Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint de Kriibs rocken!
International Neiegkeeten

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

Europa kënnt den 2020 Ziler fir d’Erwerbstätegkeetsquot mi no
International Neiegkeeten

Europa kënnt den 2020 Ziler fir d’Erwerbstätegkeetsquot mi no

2017 louch d’Erwerbstätegkeetsquot an der EU bei 72,2%. Domat ass

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem
International Neiegkeeten

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng

Russland: 40 Persoune stierwe bei Aeroflot-Drama

Nom Fligeraccident um Moskauer Fluchhafe fänken d‘Ermëttlungen un

Russland: 40 Persoune stierwe bei Aeroflot-Drama

Hënt kuerz no Mëtternuecht, hunn d‘Medien éischt Informatiounen zum dramateschen Accident erhalen, bei där – esou de virleefege Bilan – 41 Persoune verstuerwe sinn. D‘Elena Markovskaja, Spriecherin vun der Kommissioun déi mat den Ermëttlunge beoptraagt ginn ass, bestätegt hei och d‘Iwwerliewe vu 33 Passagéier a 4 Besatzungsmemberen.

Bis spéit an d‘Nuecht eran, huet de russesche Staatssender déi vun den Autoritéite verëffentlecht Lëscht mat den Nimm vun den Affer gewisen. An de „Pausen“ ëmmer erëm d‘Biller vun der Noutlandung. Ganzer 3 Versich huet de Pilot vum Aeroflot-Fluch 1492 – eng SSJ100, bekannt als Superjet, déi vun der russescher Fluchgesellschaft fir de Regionalbetrib agesat gëtt – fir de Fliger op de Buedem ze kréien. Et ass gutt ze erkenne wéi d‘Maschinn e puer mol haart opsetzt a Feier fänkt.

Wéi d‘Maschinn schlussendlech zum Stëllstand kënnt, huet den hënneschten Deel vun der SSJ100 schonn onwidderrufflech a Flame gestanen an iwwer d‘Noutrutsche konnten sech 37 Mënschen a Sécherheet bréngen. Séier waren d‘Rettungsdéngschter op der Plaz an Ambulanzen aus ganz Moskau sinn op de Fluchhafe Sheremetyevo geruff ginn.

An dësem Kontext huet déi russesch Gesondheetsministesch, Veronika Skvorozova, informéiert: „Am Asaz waren och 2 Helikopter, déi onmëttelbar nom Accident op der Plaz waren. De Rettungsasaz ass ouni Problemer vu Statte gaangen, alleguerten hu se séier an effektiv gehandelt. Déi verletzte Persoune sinn an enger éischter Phas op déi ëmleiend Spidäler verdeelt ginn, vu wou aus si an aner Etablissementer, déi op Verbrennunge spezialiséiert sinn, weidergeleet goufen.

Russland

D‘Ermëttler sollen dann och schonn ugefaangen hunn de Virfall ze analyséieren. Gewosst ass datt de Fliger sollt op Murmansk fléien, de Pilot awer direkt nom Start e Noutsignal ofgesat, an entscheet huet zréckzefléien. Mee wat war geschitt? Dozou gëtt esou kuerz nom Accident net wierklech vill ze soen. D‘Aussoe vu Passagéier a Fluchpersonal divergéieren.

Jee no Versioun, soll et emol e Blëtzschlag, dann erëm en technesche Problem gewiescht sinn. Wat dann elo genee d‘Ursaach ass, muss d‘Enquête erginn. De Pilot jiddefalls, dee wier erfuere gewiescht. Vun der Aeroflot gëtt confirméiert, datt de fréiere 737-Pilot zanter 2 Joer d‘SSJ100 flitt an op iwwer 6.800 kënnt. Nom Virfall huet sech och de Vladimir Putin zu Wuert gemellt. Hie versprécht eng streng Enquête an huet de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgedréckt.

De leschte bekannte Virfall mat enger „Sukhoi Superjet“ hat et 2012 an Indonesien ginn. Datt bei enger Demonstratioun viru potentiellen Investisseuren an déi russesch Aviatioun. Deemools waren all déi 45 Persounen u Bord vum Fliger gestuerwen. De Fliger SSJ100, ass deen éischte russesche Passagéierfliger aus eegener Produktioun, zanter dem Zerfall vun der Sowjetunioun.

mat indymedia/mow

Foto by kokpitaero

Ähnlech Sujeten Aeroflot, Fligeraccident, Moskau, Russland, Schéisserei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel