Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Woch vun der virtueller Realitéit zu Thionville
International Neiegkeeten https://moien.lu/strangest-dating-sites/

what to avoid when dating a guy

Scho säit geraumer Zäit gëtt d’virtuell Realitéit an 360° Biller

https://moien.lu/dating-marriage-app/
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
International Neiegkeeten https://moien.lu/strangest-dating-sites/

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer
International Neiegkeeten https://moien.lu/strangest-dating-sites/

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt

Washington ass saierlech a wëll Sanktioune géint säin NATO-Partner verhänken

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt

Well d‘Tierkei net agesäit firwat se deiert US-Material kafe sollt, wann de russesche Waffesystem S400 hire Besoinen entsprécht, an et sécherlech den Ament diplomatesch tëscht béiden Natiounen net esou ronn leeft, ass de Konsens bannent der nordatlantescher Allianz an d‘schleidere geroden.

An elo huet dann och trotz heftegstem Widderstand vun den Amerikaner, déi éischt Liwwerung vum S400-Rakéitenofwiersystem tierkesche Buedem erreecht. Ankara hat, knapps datt déi russesch An124 an der tierkescher Haaptstad gelant war, d‘Nouvelle séier verbreet an ugekënnegt, datt et iwwert déi nächst Deeg zu weidere Liwwerunge kënnt. Elo muss Ankara sech mat de Konsequenze befaassen.

S400

Et dierf betount ginn, datt et déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Allianz ass, datt e NATO-Partner Krichsmaterial vum „ideologesche Feind“ bezitt. Dat bréngt mat sech, datt sech berechtegt Zweiwel breet maachen an esouguer gefaart gëtt, d‘Tierkei kéint an den Aflossberäich vu Moskau geroden. Et sinn also net eleng d‘Amerikaner, déi mat dësem 1,8 Milliarden-Deal e Problem hunn.

Woubäi et Washington ass, vu wou aus elo mat Sanktioune géint den Erdogan-Regimm gedreet gëtt. D‘USA hunn Angscht, datt duerch d‘Installatioun vun dësem russesche Rakéitenofwiersystem, déi eege Fliger bedreet sinn. Den Donald Trump wëll elo och keng F35-Kampfjets un d‘Tierkei liwwere woubäi déi um Bau bedeelegt sinn an der 116 bestallt hunn. Dofir gëtt et esouguer en US-Gesetz.

Si hu gutt virgesuergt…

Am US-Gesetz „Caatsa“ aus dem Joer 2017, ass festgehale ginn, datt all d‘Geschäfter mat russesche Waffenhiersteller ënner Strof stinn. Reng „technesch“ betruecht, sollen d‘US-Sanktioune schonn dann a Kraaft trieden, wann déi éischt Deeler vum Rakéitenofwiersystem d‘Grenz iwwerschreiden.

Zu Moskau dierften se mat sech zefridde sinn. Si hunn den Amerikaner den Dicks gebéit a kënnen nëmme begréissen, datt d‘Ausliwwerung vun den S400 esou onproblematesch vu Statte gaangen ass. Et géif alles wéi vereenbaart a konform zu de Verträg ofgewéckelt. Beim aktuelle Rhythmus, sollten d‘Liwwerungen Enn Oktober ofgeschloss an de Waffesystem dann asazbereet sinn.

S400

Géintiwwer den NATO-Partner versicht Ankara de Ball flaach ze halen. Esou huet den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu senge Partner verséchert, datt den S400-Rakéitenofwiersystem nëmmen am Noutfall géif agesat ginn. Esou ginn d‘S400 mat engem onofhängege Radar bedriwwen an net mat anere Systemer vernetzt. Gemengt ass déi vernetzt NATO-Loftofwier…

Sollt et – an et gëtt eigentlech kee Grond firwat sech Washington sollt zréckhalen – zu Sanktioune géint d‘Tierkei kommen, kéint déi schonn ugeschloe Wirtschaft nach eppes weider an d‘Schleidere geroden. Ob an a wéi engem Mooss sech déi europäesch NATO-Partner den US-Sanktioune kéinten uschléissen, dat ass zum jëtzegen Zäitpunkt net erkennbar. Eng Reaktioun wäert awer musse ginn…

Hannergrond: Wat huet et mat den S400 op sech?

Datt ee sech net beim „Feind“ mat Waffen andeckt, schéngt allgemeng unerkannt ze ginn, firwat sech d‘Fro stellt: „Firwat ass dëse Waffesystem fir d‘Tierkei esou wichteg?“. Dofir ass et néideg sech dem S400-Rakéitenofwiersystem eppes méi genee unzehuelen. Wat kann dëse Waffesystem?

Säit 2007 ass de russesche Rakéitenofwiersystem S400 operationell. Heibäi handelt et sech ëm e mobille Loftofwiersystem, dee vum Fliger bis zur Rakéit alles vum Himmel huele kann, op dat et ausgeriicht gëtt. Zum Asaz kommen: Kuerz-, Mëttel- a Laangstreckerakéiten. Et heescht d‘S400 kann Ziler a gréisser Distanz an Héicht treffen, wéi den US-Pendant „Patriot“. Nondikass awer och.

S400

Dorausser léisst sech ofleeden, datt esouguer d‘Experten der Usiicht sinn, datt d‘Russen eppes besser opgestallt sinn wéi den US-Militärkomplex. Net ze vergiessen, datt d‘S400 vum russesche Staatskonzern Rostec erhieflech manner Geld wéi d‘Patriot kascht. Besser a méi bëlleg, och dat duerchaus en Argument op dat ee sech zu Ankara stäipe kann. A véier Batterie goufe bestallt.

Laut dem CEO vu Rostec, Sergueï Tschemesov, soll d‘Tierkei alles an allem véier Eenheeten S400 erhalen. Eng Batterie verfüügt hei iwwer 12 Startanlagen. De Präis fir den Ensembel: 2,5 Milliarden US-Dollar. De Waffendeal begrënnt Ankara mat der Bedreeung vum Biergerkrichsland Syrien, firwat eng eege Rakéitenofwier noutwenneg ass. De Putschversuch vun 2016 dierft och matspillen.

Patriot: ze deier a net effizient?

Et ass dann och net esou, datt sech d‘Tierkei net mat den Amerikaner iwwert de Kaf vum Patriot Rakéitenofwiersystem ënnerhalen hätt. Schliisslech huet Ankara der Stationéierung vu Patriot-Batterien op sengem Territoire zougestëmmt. D‘Italiener an d‘Spuenier hunn hir Patriot opgestallt, géifen awer laut der Regierung, beschtefalls 30% vum tierkesche Loftraum schütze kënnen.

S400

Source: Anadolu Agency

Datt an dësem Kontext dann awer och geopolitesch Interessen hiert Gewiicht hunn, sollt een net ausschléissen. Den diplomateschen Dissens tëscht Ankara a Washington ass Fakt, an och déi nei US-Handelspolitik dréit zu engem bessere Versteesdemech bäi. Als Wirtschaftspartner awer ass Russland fir d‘Tierkei ganz interessant, besonnesch am energetesche Beräich (Äerdgas/Pëtrol).

Fir Russland bitt de Deal mat der Tierkei d‘Méiglechkeet, sech als „Waffenhändler“ nei um Weltmaart ze positionéieren. Sech e „Client“ aus de Reie vun der NATO ze kropen, ass jo och wierklech déi beschte Reklamm déi ee ka gemaach kréien. A wann et de Milliardär veriergert…

Wéi geet et elo mat de Sanktioune weider?

Geet et dem Pentagon no, da ginn d‘Tierke vum F35-Programm ausgeschloss. Dat wäert schonn an de nächsten zwou Wochen de Fall sinn. Zu den eigentleche Sanktioune gehéiert: de Verbuet vun Transaktiounen um Immobiliëmaart, Aschränkunge vun Exportlizenzen an Visa-Beschränkungen.

Ganz rechtens – och wa sech d‘Amerikaner dofir e Gesetz ginn hunn – ass dat mat de Sanktiounen net. Schliisslech gëllt innerhalb der NATO, datt all Land souverän entscheede kann, wéi eng Waffesystemer et sech zouleeë wëll. Woubäi dat scho méiglechst „an der Famill“ ze geschéien hätt. Dat erkläert och firwat ee bei der NATO de „Sträit“ als bilateral Ugeleeënheet betruecht gëtt.

S400

D‘Antonov AN124 ass eent vun de gréissten Transportfliger déi esou uechtert d‘Welt am Asaz sinn. Den S400 Waffesystem huet grad esou Plaz am Bauch vun dësem Gigant. © TheHawksOps

Der NATO jiddefalls kann et net zoudréiglech sinn, datt ee Partner géint deen anere Sanktiounen aféiert. Dat géif innerhalb der Allianz zu gréissere Schwieregkeete féieren, an de Generalsekretär Jens Stoltenberg hat bei sengem Besuch an der Tierkei am Mee gemengt, datt déi eenzeg Léisung fir d‘Tierkei doranner besteet, den S400-Rakéitenofwiersystem net installéiert an a Betrib hëlt.

Gutt, den NATO-Generalsekretär huet dat wierklech gesot an och batter eescht gemengt, mee hien dierft sech der Onsënnegkeet vu senge Wierder séier selwer bewosst gi sinn. Et ass – realistesch betruecht – och net unzehuelen, datt Ankara 2,5 Milliarden US-Dollar u Russland iwwerweist, fir déi „nei Spillsaach“ an engem Lager verfaulen ze loossen. Esou verréckt sinn d‘Osmanen net…

mat indymedia/bru/was/mow

Foto: Déi éischt S400-Waffesystemer sinn op der tierkescher Militärbasis Murted (bei Ankara) ukomm a sinn aus den Atonov AN124 ausgeluede ginn. Bis Enn Oktober soll déi ganz Bestellung ausgeliwwert an asazbereet sinn. © Adam Mgodi

Ähnlech Sujeten NATO, Russland, S400, Sanktiounen, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel