Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fummelt mer net um Internet!
dating website numbers Neiegkeeten

dating st helens merseyside

Nee, hei geet et net ëm Pornoen um Internet. Op

seeing a girl vs dating
dating website numbers Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
dating website numbers Neiegkeeten

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag

Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère

Russland: Wat et mat den zaristesche Reformen op sech huet

De Putin kënnegt eng Verfassungsännerung un an de Medvedev léist d‘Regierung op

Russland: Wat et mat den zaristesche Reformen op sech huet

Hien ass den onkontestéierte Chef a wat hie seet gëtt och gemaach. De Vladimir Putin huet bekannt ginn, datt et zu Verännerungen an de Verfassung kënnt an wéineg méi spéit huet d‘Regierung vum Dmitri Medvedev hire Récktrëtt annoncéiert. Esou kéint den Zar och no 2024 nach d‘Kroun an den Zepter vun der Muecht fir sech beusprochen.

Beim gemeinsamen Optrëtt op der Tëlee, huet den Dmitri Medvedev erkläert, datt d‘Virschléi vum President zu grondleeënde Verännerungen an der Verfassung féiere wäerten. Esou soll sech d‘Gläichgewiicht vun de Kräften änneren: „Als Regierung vun der Federatioun, musse mir dem President d‘Méiglechkeet ginn, all erfuerderlech Moossnamen ze ergräifen“, esou de Medvedev.

Fir déi „Méiglechkeeten“ ze schafen, ass d‘Regierung dann och zréckgetrueden. Am Virfeld zu dëser Annonce, hat de Vladimir Putin e Referendum zur Verfassungsreform virgeschloen. An senger Ried zur Lag vun der Natioun sot de russesche President: „Ech halen eng Ofstëmmung vun de Bierger iwwert déi proposéiert Ännerunge vun der Verfassung fir noutwenneg“.

Wourëms et geet

Mat der Verfassungsreform soll d‘Parlament zukünfteg d‘Recht hunn de Ministerpresident an d‘Membere vum Cabinet ze benennen. E Recht dat bis ewell dem President zougestanen huet. Woubäi dësen awer och weiderhin d‘Recht huet, de Regierungschef an eenzel Minister ze entloossen, esou wéi de wichtegst Poste fir Aussen- a Verdeedegungspolitik ze bestëmmen.

Um Präsidialsystem wëll de Vladimir Putin festhalen, d‘Kritäre fir d‘Presidentschaftskandidaten awer solle verschäerft ginn. En Zäitpunkt fir dëse „Referendum“ gouf gëschter nach net genannt, woubäi elo jo och emol d‘Detailer zur Verfassungsännerung musse publik gemaach ginn. Et soll zudeem d‘Nofolleg vum Medvedev gekläert ginn, deen elo Vizechef vum Sécherheetsrot gëtt.

Am Gespréich als Ministerpresident ass de Chef vum Steieramt, Michaïl Mischustin, dee vum Vladimir Putin virgeschloe ginn ass. D‘Zoustëmmung vum Parlament gëllt als Formalitéit. De russesche President, selwer Chef vum Sécherheetsrot wëll säi „Stellvertrieder“ un der Säit behalen an dësem d‘Verantwortung fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet vun der Federatioun iwwerdroen.

Den Dmitri Medvedev an déi aner Regierungsmembere goufe gebueden hir Aarbecht bis zur Ernimmung vun enger neier Regierung weiderzeféieren. An dat alles mécht och Sënn, well d‘Wirtschaftskris am Land fir schlecht Stëmmung suergt, wéi et déi rezent Sondagë weisen, an d‘Vollek wéinst de steigende Käschten ufänkt ze knouteren. Den Drock op d‘Regierung steigt mat.

Wat als nächst kënnt

Am Hiecht 2021 sinn déi nächst Parlamentswahle virgesinn an den Dmitri Medvedev – President vu Russland 2008-2012 – ass net wierklech „beléift“ an d‘Oppositioun notzt dëse gären als „Zilscheif“. Den Alexej Nawalny, vu Beruff Kremlkritiker, hat 2017 „recherchéiert“ d‘Korruptioun vum Regierungschef opgedeckt a vill zu de Protester géint eben d‘Medvedev-Regierung bäigedroen.

Wat den „Zar“ betrëfft, esou kann dëse laut der aktueller Fassung vun der russescher Verfassung, net méi no 2024 als Kandidat untrieden. Et ass awer duerchaus virstellbar, datt hien – dat hate mir jo schonn – nees d‘Mandat vum Ministerpresident iwwerhëlt, firwat dësem seng Vollmuechte jo och solle gestäerkt ginn. Ob dat elo eiser Virstellung vum demokratesche Prozess entsprécht ass egal.

De fréiere KGB-Offizéier ass elo zanter 20 Joer un der Muecht, an e weidere „Rollentausch“ – also tëscht dem Mandat vum President an dem Ministerpresident – ass méiglech. Zudeem soll jo och de Sécherheetsrot méi Afloss erhalen an kéint, wéi et Kritiker gäre bezeechnen, zu engem Politbüro mam Vladimir Putin un de Spëtzt ginn. Ob et derzou kënnt, dat kann esou net bestätegt ginn.

mat indymedia/mow

Foto: Den „Zar“ Vladimir Putin ass en ëmmer méi wichtege politeschen Acteur op der Weltbühn (Syrien, Libyen…) wat een duerchaus als ee berechtegten Usproch op d‘Muecht am eegene Land verstoen dierf. © R.Singh

Ähnlech Sujeten Dmitri Medvedev, Reformen, Russland, Verfassungsreform, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel