Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert
over 50 dating reviews Neiegkeeten

who is dating jc chasez

New Yorker Geriicht verbitt dem US-President, seng Kritiker op Twitter

https://moien.lu/secure-dating-site-in-usa/
over 50 dating reviews Neiegkeeten

Croisièresschëff hëlt 111 Migranten am Mëttelmier op

Um Samschdegowend huet d‘Croisièresschëff „Marella Discovery“ (fréier TUI Discovery) virun

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of
over 50 dating reviews Neiegkeeten

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of

Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert

Russland reagéiert op US-Sanktiounen

Manner Diplomaten erwënscht

Russland reagéiert op US-Sanktiounen

Et war ze erwaarden: no den neie Sanktioune géint Russland war Moskau gezwongen ze reagéieren. De President Vladimir Putin huet dann e Sonndeg och ugekënnegt, datt d‘USA hiert diplomatescht Personal ëm 755 Persoune musse reduzéieren.

D‘Relatiounen tëscht béide Länner sinn dann och esou schlecht wéi laang net méi. D‘Ursaache fir dës Spannunge leie sécherlech beim Ukrain-Konflikt an der syrescher Kris, mee et huet och mat de Beschëllegungen ze dinn, Russland hätt sech an den US-Wahlkampf agemëscht. De Chef vum Kreml huet sech ugesicht der Situatioun zimlech pessimistesch gewisen.

Op der ëffentlecher Chaîne Russia 24 huet de Putin sech an engem Entretien zu den amerikanesche Representatioune geäussert. „Méi wéi dausend Leit – Diplomaten an technescht Personal – hu geschafft a schaffen nach. (…) 755 vun deene mussen hir Aktivitéiten ophalen“.

Den US-Ausseministère beleidegt

„Et ass dat eng ganz bedauerlech an net gerechtfäerdegt Mesure“, war aus Washington ze héieren, „mir mussen elo den Impakt vun esou enger Aschränkung evaluéieren an eis iwwerleeë wéi mer op dës Mesure äntwere“.

Eng Deklaratioun déi gemaach ginn ass, nodeems Russland schonn um Freideg d‘Reduzéierung vun der amerikanescher Präsenz a Russland bekannt ginn hat. Ab dem 1. September dierfen nach just 455 diplomatesch Employéen op russeschem Buedem schaffen. Esou d‘Entscheedung vu Moskau, nodeems de Kongress nei Sanktioune gestëmmt hat. Sanktiounen déi d‘USA unilateral getraff hunn an och an Europa net op dat gréisste Versteesdemech stoussen.

Mat der Mesure gëtt et een diplomatesche „Status Quo“. Ëmmerhi sinn och an den USA net méi wéi 455 russesch Employéen zougelooss. Wat d‘Amerikaner awer och dierft iergeren, ass den temporäre Verbuet eng Residenz an ee Lager an der Peripherie vu Moskau ze notzen.

Moskau zur Reaktioun gezwonge

„Mir hu laang genuch gewaart an der Hoffnung d‘Situatioun géif sech zum Besseren änneren“, ënnersträicht de Vladimir Putin, „mee et schéngt eis, datt och wann d‘Situatioun sech sollt veränneren, ass dat net fir geschwënn. Ech hunn da geduecht, datt och mir misste weisen, datt een op déi amerikanesch Mesurë muss äntwere. Déi nei Sanktioune sinn net ze rechtfäerdegen“, erkläert de russesche President.

Dee mécht dann och kloer, datt Russland nach „méi ze soen huet. Et kënnen nach weider Beräicher vun der Zesummenaarbecht ageschränkt ginn, wat den USA sécher net entgéint géif kommen“. Wann duerch déi amerikanesch Mesuren den Drock op Russland sollt klammen, politesch a wirtschaftlech Problemer mat drëtten entstinn, da kéint Russland sech och nach aner Mesuren iwwerleeën.

De Vladimir Putin hofft awer, datt et esou wäit kënnt. „Am Moment sinn ech géint weider Mesuren“ verséchert de russesche President.

Europa mattendran

Zwee Deeg nom Representantenhaus hat och de Senat, quasi eestëmmeg (98 géint 2) dee vu Moskau kritiséierte Gesetzprojet ugeholl. Ee Gesetz dat och an der EU mat wéineg Zoustëmmung ka rechnen. Dat gesäit nämlech vir, och europäesch Entreprisen, déi an oder mat Russland zesummeschaffen, ze bestrofen. Direkt betraff ass den Approvisionnement mat Gas via d‘Pipelinë vu Nord Stream.

Wichteg an dësem Zesummenhang och drop hinzeweisen, datt Polen vun de Sanktioune kéint profitéieren. Si hunn ëmmerhin ee groussen Terminal gebaut, déi dat benéidegt Gas per Schëff kéint ophuelen. Heibäi ass natierlech an éischter Linn vun amerikaneschem Gas rieds.

Mee den Text, deen och den Iran a Nordkorea am Viséier huet, ziilt drop op Moskau ze bestrofen. Dat fir eng supposéiert Amëschung an den amerikanesche Wahlkampf. D‘Enquête zu dëse Beschëllegunge leeft nach.

Zesummenaarbecht ugebueden

„Mir hu widderhuelt den Amerikaner eng Zesummenaarbecht am Beräich vun der Cybersécherheet ugebueden“, betount de Putin, während russesch Hacker beschëllegt ginn d‘Computer vun den Demokraten an Amerika ugegraff ze hunn. „Amplaz unzefänke konstruktiv un de Problem erunzegoen, kréie mir nëmme Beschëllegungen ze héieren. Déi sinn net fundéiert an eng Amëschung an intern Ugeleeënheeten huet et vun eis net ginn.“

De Gesetzprojet zu de Sanktioune läit elo um Büro vum Donald Trump. Deen huet gewësser Moossen de schwaarze Péiter an der Hand. Ënnerschreiwen oder net ënnerschreiwen? Den amerikanesche President sëtzt an der Zwéckmillchen. Engersäits wier et him geleeën d‘Relatioune mat Moskau ze verbesseren, anersäits steet säi Wahlkampf-Team am Verdacht mat de Russen a Verbindung ze stoen.

mam Maria Panina/AFP

Foto: Nach hänken se nieft enaner, de russeschen an amerikanesche Fändel (© Mladen Antonov/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Russland, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel