Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel
2 kinds of dating dating sites wexford

hook up light switch

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech

dating sites for singles in australia
2 kinds of dating dating sites wexford

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?

D’Natur zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Dat soen net

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch
2 kinds of dating dating sites wexford

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz

dislike

Russesch Geheimdéngscht Informatioune fir den Trump Junior

Neie Volet an der Russland Affär

Russesch Geheimdéngscht Informatioune fir den Trump Junior

En Dënschdeg huet dem Donald Trump säin eelste Bouf agestane, wëssentlech enger Affekotin begéint ze sinn, mam Zil Informatiounen ze kréien, déi géint d‘Hillary Clinton agesat sollte ginn. Déi war dem Junior als Mëttelsfra vun der russescher Regierung virgestallt ginn a sollt brisant Infoe besëtzen.

Mam Bekanntmaache vun dëser Entrevue, déi am Juni 2016 stattfonnt huet, verhäert sech de Verdacht vun der Kollusioun, déi der Trump Wahl-Equipe virgeworf gëtt. Déi soll mat de Russe kollaboréiert hunn fir d‘Kandidatin vun den Demokraten um Amarsch an d‘Wäisst Haus ze verhënneren. Beschëllegungen déi den amerikanesche President ëmmer nees als „Hexejuegd“ bezeechent huet. An trotzdeem gëtt dat ganzt vum Sonner-Procureur Robert Mueller an diverse Kommissioune vum Kongress ënnersicht.

Der Verëffentlechung vun der New York Times zuvirkommend, huet den Donald Trump Jr. op Twitter véier Säite gepost. Et sinn d‘Message déi am Juni 2016 mam britesche Mëttelsmann Rob Goldstone ausgetauscht gi sinn. De Goldstone soll ugedeit hunn, un Informatioune kënnen ze kommen, déi dem Hillary Clinton kéinte schueden.

„De Procureur General vu Russland hätt dem Aras Agalorov (Papp vum Sänger Emin Agalorov dee vum Goldstone als Agent vertruede gëtt) Informatiounen an offiziell Dokumenter ugebueden, déi d‘Hillary Clinton belaaschten (…) a sengem Papp ganz nëtzlech kéinte sinn“, schreift de Golodstone, a weider „Et sinn natierlech Informatioune vun héchstem Niveau an besonnesch sensibel, déi awer deel vun der russescher Ënnerstëtzung fir den Här Trump sinn“.

„Wann et dat ass wat dir sot, mir gefält et (d‘Iddi) besonnesch méi spéit am Summer“, esou d‘Äntwert vum Trump Junior.

Entrevue am Trump Tower

Vill Zäit huet den Donald Trump Jr. net verluer. De 9. Juni huet hien eng Entrevue mat der russescher Affekotin Natalia Veselnitskaya. Déi war vum Goldstone als Intermediaire vun der russescher Regierung virgestallt ginn. D‘Treffen huet a sengem Büro stattfonnt. Derbäi waren de Jared Kushner (Edem vum President) an de Direkter vun der Wahlcampagne Paul Manafort.

An engem Communiqué deelt den Trump Jr. mat, datt „Déi Fra wéi se et selwer ëffentlech ausgesot huet, war keng Representantin vum Gouvernement“, a fir seng Verdeedegung ze ënnersträichen, datt Si och keng Informatiounen hat. D‘Affekotin hätt wëllen iwwert d‘Magnitski-Gesetz wëlle schwätzen, dat Russe fir Vergoe géint Mënscherechter sanktionéiert.

Tweet vum Donald Trum Junior mat der Säit 4 deen hien den 11. Juli um 17 Auer verëffentlecht huet

Op Fox News huet den Trump Jr. och insistéiert, datt säi Papp vun dëser Entrevue näischt wousst. „Et hätt näischt ze soe ginn“. Amplaz wéi gewinnt via Twitter ze reagéieren, huet sech den amerikanesche President via Communiqué zu Wuert gemellt: „Mäi Fils ass eng Persoun vu grousser Qualitéit an ech applaudéieren seng Transparenz“.

D‘Natalia Veselnitskaya huet op NBC ofgestridde mat der russescher Regierung a Verbindung ze stoen. Si hätt och zu kengem Zäitpunkt d‘Informatioune gehat, déi den Trio sech erhofft huet. De Kreml dementéiert och d‘Affekotin ze kennen.

De Prinzip

Fir d‘Demokraten am Kongress, ass et eleng de Prinzip eng Offer ugeholl ze hunn, bei där et sech ëm Informatioune vun der russescher Regierung handele géif, déi problematesch ass. Egal wéi d‘Realitéit vun den Informatiounen oder de Lien vun der Affekotin mat der Regierung waren.

„Wann een eng Informatioun kritt, aus där ervirgeet datt d‘russesch Regierung wëll hëllefen, datt säi Papp gewielt soll ginn. A wann dann eng Affekotin vun der russescher Regierung aus Moskau fir eng Entrevue kënnt. Da muss den Alarm ugoen an ee normale Mënsch rifft do d‘Police“ seet den Tim Kaine, Senater vun den Demokraten a Matstreider vum Hillary Clinton.

mam Ivan Couronne/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel