Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel féiert de Weltbuchdag
International Neiegkeeten

online dating profile first date examples

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am

online dating references
dating again at 27
International Neiegkeeten

Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?

Se si Landwirt oder Museker, Entrepreneuren oder Studenten, Gebierteger oder

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer
International Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer

Am Frankräich gëtt et zanter gëschter en neien Temperaturrekord. Zu

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!

Säit zwee Méint brennt Sibirien an d‘Autoritéite schweigen – Elo forméiert sech Protest

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!

Sibirien ass wonnerschéin a wäit entleeën, huet et wéinst de klimatesche Verännerungen – déi wuel vu ville Leit als normal ugesi gëtt – awer en zolitte Problem. D‘Bëscher sinn deraart dréchen, datt si sech vu selwer entzünden. An de leschten zwee Méint sinn esou dräi Milliounen Hektar verbrannt.

Bëschbränn sinn a Sibirien sécher keng Seelenheet an datt déi zoustänneg Autoritéite schonn am „Normalfall“ iwwerfuerdert sinn, dat ass och a Regierungskreesser bekannt. Hei fänkt d‘Lag awer un en Ausmooss ze huelen, vun deem ee sollt dierfen unhuelen, datt och – oder grad – d‘Regierung endlech eng misst ënnerhuelen. Doen deet sech awer séier wéineg, wat extrem beonrouegend ass.

Katastroph

Wann ee géif unhuelen, datt sech déi an esou Fäll zoustänneg Administratiounen a Servicer géifen drop verloossen, datt sech de Problem vun eleng léisst, misst een am presente Fall vun engem Staatsversoen ausgoen. Dobäi ass de „Problem“ wiesentlech méi grouss wéi een eventuell wéilt unhuelen, an vun engem „natierleche Phenomen“ ze schwätzen, ass dat eegent Versoen unerkennen.

Katastroph

© Ani Papyan (via Twitter)

Esou de Gouverneur vu Sibirien, Alexander Uss, deen iwwerzeegt ass, datt een den natierleche Laf vun der Natur net stéiere sollt. Dat awer huet de Mënsch säit antrëtt vum Industriezäitalter gemaach. Et kann een dem Alexander Uss awer zougestoen, datt bei 3 Milliounen Hektar (dat entsprécht der Fläch vun der Belsch), de Kampf géint d‘Féier sënnlos, geféierlech an onwirtschaftlech ass.

D‘Ae verschléisse geet och net

Esouvill Versteesdemech wéi mir, huet den Alexander Tschuprija vum russesche Katastropheschutz net. Hie weist drop hin, datt sech den Damp mat alle sengen Inhaltsstoffer iwwer dausende vu Kilometer verbreet, an esou d‘Loftqualitéit staark beanträchtegt. Net eleng an den Dierfer, mee och an de Stied mussen ëmmer méi Leit wéinst Otemproblemer medezinesch versuergt ginn.

KatastrophA dësem Fall sinn et d‘Gebidder: Jakutien, Krasnojarsk an Irkustk déi hir Liewensqualitéit agebéisst hunn. D‘Mënschen déi hei liewen, leiden enorm. Zum enge wéinst Temperature vun iwwer 30°C, wat ee fir Sibirien beim beschte wëllen net méi als „normal“ bezeechne kann. D‘Feier ginn zudeem vu staarke Loftbeweegungen ëmmer weider ugefacht. D‘Belaaschtung wier deementspriechend.

Fir d‘Autoritéiten engersäits an d‘Regierung anersäits endlech derzou ze beweegen endlech eng ze ënnerhuelen, hate Russen aus der Géigend Videoen an d‘Netz eropgelueden, wou se „Flashmobs“ weise bei deene géint d‘Ontätegkeet vun den zoustännege Servicer protestéiert gëtt. Et ass dat en dramateschen Appell, deen och fir d‘Weltëffentlechkeet geduecht ass. Ob et déi interesséiert?

Elo huet de russesche Premier, Dmitri Medvedev agegraff. Et wier sécherlech eng „komplizéiert“ Situatioun mee d‘Gouverneure missten elo handelen an domadder ophalen allgemeng Erklärungen ofzeginn, déi dem Problem keng Léisung zouféieren. Si missten sech scho perséinlech domadder befaassen an déi gëeegent Schrëtter an d‘Wee leeden, esou de Message aus Moskau.

KatastrophOp der Plaz soll sech elo de russeschen Ëmweltminister Dmitri Kobylkin selwer e Bild iwwert den Ausmooss vun der Katastroph maachen. D‘Ëmweltorganisatioun Greenpeace wéist hirersäits drop hin, datt de Problem längst kee lokaalt méi ass. D‘Bränn géife grouss Mengen u klimaschiedlechem Kuelendioxid (CO²) fräisetzen, wat déi ganz Welt géif belaaschten an zum Klimawandel bäidréit.

mat indymedia/mow

Foto: © Ani Papyan (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Bëschbränn, CO²-Emissiounen, Klimawandel, Russland, Sibirien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel