland seriö Konsequenze fir déi stänneg Violatioune vun den internationalen Normen opzëerleeën“.

Eng Ausso déi esou vun engem fréieren US-Ambassadeur zu Moskau (ënnert dem demokratesche President Barack Obama), Michael McFaul, groussen Zousproch erhalen huet. An och de fréieren Diplomat Nicholas Burns, deen ënnert dem George W. Bush gedéngt huet, begréisst „déi gutt Entscheedung“ a bedauert, datt et net de President war, deen se annoncéiert huet.

Fir de Michael Carpenter, vum Thinktank Atlantic Council, ass et awer ee staarke Message, deen duerch d‘Koordinatioun tëscht béide Säite vum Atlantik verstäerkt gëtt. Et wier awer och e symboleschen, well Russland mat entspriechende Mesure muss Äntwerten.

„Mat der Ausweisung vu russeschen Diplomaten eleng, kann een déi aggressiv Haltung vu Moskau net an de Grëff kréien“, esou den Expert, deen et géif virzéien, Wirtschafts- a Finanzsanktioune géint Russland anzesetzen.

Als Erënnerung: Enn 2016 hat d‘Obama-Administratioun 35 russesch „Agenten“ ausgewisen, fir Moskau ze bestrofen, sech an d‘Wahlcampagne agemëscht ze hunn. Am éischte Moment hat sech de Vladimir Putin entscheet, net drop ze äntweren, well de neie President seng Chance sollt erhalen. D‘Situatioun ass awer net besser ginn, an schonn am Summer, gouf et éischt Sanktiounen.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: D‘Spriecherin vum russeschen Ausseministère, Maria Zakharova, huet an engem Interview mat AFP, d‘Beschëllegunge vun der britescher Regierung op e neits zréckgewisen. Moskau bleift standhaft an dementéiert all Zesummenhang mat der Vergëftung vum ex-Spioun. © Mladen Antonov/AFP

Ähnlech Sujeten Ausweisung, Diplomaten, Russland, Sergueï Skripal, Spioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel