Search

You may also like

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International Neiegkeeten

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

D’Recht op Energieaspuerung fir jiddereen!
International Neiegkeeten

D’Recht op Energieaspuerung fir jiddereen!

Fir d’Bekämpfung vum Klimawandel baséiert all Politik an éischter Linn

De System vun de Petitioune moderniséieren
International Neiegkeeten

De System vun de Petitioune moderniséieren

Et ass en demokratescht Instrument dat sech grousse Beléiftheet erfreet:

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch

Déi belsch-däitsch Resolutioun fir syresch humanitär Hëllefsliwwerunge gouf entspriechend de Fuerderunge vu Moskau amendéiert an ass schlussendlech méi schlecht wéi de Géigevirschlag.

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch

Si hunn sech de Mond fuseleg geschwat, fir um Enn awer näischt Opweises ze hunn. D‘Membere vum UN-Sécherheetsrot hunn sech eng ganz Woch laang iwwert eng Resolutioun gestridden, bei där et ëm d‘Fortféiere vun der humanitärer Hëllef fir d‘Mënschen am syreschen Nordwesten, engem Gebitt datt nach ëmmer vu Rebelle kontrolléiert gëtt, gaangen ass. Et koum net zum Kompromëss.

Wärend ausser China a Russland all d‘Membere vum UNSC onbedéngt zwee Grenziwwergäng vun der Tierkei a Richtung Syrien fir Hëllefsliwwerunge wollten ophalen (Bab al-Salam a Bab al-Hawa) hat Russland kloer gemaach datt, si nëmmen ee Grenziwwergang géifen zouloossen. Um Freideg hat Moskau ugebueden, de Grenziwwergang vu Bab al-Salam nach dräi Méint opzehalen.

Dat gouf dunn awer vun allen aneren (ausser China) verworf, firwat um Enn dann awer d‘Russen hire Wëllen duerchgesat kritt hunn, an et elo nach just ee Korridor gëtt, deen iwwer Bab al-Hawa féiert. An dat elo och nëmme fir 12 Méint. Déi de russesche Fuerderungen ugepasste Resolutioun ass dann elo mat der Abstentioun vu China a Russland ugeholl ginn. Alternative gouf et keng méi.

Mat dëser Resolutioun, déi den Text vun 2014 ofléist, deen an der Nuecht zum Samschdeg ausgelaf ass, gëtt de Vereenten Natiounen erlaabt wichteg Hëllefsgidder an déi Regioune vu Syrien ze liwweren, déi net vun Damaskus kontrolléiert ginn. De Baschar al-Assad a seng russesch Alliéiert, wëllen awer och dës Gebidder, nees ënnert hir Kontroll bréngen. Gelongen ass dat bis ewell net.

Fir den Drock op d‘Rebellen ze erhéijen, hat Russland sech duerchgesat kritt a konnt zwee vun de bis dohinner genotzte véier Grenziwwergäng zoumaachen. Dat huet natierlech en Impakt op d‘Versuergung an ass vun den Hëllefsorganisatioun an der Regioun beklot ginn. Mat engem Grenziwwergang, dierft et nach méi komplizéiert gi wichteg Hëllefsgidder op d‘Plaz ze kréien.

Och d‘Rebelle sinn op d‘humanitär Hëllef ugewisen

Laut dem UN-Coordinateur Mark Lowcock, wieren awer déi zwee genannte Grenziwwergäng erfuerderlech fir eng uerdentlech Versuergung vun de Mënschen ze assuréieren. Laut der UNO sinn am Nordweste vu Syrien (d‘Regioun hanner Aleppo) 2,8 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewisen. Mam Grenziwwergang Bab al-Salam konnt den direkten Zougang geséchert ginn.

Damaskus a Moskau weisen allerdéngs drop hinn, datt iwwer dëse Grenziwwergang virun allem déi op der Plaz aktiv Terroristen/Rebellen „zerwéiert“ goufen, wat d‘Kampfhandlungen onnéideg an d‘Längt zitt. Russland war zudeem däitlech an huet am UNSC mat senger Positioun verständlech gemaach, datt ee keen Ament géif zécken, den Zougang fir humanitär Hëllef ganz ze verbidden.

Et hei schliisslech och ëm d‘Widderhierstelle vun der syrescher territorialer Integritéit. D‘Truppe vum Baschar al-Assad maachen dank der Ënnerstëtzung duerch Russland grouss Fortschrëtter an d‘Hëllefsliwwerung ganz ze stoppen, géif dem Regime vun Damaskus an d‘Hänn d‘Spillen. Dat awer wollt Däitschland mat alle Mëttel verhënneren. An esou geet de Biergerkrich elo weider.

De Baschar al-Assad kontrolléiert an der Tëscht nees gutt zweedrëttel vum Land. Virun allem huet sech Damaskus nees d‘Kontroll iwwert all d‘Groussstied geséchert, an Experte sinn sech eens, datt ouni d‘Hëllefsgidder, d‘Rebelle längst iwwerrannt a verjot (oder ëmbruecht) gi wieren. Säit 2011, wou de Biergerkrich ausgebrach ass, sinn a Syrien mindestens eng hallef Millioun Leit gestuerwen.

An elo huet sech och de Coronavirus Covid19 an de Konflikt agelueden. Zu Idlib gouf rezent den éischten Infektiounsfall gemellt. Et dierfte wuel méi Mënsche mam Virus infizéiert sinn, mee et ass net einfach sécher Diagnosen ze stellen. Wéinst der Covid19-Pandemie hat den UN-Generalsekretär Antonio Guterres d‘Welt zu engem Waffestëllstand opgeruff, mee dem Appell ass keen nokomm.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Den US-President wollt seng Männer net fir ee Grapp Sand a Syrien kämpfe loossen an huet der Tierkei den Terrain iwwerlooss, wat d‘Kurde gezwongen huet sech op d‘Säit vum Regime zu Damaskus ze schloen. Mat engem Grenziwwergang dierft et schwiereg ginn, d‘Leit mam Wichtegsten ze beliwweren. © Kunj Parekh / unsplash

Related topics humanitär Hëllef, Resolutioun, Russland, Syrien, UN-Sécherheetsrot, UNSC
Next post Previous post