Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
International Neiegkeeten

marseille speed dating

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

dating high functioning alcoholic
International Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen
International Neiegkeeten

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017 hat den US-President Donald Trump all Kontakt tëscht sengem Entourage a Moskau ofgestridden. Zanterhier huet de „spezial“ Procureur Robert Mueller, mat klenge Schrëtt, eng ganz aner Realitéit un d‘Liicht bruecht.

Op den Direkter vun der Campagne, diplomatesch Beroder, perséinlechen Affekot… D‘Russen hu mat enger Dose Leit aus dem direkten Ëmfeld vum Donald Trump kommunizéiert, an dat schonn ab 2015. Esou zumindest ee puer vun den Informatiounen déi de Robert Mueller aus honnerte Säite vu Justiz-Dokumenter bekannt ginn huet.

Jo, nee, mee awer…

Woubäi et u sech net ongewéinlech ass, datt e Kandidat Kontakt zu frieme Muechten huet. Mee generell handelt sech bei dësen Echangen ëm diplomatesch Themen. Déi Kontakter déi dem Donald Trump seng Leit ënnerhalen hunn, bezéien sech op dem Milliardär seng Geschäfter an op d‘Politik. Wann dat elo net ganz duer geet fir ze beweisen, datt et zu enger illegaler Entente komm wier, esou muss awer dierfe festgehale ginn, datt den Donald Trump net d‘Wourecht gesot huet.

D‘Russen hunn hir Wetten op de republikanesche Kandidat ofgeschloss, an dat laang iert dëse vu senger Partei opgesat ginn ass, esou de Procureur leschte Freideg. De Michael Cohen, de privaten Affekot a Vertraute vum Donald Trump, wier schonn am November 2015 vun engem Russ sollicitéiert ginn, deen sech als „eng Vertrauenspersoun vun der Regierung“ presentéiert huet, an eng „politesch Synergie“ soll virgeschloen hunn. Den Affekot wier awer net drop agaangen.

Business ass Business

Wann de Michael Cohen dësen Hoken net geschléckt huet, an ass et well hie scho Kontakter mat russeschen Offiziellen hat, dat am Kontext vun engem Investissement zu Moskau. Hei geet et ëm en ale Projet fir en Trump Tower an der russescher Haaptstad, deen op d‘Säit geluecht gi war, an am Juli 2015 nees aktuell gouf. De Milliardär hat sengersäits, seng Kandidatur fir dat Wäisst Haus schonn am Juni annoncéiert.

De Michael Cohen hat rezent zougestanen, datt d‘Verhandlungen dëst Gebai vun honnert Etage – dat zum héchsten an Europa sollt ginn – betreffend bis Juni 2016 weidergefouert goufen. Ee vun dësen „Offiziellen“ hat him esouguer virgeschloen, dem Vladimir Putin am Kader vun engem Sommet zu St. Petersbuerg Mëtt Juni ze begéinen. Eng Offer déi, esou den Affekot géintiwwer dem Procureur Robert Mueller, ni an d‘Dot ëmgesat ginn ass.

D‘Hillary Clinton

D‘Russen haten och den Interessi vun anere Leit aus dem Ëmfeld vum Donald Trump erwächt, deene versprach gi war, kompromettéierend Informatiounen zum politesche Géigner, Hillary Clinton ze „liwweren“. De jonke politesche Beroder, George Papadopoulos, deen 2016 an den Déngscht vum Milliardär agetrueden ass, war séier mat russeschen Emissären a Kontakt komm, notamment e mysteriéise „Professer“.

Deen hat am Abrëll 2016 matgedeelt dat ee „Material“ hätt. Material dat déi fréier US-Ausseministesch géif a Schwieregkeete bréngen. Et huet sech ëm dausenden e-Mails gehandelt, déi bei engem Piratage geklaut goufen. D‘Informatioun dozou war nach net ëffentlech.

An dann ass do nach eng russesch Affekotin, déi den Interessi vum Trump-Clan erwächt hat, datt deem selwechte „Verspriechen“. Dem Donald Trump säin eelste Fils, den Donald Trump Junior, säin Eedem de Jared Kushner an säin Direkter fir d‘Campagne, Paul Manafort, haten eng Entrevue mat der Affekotin. Si haten sech am Juni 2016 am Trump Tower getraff, fir driwwer ze schwätzen.

Den offizielle Kanal

Während der Campagne, hat de russeschen Ambassadeur an Amerika, Sergueï Kisliak, Relatiounen an de republikanesche Kreesser geknäppt. Esopu huet hien notamment de Senateur Jeff Sessions – e vun den éischten Ënnerstëtzer vum Donald Trump – getraff. De Jeff Sessions, wéi hie bis Justizminister war, hat sech vun der „russescher Affär“ ewech gehalen, wéinst dëse Kontakter.

De Sergueï Kisliak hat och „Echange“ mat engem vum Donald Trump senge Beroder, de Michael Flynn. Dee gouf spéider Beroder fir déi national Sécherheet, fir ganzer 22 Deeg. Hien huet sech „schëlleg“ bekannt den FBI belunn ze hunn, zumindest wat dës Gespréicher betrëfft.

Droleg Verbindungen

De Paul Manafort, deen zwee Méint laang d‘Campagne vum Milliardär geleet huet, hat iert hien dëse Job erhalen huet, Milliounen Dollar „gemaach“ als Lobbyist am Déngscht vum ukraineschen ex-President Viktor Ianoukovitch, dee vu Moskau „gestäipt“ ginn ass.

Hien hat och e russeschen Associé, de Konstantin Kilimnik, dee vun den USA verdächtegt gëtt, eppes mam russesche Geheimdéngscht um lafen ze hunn. E Freideg huet de Robert Mueller dëse beschëllegt, och weiderhin iwwert seng Interaktioune mam Konstantin Kilimnik ze léien, an dat obwuel hie zougesot hat am Kader vun der Enquête ze kooperéieren.

An e weideren diplomatesche Beroder vum Donald Trump, de Carter Page, hat widderholl Kontakt, an dat iwwer Joren, mat Russen, déi selwer a Verbindung mam russesche Geheimdéngscht bruecht ginn. De Carter Page war am September 2016 vum Milliardär op d‘Strooss gesat ginn, well seng Kontakter zu Moskau ze „siichtbar“ waren.

mam Charlotte Plantive/AFP

Foto: (Archivbild vum 1. August 2013) De spezielle Procureur Robert Mueller ass matten dran dem US-President Donald Trump nozeweisen, datt net alles wat hien esou an d‘Welt gesat huet, och esou stëmmt. Zumindest wat dat not Ëmfeld betrëfft, gëtt et elo keng Ausriede méi. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Fake News, Hillary Clinton, Ligen, Robert Mueller, Russland Affär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel