Search

You may also like

money
Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft
International Neiegkeeten

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
International Neiegkeeten

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch
International Neiegkeeten

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

Russeschen Dissident aus Koma erwächt

Russeschen Dissident aus Koma erwächt

Dem Alexander Nawalny schéngt et besser ze goen. D‘Dokteren an der Berliner Charité hunn de 44 järege Putin-Kritiker aus dem kënschtleche Koma geholl an hie reagéiert scho wann en ugeschwat gëtt.

Laut enger éischter offizieller Erklärung vun der Universitéitsklinik, soll sech den Zoustand vum Alexander Nawalny verbessert hunn, an hie géif elo schrëttweis vun der maschineller Beootmung entwinnt. Hie géif schonn op Usproch reagéieren. D‘Doktere kënnen allerdéngs net ausschléissen, datt de Patient opgrond der Vergëftung, mat Laangzäitfolge wäert geplot sinn.

De russeschen Dissident gëtt zanter dem 22. August an der Berliner Charité behandelt. Hie war den 20. August wärend engem Fluch a Russland zesummegebrach. Déi däitsch Regierung behaapt sech drop, datt de Mann mat engem chemesche Kampfstoff aus der Nowitschok-Grupp vergëft ginn ass, an dat mam Zil hien „onschiedlech“ ze maachen. De „Fanger“ weist op Moskau.

Säitens der russescher Regierung ginn all Virwërf zeréckgewisen. De Regierungsspriecher Dmitri Peskow huet déi gemaachten Uschëllegungen als Absurd erkläert. Och den US-President Donald Trump schéngt net wierklech iwwerzeegt, wat déi vu Berlin gemaachte Virwërf betrëfft. Hien hätt nach keng Beweiser gesinn, géif awer emol prophylaktesch den Däitsche gleewen.

Berlin huet zudeem de Problem, datt et net de Moment ass „ee Faass opzemaachen“ well et géif een och gären endlech d‘Pipeline Nord Stream 2 – hei feele grad emol 150 Kilometer, an d‘USA hunn allen Entreprisen déi sech um Bau bedeelege mat schwéiere Konsequenze gedreet, wa si weider un dësem Projet schaffen – fäerdegstellen. Interessi un amerikaneschem Flësseggas besteet net.

Dëse Projet, dee vu Gazprom geleet gëtt, ass geduecht als Ëmleedung vun der Ukrain, déi als Transitland fir kleng vu béide Säiten – Europa a Russland – en zouverlässege Partner ass. D‘USA allerdéngs sinn net begeeschtert a froen sech, firwat si als NATO-Partner Däitschland am „Worst Case“ géint de Russ verdeedege sollten, wa Berlin sech op esou Geschäfter aléist.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Hoch3Media / unsplash

Related topics Alexey Navalny, Berliner Charité, Cholinesterase-Hemmer, Gëftuschlag, Geplangte Mord, Kënschtleche Koma, Kreml-Kritiker, Oppositioun, Politik, Russland, Vladimir Putin, Widderstand
Next post Previous post