Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden
International Neiegkeeten best time to start dating after a break up

dating website in swaziland

De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen-

https://moien.lu/free-hookup-clearance-id/
International Neiegkeeten best time to start dating after a break up

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Säit 2005 bedeelegt sech Lëtzebuerg un der europäescher Mobilitéitswoch, déi

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?
International Neiegkeeten best time to start dating after a break up

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?

Enn Juli hat sech den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo beim

Russescht Geld fir britesch Politik

Huet Moskau sech sengerzäit um haut ëmstriddene Brexit-Referendum bedeelegt?

Russescht Geld fir britesch Politik

Wéi et heest soll zu London der Regierung eng Bericht virleien, an deem geet rieds dovunner, datt d‘Russe méiglecherweis de Brexit-Referendum kéint beaflosst hunn. Eng Verëffentlechung virun de Neiwahlen am Dezember soll et awer net ginn an do freet sech elo jiddereen: „firwat?“.

Et ass natierlech op der Oppositiounsbänk, wou den Ierger fräigesat gouf an och am gréissten ass. Déi fuerdert d‘Fräigab vum Bericht vum Geheimdéngschtausschoss am House of Commons, zu enger méiglecher Aflossnam beim Referendum, mee de Boris Johnson hält den Domm drop. Well d‘Parlament an der Nuecht opgeléist ginn ass, gëtt virun der Wahl net méi doriwwer debattéiert.

GeldGewosst ass dann awer, datt de Bericht Sécherheetsempfeelungen an Ermëttlungsresultater enthält, déi sech op Finanzementer vun der britescher Politik duerch russesch Oligarche bezitt. An hei ganz besonnesch: den Zäitraum virum Brexit-Referendum. Méi brauch et net fir Verschwierungstheorien entstoen ze loossen an esou besteet elo de Verdacht, datt Moskau d‘Brexit-Campagne gestäipt huet.

Fir de Boris Johnson, dee sech der Sprengkraaft vun dësem Bericht duerchaus bewosst ass, ka guer net rieds si vu Verzögerung. Hie weist drop hin, datt esou eppes héichgradeg Brisantes enger entspriechend intensiver Iwwerpréiwung duerch d‘Geheimdéngschter muss zougefouert ginn. Esou eppes kéint een net emol einfach esou verëffentleche bestätegt de Staatssekretär Chris Pincher.

„Back in the USSR“

Et ass dann och wéi erwaart de Leader vu Labour, Jeremy Corbyn, dee hei eng Opportunitéit gesäit, well hie scho méi oft den Tories virgeworf huet, Geld vu russeschen Oligarchen agesäckelt ze hunn. Vun iwwer 800.000 englesche Pond ass do geschwat ginn. Dobäi dierf een net iwwersinn, datt et grad hien ass, deen ëfters pro-russesch Positioune vertrëtt. Et gëllt also ze differenzéieren…

GeldWoubäi et anersäits och richteg ass, datt sech vill Medie mat „Kontakter a Spende vu Russen u britesch Konservativer“ beschäftegen. An do ass de Sergueï Nalobin, e russeschen Diplomat dee laut Guardian, de Grupp „Konservativ Frënn vu Russland“ am britesche Parlament initiéiert hat. Dëse „parlamentaresche“ Grupp war 2012 an der russescher Ambassade an d‘Liewe geruff ginn.

Laut dem Guardian sollen d‘Membere vun dëser parlamentarescher grupp Reesen op Moskau a St. Petersburg gemaach hunn. Reesen déi vum Kreml finanzéiert gi wieren, esou de Guardian. Et ass dann och rieds dovunner, datt de Sergueï Nalobin Kontakter zum Geheimdéngscht huet. Wann ee weess datt de Brudder an de Papp vum Nalobin beim Geheimdéngscht täteg waren, wuel logesch.

Gutt ugeluechten Investitioun

Et ass anersäits och gewosst, datt déi zu London residéierend Russen, gären a vill Geld un d‘Tories iwwerweisen. Esou d‘Lubow Tschernuchin, Fra vun engem russeschen ex-Vizefinanzminister, déi den Tories 160.000 Pond iwwerwisen huet, fir eng Partie „Tennis“ mam Boris Johnson. Fir 30.000 Pond soll et am Kader vun enger Spendenaktioun en Iesse mam Verdeedegungsminister ginn hunn.

GeldWat et mam Dominic Cummings, ee vum Premierminister senge Beroder, op sech huet, dat wëll d‘Emily Thornberry (Labour) méi genee wëssen, a si huet en entspriechende Froekatalog un d‘Regierung geschéckt. Haaptpunkt: „Ass den Dominic Cummings uerdentlech iwwerpréift ginn?“ Eng berechtegt Fro, wa gewosst ass, dat dee vun 1994 bis 1997 a Russland studéiert huet a Member vum Grupp „Konservativ Frënn vu Russland“ war.

An ouni datt et zur Stonn iergendee beweis géif ginn, datt sech d‘Russen an de Brexit-Referendum agemëscht hunn, klengt jo och villes glafwierdeg – dat hu Verschwierungstheorien esou un sech – schluechten d‘Brexit-Géigner de Sujet aus. Dobäi gëtt argumentéiert, datt et dem Vladimir Putin jo entgéint géif kommen, wann d‘EU ouni Groussbritannien u politeschem Afloss verléiere géif.

Wéineg Beweiser

Esouguer bei der „National Crime Agency“ (NCA), déi géint den Arron Banks – en zwielichtege Geschäftsmann deen d‘Campagne „Vote leave!“ mat aacht Millioune Pond ënnerstëtzt huet – ermëttelt huet, konnt ee kee Beweis dofir fannen, datt d‘Russen dat Geld zur Verfügung gestallt hätten. Richteg ass, datt hie Kontakter zum russeschen Ambassadeur an Investoren huet.

GeldAn da kann ee jo emol unhuelen, d‘Russen hätten eng ënnerholl. Wéi kann een elo beweisen, datt Moskau beispillsweis op Facebook déi britesch Bevëlkerung, an iwwert dëse Wee och d‘Stëmmverhalen, soll beaflosst hunn? 2018 hat d‘May-Regierung erkläert, datt et keng Beweiser dofir gëtt, datt et eng erfollegräich Notzung vun der Desinformatioun ginn huet.

Wann et also keng Beweiser gëtt, an dovunner auszegoen ass, datt de Boris Johnson dat weess, freet sech natierlech, firwat hien de Bericht vum parlamentaresche Geheimdéngschtausschoss net fräi gëtt? Weider stellt sech d‘Fro, firwat déi „Empfeelungen zum Schutz virun auslännescher Aflossnam“ net ëmgesat ginn? Et ass deemno nach net alles zum Brexit gesot a geschriwwe ginn…

mat indymedia/lon

Foto: Paolinio / Pixabay

Ähnlech Sujeten Amëschung, Brexit, Groussbritannien, Oligarchen, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel