Search

You may also like

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)
International Neiegkeeten

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)

An engem Interview vun e Sonndeg, huet de russesche President

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police
International Neiegkeeten

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police

Et ass e Fall, dee staark kritiséiert gëtt. An Däitschland

Denken ass eng Dugend, iwwerleeë verlaangt schonn eppes Talent
International Neiegkeeten

Denken ass eng Dugend, iwwerleeë verlaangt schonn eppes Talent

Am Süde vum Land sinn d‘Leit villes gewinnt an un

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich tëscht Trump a Selenski e Broch vun der Diskretioun tëscht Staats- a Regierungscheffen. An de russeschen Ausseminister, dee sech e Freideg am Kontext vun der UN-Vollversammlung mat de Medien ausenanergesat huet, war och entspriechend däitlech.

Wann et eigentlech zanter Joren ëmmer ee vun den Héichpunkte vun der UN-Vollversammlung ass, well de Sergey Lavrov entweder „provozéiert“ oder „iwwerrascht“, esou sollt och d‘Ausgab 2019 net vun de Regel ofwäichen. Hie gouf natierlech ëm seng Meenung zum „Skandal“ wéinst dem tëscht dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenski gefouert Telefonat gefrot a huet geäntwert.

De russeschen Ausseminister huet gemengt: „Dat ganzt ass immens opgebauscht“. Wat de Sergey Lavrov am meeschte veriergert, ass de Fait datt dat Wäisst Haus en eigentlech als „vertraulech“ ze behandelnd Gespréich ëffentlech gemaach huet. Seng Mamm hätt him als Kand bäibruecht: „Et liest een net d‘Bréiwer vun anere Leit“. An tëscht Staatscheffe brauch et nu emol Confidentialitéit.

Seng Kritik riicht sech dann esouwuel géint d‘US-Parlament wéi géint d‘Medien, déi – a mir hunn dat och gemaach – den Inhalt vum Telefonat ëffentlech gemaach hunn. Et dierft einfach net sinn, datt iwwert dëse Wee Saachen an d‘Ëffentlechkeet geroden, déi fir déi eng oder aner Säit kéinte „peinlech“ sinn. D‘Behaaptung vum Nancy Pelosi, Moskau hätt domatter ze dinn, wier „Paranoid“.

Hien dann och nach kloer gemaach, datt ee sech a Russland géif erwaarden, datt et elo net och nach zur Verëffentlechung vun de Gespréichsprotokoller tëscht dem Donald Trump an dem Vladimir Putin kënnt. Esou eng Ausso erwächt natierlech Begierden, grad oder besonnesch, well d‘Grënn fir dat perséinlecht Verhältnis tëscht béide Staatscheffen als grousst Geheimnis verkläert ginn.

Foto: © Ministry of Foreign Affairs Russia

Related topics Chefdiplomat, Donald Trump, Sergueï Lavrov, Telefonsgespréich, Ukrain, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post