Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
International Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

surprise
Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen
International Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen

An der Mobilitéit léisst sech de Fortschrëtt net ophalen. Google

money
Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt
International Neiegkeeten

Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt

Nodeems d’US-Administratioun sech fir Douanestaxen op Stol an Aluminium entscheet

Ryanair: Nom Streik vum Kabinnepersonal, elo och d‘Piloten

Ryanair: Nom Streik vum Kabinnepersonal, elo och d‘Piloten

Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair ass konfrontéiert mat engem Sozialkonflikt, deen et an dëser Branche esou éischte seele gëtt. Dem groussen europäesche Streik vum 10. August hunn sech elo och d‘Piloten aus Däitschland an Holland ugeschloss. Matten an der Vakanzenzäit ginn esou e Freideg honnerte Flich annuléiert.

Aus an a Richtung Däitschland falen e Freideg 250 Flich aus, heescht et säitens Ryanair. Dozou kommen déi 146 Ausfäll, duerch d‘Aarbechtsnéierleeung vun de Kollegen aus Schweden, Irland an der Belsch. Um Mëttwochowend huet déi hollännesch Pilote-Gewerkschaft VNV bekannt ginn, datt och si sech dem Streik uschléissen.

D‘Direktioun vun der Fluchgesellschaft, déi esou kuerzfristeg näischt zu de Konsequenze vun dësem Uschloss soe konnt, versicht um haidegen Donneschdeg mat juristesche Mëttel déi hollännesch Pilote vum Streiken ofzehalen. Et ass net dovunner auszegoen, datt d‘Geriicht de Piloten de Streik wäert verbidden, esou d‘Gewerkschaft.

Chaotesch Zoustänn

Nom Streik vum Kabinnepersonal am Juli, wou 600 Flich gestrach goufen an europawäit ronn 100.000 Passagéier betraff waren, sinn dann elo d‘Piloten déi hir Fuerderungen iwwert e Streik betounen. Batter ass et an Däitschland, wou sech 42.000 Clienten eng aner Fluchgesellschaft siche musse fir hiert Zil ze erreechen. Am ganzen si 55.000 Passagéier vum Sozialkonflikt betraff.

Bei eisen däitschen Noperen, ass et de Beruffsverband Cockpit deen zum Streik opgeruff huet. 480 Piloten déi op eng Dose Fluchhafe verdeelt sinn, leeën um Freideg 3.00 Auer bis e Samschdeg 0.59 Auer hir Aarbecht néier. An Holland geet de Streik vun ee Freideg Mëtternuecht bis e Samschden 23.59 Auer. Detailer zu Schweden, Irland an de Belsch leie keng vir.

Alles fir de Kollektivvertrag

„Mir gesi bei Ryanair net de Wëllen sech op Kollektivvertragsverhandlungen anzeloossen“, erkläert de Martin Locher, President vun der Pilotevereenegung Cockpit, deen däitlech Verbesserunge vun den Aarbechtskonditiounen an eng Lounerhéijung fuerdert.

Fir de Kenny Jacobs, Marketingchef bei Ryanair, deen sech bei enger Pressekonferenz zu Frankfurt liicht veriergert gewisen huet, sinn d‘Beschëllegunge vun der Pilotevereenegung net haltbar: „Mir bedaueren d‘Entscheedung vu Cockpit, un dëser onnëtzer Aktioun festzehalen“.

Ryanair

De Marketingchef Kenny Jacobs kann net verstoen, wéi et Pilote méiglech ass ze streiken, wou se dach bis 190.000 Euro am Joer verdéngen. Et wier ongerecht géintiwwer der Gesellschaft, déi alles fir hir Pilote mécht. Dat gesinn d‘Gewerkschaften eppes differenzéiert. © Frank Rumpenhorst/dpa/AFP

Laut dem Kenny Jacobs, huet d‘Gewerkschaft sech zum Streik entschloss, obwuel den 3. August eng Propose virgeluecht ginn ass, dräi Deeg virum auslafe vum Ultimatum. „Eis Piloten an Däitschland hunn exzellent Aarbechtskonditioune. D‘Pai kann hei bis zu 190.000 Euro/Joer bedroen an d‘Moyenne läit bei ronn 150.000 Euro/Joer. Dëst Joer sinn d‘Gehälter ëm 20% gestigen“.

De Sozialkonflikt ass zugläich den éischte Pilotestreik, deen déi iresch Fluchgesellschaft a verschidde Länner gläichzäiteg trëfft. Déi lescht Woch an am Juli, hate bei Ryanair just d‘Piloten aus Irland gestreikt. Den Impakt op d‘Fluchbewegunge war begrenzt.

Schlechte Management?

D‘Gestreits am Grupp Ryanair ass public ginn, nodeems et am September 2017 zu Problemer beim Pilote-Management komm ass. Dat hat zu schwéieren Ausenanersetzungen a Chaos gefouert, an de folgende Méint sinn 20.000 Flich ausgefall. Dës Kris hat Ryanair gezwongen eng 180° Wenn ze maachen an a verschiddene Länner Verhandlunge mat Gewerkschaften opzehuelen.

Gewerkschaften ass allerdéngs dat lescht wat d‘Direktioun wëll, a stänneg gi Mëttel a Weeër gesicht déi auszeschléissen. Esou huet Ryanair déi lescht Woch ugekënnegt, datt Fliger vun Dublin a Polen verluecht ginn. Domatter ginn eng 300 Aarbechtsplazen, vun deenen der 100 op Piloten entfalen, an Irland fleeten. D‘Aarbechtsrecht a Polen ass zudeem méi „Patronatsfrëndlech“.

All „Trick“ ass gutt fir Goss ze maachen

Virgeworf gëtt Ryanair, eng aggressiv Gehälterpolitik ëmzesetzen, a Cockpit denoncéiert den Asaz vun ireschen Aarbechtsverträg an Däitschland. Dat ass legal, mee weist och drop hin, wéi lächerlech Europa ass. Anstatt sozial Standarden op héijem Niveau unzepassen, kréien „international“ Acteuren de rouden Teppech ausgerullt, fir d‘Standarden op de Minimum erofzeschrauwen.

„Verbesserunge sinn net méiglech ouni eng Erhéijung bei de Personalausgaben, mee Ryanair huet eng Hausse vun dësen Ausgabe strikt ausgeschloss. Leider huet Ryanair och keng Informatiounen zu engem méiglechen Handlungsspillraum geliwwert, déi derzou bäidroe kéinten eng Léisung ze fannen. Ryanair ass Verantwortlech datt et zum äusserste kënnt“, esou de Martin Locher.

Ryanair sengersäits, gesäit sech als „Musterschüler“ am Secteur vun de Bëllegfluchgesellschaften, a begrënnt dat mam Argument, datt hir Pilote besser bezuelt gi wéi déi vun Easyjet an Norwegian. Et gëtt (elo endlech) och versprach, datt bis Chrëschtdag, all däitsche Pilot, e korrekte Ryanair-Vertrag kritt, géintiwwer 80% elo.

mam Florian Müller an dem Yann Schreiber/AFP

Ähnlech Sujeten Europa, Kollektivvertrag, Piloten, Ryanair, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    2

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    3

  • Crazy

    0

  • Love

    0