Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken
International Neiegkeeten

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn
International Neiegkeeten

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn

Dëse 6. Oktober sinn déi fënnef Gewerkschaften a Beruffsverbänn, déi

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung
International Neiegkeeten

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung

D’Angscht, datt d’Joer 2017 grad esou schlëmm géif ginn wéi

Russland verännert sech

Soll d‘Verfassungsreform dem Vladimir Putin säi Job als President bis 2036 sécheren?

Russland verännert sech

Dat russescht Parlament (Duma) muss sech an der zweeter an ofschléissender Liesung, mat der gréisster Verfassungsännerung an der Geschicht vum Land befaassen. Mat dëser Reform dierften och d‘Befugnisser vum President erweidert ginn.

A Russland ass d‘Meenung wäit verbreet, datt d‘Verfassungsännerung kéint mëssbraucht ginn, fir de Vladimir Putin dauerhaft un der Muecht ze halen. Tatsächlech kéint de 67 järege Kreml-Chef mat dëser Reform nach emol 12 Joer d‘Mandat vum President ausfëllen. Déi aktuell Verfassung beseet, datt dem Vladimir Putin seng Amtszäit 2024 op en Enn geet. Wëll hien elo weidermaachen?

Déi grouss Maskarad

Wann ee bedenkt, iwwert wat net alles am Kontext vun dëser Verfassungsreform geschwat ginn ass. Nieft der héicht vun de Renten an dem Mindestloun, war esouguer rieds dovunner „Gott“ an der neier Verfassung ënnerzebréngen. Mee wéi ze erkennen ass, waren déi grouss Diskussiounen eng grouss Maskarad. Et ass ersiichtlech, datt et nëmmen ëm eppes gaangen ass: d‘Muecht!

Eigentlech misst de Vladimir Putin 2024 an d‘Pensioun, well déi aktuell Verfassung, him méi wéi zwou Mandatszäite verbitt. Eng Virgab, déi de fréiere KGB-Offizéier schonn emol gekonnt ëmgaangen hat, wéi hie mam Premierminister Dmitri Medvedev fir véier Joer d‘Plaze getosch hat, fir dann uschléissend op en Neits selwer un der Spëtzt vum Land ze stoen.

Nach emol esou een „Theaterspill“ wollt de Kreml net méi zouloossen, wat derzou gefouert huet, datt dem Vladimir Putin seng Strategen sech dat mat der Verfassungsreform ausgeduecht hunn. De Gedanken dohannert: no der Opfaassung vum Kreml, gëtt mat enger neier Verfassung d‘Zuel vun de Mandatszäiten nees op „0“ gesat, firwat de Vladimir Putin sech nach emol presentéieren.

E politeschen Zaubertrick, deen opzegoe schéngt. Zudeem war sech gescheit ugestallt ginn. Fir der Reform en Hauch „Demokratie“ anzeverleiwen, war et dann och net de Vladimir Putin, dee gefuerdert huet déi bestoend Mandatszäitbegrenzung opzehiewen. Dee Part huet eng Deputéiert vun der Regierungspartei „Vereente Russland“ an der Duma iwwerholl. Mat Erfolleg, wéi gewosst ass.

Verwonnerlech dann och, datt de Parlamentspresident erkläert huet, datt een dës Propose zäitno misst bespriechen… mam Vladimir Putin. Deen ass dann och an d‘Duma komm an huet erkläert, datt hie prinzipiell dësem Virschlag zoustëmme kéint, mee et miss een dëse Passus awer nach am Virfeld vum Verfassungsgeriicht op seng Rechtméissegkeet iwwerpréiwe loossen.

Wat et brénge soll

Bis heihinner gesäit alles zolidd no Gemauschels aus. D‘Parlament huet de Virschlag direkt ugeholl an och déi iewescht Riichter wäerten sech net dem President an de Wee stellen. Et ass zudeem och net dovunner auszegoen, datt et beim Verfassungsreferendum vum 22. Abrëll Widderspréch wäert ginn. Zanter Joren ass d‘Oppositioun gegängelt, geschloen an deels am Prisong ënnerbruecht ginn.

Wéi kann et do zu fairen Ofstëmmungsdebatte kommen? Woubäi jo „Oppositioun“ och net gläich Oppositioun ass. Et sollt een sech dann och vläicht drun erënneren, datt de Vladimir Putin elo säit gutt 20 Joer un der Muecht ass, an eigentlech vum Vollek gutt ugeholl gëtt. Hien huet Russland nees op der internationaler Bühn a Positioun bruecht, an am Inland leeft et esou schlecht och net.

Richteg ass och, datt de Vladimir Putin vill Energie opgewannt huet fir seng „politesch Géigner“ kleng halen. D‘Oppositioun gëtt systematesch ënnerdréckt, d‘Land ass ganz op hien ausgeriicht. Esou kontrolléiert hien net nëmmen d‘Politik, mee och de ganze Sécherheetsapparat a grouss Deeler vun der Wirtschaft. Et leeft souzesoen alles no senge Reegelen, a wann net… da rabbelt et.

Mee et ass och hei net alles Gold just well et blénkt. Eigentlech ass de Vladimir Putin am eegene System gefaangen. Dat heescht, esouguer wann hie wéilt goen, kéint hien dat net esou einfach duerchsetzen. Hien huet ee Russland opgestallt an deem et keng onofhängeg Institutioune gëtt. Ob Parlament, Parteien oder Geriichter… si all hänke vum Wëlle vum President of.

Géif de Vladimir Putin muer „verschwannen“ dreet Chaos, an dat wier nach déi gënschteg Optioun. Hie muss also bleiwen. Dozou gëtt gären ugedeit, datt hien dat och zur eegener Sécherheet mécht, wëll esoulaang wei hie President ass, kënnen seng Géigner hien net ugräifen. Wat elo gutt fir de Putin ass, muss net zwéngend gutt fir Russland sinn. Dat awer soll de Russen hire Problem bleiwen.

mat indymedia/mow

Foto: Zwee Amendementer an der Verfassung hunn et a sech: 1) et kann e Bestietnes nëmmen tëscht engem Mann an enger Fra ginn; 2) Gott kritt seng eege Plaz am Text (de patriotesche Bréif) © Cne

Ähnlech Sujeten Duma, Gott, Kreml, Russland, Verfassungsreform, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel