Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen
International Neiegkeeten

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen

An der Suessemer Gemengerotssëtzung vum 2. Mäerz, haten déi lénk

International Neiegkeeten

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren

Nodeems Moskau den Delai versträiche gelooss huet, ouni déi vu Washington fixéiert Konditiounen ze erfëllen, wäerten d‘USA Russland kuerzfristeg nei Wirtschaftssanktiounen operleeën. Natierlech gëtt d‘Welt opgefuerdert, sech dëse Sanktiounen unzeschléissen.

Den Ursprong vun dëser neier „Bestrofung“ läit an der Vergëftung vum duebelen Agent, Sergueï Skripal, a dësem senger Duechter Ioulia. Déi waren am Fréijoer mat engem Nervegëft a Kontakt geroden. London huet, a behaapt sech och haut nach drop, Moskau beschëllegt, dësen Uschlag orchestréiert ze hunn. Dat hat zu enger zolitter „Kris“ tëscht de „Groussmuechte“ gefouert.

Ufank August, ass d‘Trump-Administratioun zur Conclusioun komm, datt déi russesch Autoritéiten hannert dem Uschlag mam „Nowitschok“ stiechen. An der Konsequenz huet si eng éischt Serie vu Wirtschaftssanktioune géint Moskau agefouert. Déi hunn den Export vun technologesche Produiten an de Verkaf vu Waffen u Russland betraff. Dat huet de Finanzmäert an der Währung geschuet.

Op der Grondlag vun engem amerikanesche Gesetz vun 1991 iwwert chemesch Waffen, haten d‘USA de Russen 90 Deeg (bis zum 6. November) Zäit ginn, fir ze deklaréieren, datt si keng chemesch oder biologesch Waffe méi benotzen, sech verflichten et net méi ze maachen, an och gewëllt sinn Inspektiounen zouzeloossen, fir sécherzestellen, datt et keng esou Waffe méi gëtt.

„Den Ausseministère huet haut de Kongress informéiert, datt et him net méiglech de zertifiéieren, datt déi russesch Federatioun d‘Konditiounen erfëllt“, esou d‘Spriecherin vum State Department, Heather Nauert. Si preziséiert, datt sech mam Kongress berode gëtt, fir déi nächst Schrëtt géint Russland anzeleeden, dat natierlech am volle Respekt vun de bestoende Gesetzer.

Net wierklech iwwerzeegend

En anere Spriecher hat déi lescht Woch informéiert, datt d‘Echeance vum 6. November eenzeg d‘Phas vun der Consultatioun mat de Parlamentarier ausléist. Hien hat och ënnerstrach, datt et kee fixen Delai gëtt, fir d‘Sanktiounen anzeféieren. Am September hat d‘Manisha Singh gewarnt, datt déi nei Sanktioune ganz Streng wäerte sinn, an notamment de Finanzsecteur haart treffe sollen.

De republikanesche President vun Aussenhandelskommissioun an der Representantekummer, Ed Royce, ass veriergert iwwert de Mangel u Schwong deen d‘Regierung zu Dag leet, fir endlech dës wichteg Sanktiounen ëmzesetzen. Russland hätt an de leschte Joren eng Rëtsch u Vergëftungen an der Welt orchestréiert, a hie gesäit kee Grond firwat Moskau domatter sollt ophalen.

„Wann ee wëll eescht geholl ginn, muss een zügeg zur Dot schreide fir seng Determinatioun ze demonstréieren. Wien an esou enger Situatioun zéckt, ermontert d‘Russen zu neien Aggressiounen“, behaapt den Ed Royce.

An trotz der Häert déi d‘US-Regierung géint Russland demonstréiert, op dësem Sujet wéi op villen aneren, vun der Ukrain bis Syrien iwwert d‘Amëschung an d‘Presidentewahle vun 2016, sinn eng grouss Mass u Parlamentarier, bis an d‘Reie vun de Republikaner, skeptesch. Allgemeng gëtt eng vill méi streng Demarche reklaméiert.

Wat dann elo? Sträit oder Frëndschaft?

Datt vill US-Parlamentarier esou hir Zweiwel hunn, datt et tatsächlech zu „haarde Sanktiounen“ ka kommen, huet mam Donald Trump senger Attitüd ze dinn. Hien huet ëmmerhi Campagne gemaach a versprach sech nees mam Vladimir Putin ze verdroen. Beim Sommet vun Helsinki am Juli, haten sech béid Staatsmänner als „bescht Frënn“ de Medien entgéintgestallt.

Esou fält et dem US-President schwéier, nees zu enger Bezéiung zu fannen déi dem „kale Krich“ all Éier géif maachen. Dat ass sécherlech och dem Widderstand an den eegene Reie geschëlt, mee huet och mat der Enquête zur „Kollusioun tëscht der Wahlkampfequipp an dem Kreml“ ze dinn.

Aktuell gëtt e neie Sommet tëscht béide Staatsmänner virbereet. Et ass allerdéngs net virgesinn, datt sech béid Presidenten zu Paräis, am Kader vun der Commemoratioun zum Enn vum 1. Weltkrich gesinn. Woubäi dat eigentlech genee esou virgesi war. Mee mat der „Bedreeung“ vu Sanktiounen, ass et schwiereg „de richtege Message“, esouwuel un d‘Russe wéi un d‘Amerikaner ze riichten.

Zousätzlech zu der Annonce vu Washington, huet en héije Responsabel vum Ausseministère, sech zu Bréissel un d‘EU gewannt, an déi opgefuerdert sech den US-Sanktiounen unzeschléissen, an déi eege Sanktioune géint Russland net ze lackeren. Den David Tessler, treie Mataarbechter vum Mike Pompeo ass op Europatournée, fir den Alliéierten dës Demarche Schmackhaft ze maachen.

D‘EU hat no der Annexioun vun der Krim, an der Beaflossung vum Konflikt an der Ukrain, e puer Sanktioune géint Russland ergraff. Mee et geet e sëlleche Stëmmen, déi fir eng Ophiewung vun de Sanktioune plaidéieren, esou beispillsweis Italien an Éisträich.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Nach hänkt den amerikanesche Fändel iwwert der Residenz vum US-Ambassadeur zu Moskau. Mat ëmmer méi an neie Sanktiounen, versicht Washington op dee Mann Drock auszeüben, mat deem een eigentlech méi verséinlech Téin wollt uschloen. © Alexander Nemenov/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Nowitschok, Russland, Sanktiounen, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel