Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
triple dating ideas Neiegkeeten

dating old photographs family history

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

dating profile captions
triple dating ideas Neiegkeeten

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!
triple dating ideas Neiegkeeten

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!

Dësen Artikel ass vun Taxx.lu gesponsert Et ass all Joers

USA: „Russland soll sech aus Venezuela eraushalen“

US-President verséchert der Fra vum „Interimspresident“ Juan Guaido seng Ënnerstëtzung zou

USA: „Russland soll sech aus Venezuela eraushalen“

Gëschter war d‘Fabiana Rosales, d‘Fra vum Juan Guaido – dee sech selwer zum Interimspresident vu Venezuela proklaméiert huet, a vu ville Länner, ganz besonnesch awer den USA, unerkannt ginn ass – op Besuch beim Donald Trump. Si huet sech bei dësem fir d‘Politik vun hirem mann staark gemaach. Deen huet d‘Geleeënheet genotzt fir Moskau d‘Grenze vun der Aussepolitik opzeweisen.

Esou huet den Donald Trump, deem et schéngt en Häerzensuleies ze sinn, déi ganz Welt an d‘Chaos ze stierzen (Stéchwuert Golanhéichten) am Kontext vun der Entrevue, Russland opgefuerdert, sech aus Venezuela zréckzezéien. Wéi eng Drockmëttel d‘USA hunn, fir d‘Russen zu esou engem Schratt ze bewegen? „Dat wäerte mir da gesinn, all d‘Optioune leien um Dësch“, esou den US-President.

Venezuela

Firwat esouvill verbal Aggressioun? De leschte Weekend sinn 2 russesch Militärfliger zu Caracas gelant, a mat hinne wieren eng honnert russesch Zaldoten an de Venezuela ageschleist ginn, wat den US-Vizepresident Mike Pence als eng „onnéideg Provokatioun“ bezeechent huet. Dobäi gëtt séier iwwersinn, wéi eng Beweeggrënn d‘USA tatsächlech hunn, sech fir e Regimewiessel anzesetzen.

Et geet ëm Liewen oder Dout

Fir d‘Fabiana Rosales geet et am Venezuela eenzeg an eleng ëm d‘Fro: „Fräiheet oder Diktatur, Liewen oder Dout“. A wëll esou Sätz „Et sinn d‘Kanner déi de Präis vun der Kris ze bezuelen hunn“ näischt vun hirer Wierkung verluer hunn, ass och dëse vum Fabiana Rosales opgedëscht ginn. Dat ass sécher richteg, léist awer net erkennen, wiem déi Kris tatsächlech unzelaaschten ass.

Wat déi „militäresch Ënnerstëtzung“ vu russescher Säit betrëfft, esou huet den Ausseministère zu Moskau erkläert, datt dës Moossnam a strikter Konformitéit mat der venezuelanescher Verfassung, wéi dem bilateralen Ofkommes zur militärescher Zesummenaarbecht steet. Iwwert d‘Zuel vun den Zaldoten, an wat déi eigentlech Missioun ass, dozou huet sech de Ministère net geäussert.

Venezuela

Och d‘Entrevue tëscht dem Fabiana Rosales an dem Vizepresident Mike Pence, war éischter „häerzlech“. Hien huet sech geéiert gefillt, d‘Fra vum eenzeg legitiméierte President vu Venezuela empfänken ze dierfen, an him verséchert „Mir si mat iech, mir stinn un ärer Säit bis d‘Fräiheet nees retabléiert ass“. © White House

Et sollt een sech awer an Erënnerung ruffen, datt et Washington war, dat als éischt eng militäresch Optioun erwähnt huet. Och déi ganz provozéiert Aktiounen op de Grenzen, an d‘Abanne vun den Nopeschlänner, muss déi venezuelanesch Regierung als Bedreeung deiten. Et ass folglech logesch, datt och de Nicolas Maduro, sech mat senge „Partner“ Gedanken iwwer Géigemoossname mécht.

mat indymedia/was

Foto: „80% vun der Bevëlkerung vum Venezuela huet keng Muecht. Si versichen eis Moral ze briechen“, esou d‘Fabiana Rosales bei hirem Besuch am Wäissen Haus. „mee losst mech iech soen, datt et e Liicht gëtt, an düest Liicht ass hei“. © White House

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Fabiana Rosales, Juan Guaido, Mike Pence, Russland, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel