Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Politik mat Käpp
Neiegkeeten https://moien.lu/dating-website-hobbies/

bisexual speed dating nyc

Virun der Wahl ass no der Wahl. Sou oder op

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten
Neiegkeeten https://moien.lu/dating-website-hobbies/

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten

Virun zwee Méint hat den US-Sonnerermëttler Robert Mueller säi Rapport

Blues’n Jazz Rallye – Informatiounen zum Transport
Neiegkeeten https://moien.lu/dating-website-hobbies/

Blues’n Jazz Rallye – Informatiounen zum Transport

Zum musikaleschen Evenement vum Blues’n Jazz Rallye un dësem Samschdeg,

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Sportlech Aktivitéite fir jonk Leit vun 11 bis 17 Joer während der Vakanz

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg all Summer, fir Kanner am Alter tëscht 11 a 17 Joer d‘Sport-Wochen. D‘Editioun 2019 fënnt statt vum 14. Juli bis den 8. September a stellt sech zesummen aus „5 Mini Sport-Wochen“ fir ganz jonk vun 11 an 12 Joer. Fir d‘Kanner am Alter vun 13 bis 17 Joer, sinn et 14 Wochen.

Dës Stage hunn eng Dauer vu 4 bis 7 Deeg (mat oder ouni Iwwernuechtung) a kënnen esouwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland ofgehale ginn. Am Kontext vun dëse Stagen, kënnen d‘Kanner nei Sportaarten entdecken, a sech an enger Disziplin perfektionéieren, nei Frënn kenneléieren, an och soss vill Spaass hunn. Dat ganz natierlech am géigesäitege Respekt, vun deenen anere Kanner bis hin zu de Moniteuren an Educateuren.

Sport-Wochen

Sënn an Zweck vun de Sport-Wochen, ass d‘Ëmsetzung vum Stater Schäfferot sengem Wëllen de Jongen a Meedercher aus alle soziale Schichten, sportlech Aktivitéiten unzebidden, an iwwert dëse Wee derzou bäizedroen, datt si sech an engem flotte Kader an bei gudder Atmosphär entfale kënnen. Et dréit jo nieft dem net ze vernoléissege Gesondheetsaspekt, och nach zur Entwécklung vun de Sozialkompetenze bäi.

Oppe Plazen

Alles an allem ginn et 300 Plazen, an well d‘Offer méi wéi nëmmen interessant ass, sinn déi relativ séier vergraff. Mee et gëtt der nach, an et sollt ee, wann een interesséiert ass, sech elo esou lues begannen. Fir déi am Alter vun 11 an 12 Joer, ginn et nach Plazen an de Stagen: „Multisports“ déi an der Stad ofgehale ginn, an de „Mini-Sailing“ fir deen et an Holland geet.

Fir déi jugendlech am Alter vun 13 bis 17 Joer sinn nach Plaze fräi an de Stagen zu Lëtzebuerg: Wakeboard, Asiatesch Kampfkonscht, Multisports, an nautesch Aktivitéiten. Bei de Stagen zu Brouwersdam (Holland) kann ee sech nach fir d‘Seegelen, Wandsurfen an Kitesurfen mellen.

Sport-Wochen

All d‘Aktivitéite gi vun Trainer mat Staatsbrevet gemaach, an si ginn an Zesummenaarbecht mat der Veräiner aus der Stad Lëtzebuerg an dem Land assuréiert. Fir de generellen Encadrement, sinn brevetéiert Animateuren um Start. Si hunn eng Formatioun (Theorie & Praxis) beim Sportdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg gemaach, déi och vum Familljeministère unerkannt ass.

Fir all Detail gewuer ze ginn, kann ee sech hei d‘Broschür eroflueden. De Programm ass och am Biergerzenter, op der Rocade an natierlech am Sportdéngscht erhältlech. Ënner www.sports.vdl.lu kritt dir nach weider Informatiounen, wéi och d‘Formulaire fir sech anzeschreiwen. Ass deen ausgefëllt, soll e per e-Mail un den mschaal@vdl.lu, oder mat der Post un de Sportdéngscht, 5 Schluechthaus-Strooss, L-1111 Lëtzebuerg geschéckt ginn.

matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, aus dem franséischen Iwwerdroe vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Kanner, Sport-Wochen, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel