Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“
Crazy International Love Stories

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech um Dënschdeg

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober
Crazy International Love Stories

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober

D’Staat Lëtzebuerg informéiert de Public, datt de „Centre de Relaxation

angrycrying
Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
Crazy International Love Stories

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack

tonguelove

Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll

Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll

An Ungarn gëtt um haidege Sonndeg e neit Parlament gewielt. Dëst EU-Memberland huet sech an de leschte Jore besonnesch duerch säi Populismus a rietse Radikalismus ervirgedoen. Och de President Viktor Orban ass ëmstridden. Et gëtt awer Wëssenswäertes (oder och net), vun der Erfindung vum Rubik’s Cube bis zum wolle Schwäin.

Déi gutt al Zäit

D’Nostalgie vun der Vergaangenheet ass an Ungarn omnipräsent. D’Amateure vum Fussball, traueren der Zäit no, wou déi „Magical Magyars“ mat hirem Stiermer, Ferenc Puskas, vun 1950 bis 1953 d’Foussballwelt beherrscht hunn. An d’Geschichtsbicher halen d’Erënnerung u „Grouss Ungarn“ héich. Dat war virum Traité vu Trianon (1920), deen d’Land Zweedrëttel vum Territoire kascht huet.

E weidert Motiv esou richteg Houfreg ze sinn, ass d’Victoire iwwert d’Osmane bei der Belagerung vun Nandorfehervar (Belgrad). Hei haten d’Truppe vum Ritter Janos Hunyadi 1456 sech daper geschloen. D’Schluecht ass e feste Bestanddeel vun der kollektiver Erënnerung.

An den Hunnekinnek Attila? D’Verwandschaft vum ungaresche Vollek mam bekannten Eruewerer ass bis ewell net nogewisen. Et gëtt dofir awer vill Mythen, déi notamment an de nationalistesche Milieue gehätschelt a geträtschëlt ginn. De Virnumm „Attila“ ass dann och ee vun de beléiftsten, a gëtt och haut nach oft verginn.

De Balaton an dat wolle Schwäin

Ënnert den natierleche Kuriositéite vum Land fënnt een e Bannemier vu 600 Km2. An laanscht de Séi Balaton kënnt ee net. Zu der Zäit wou et nach d’Berliner Mauer ginn huet, war et déi Plaz, wou sech déi däitsch Familljen aus Ost a West Rendez-vous ginn hunn. Haut ass de „Balaton“ éischter bekannt fir seng Rave-Festivaler an e beléifte Reeszil fir déi russesch Jugend.

De verstoppte „Schatz“ vun Ungarn, bei deem Kichecheffe a Metzler op der ganzer Welt d’Häerz opgeet, ass en drolegt Schwäin, dat esou gekrauselt ass wéi e Schof. Mat sengem laange Pelz, dee sech wéi Woll ufillt, impressionnéiert de Mangalica a bitt eng ganz besonnesch Fleeschqualitéit mat héijem Fettgehalt. Dës rustikal Schwäin erfreet sech enger grousser Popularitéit.

Budapest: mat wéineg Geld richteg Feieren

Wäit ewech vun de Lännereien op deenen sech de Mangalica et gutt goe léisst: Budapest. D’Haaptstad vun Ungarn ass an de leschte Joren déi Destinatioun ginn, wou et sech „gutt op d’Tromm schloe léisst ouni aarm dobäi ze ginn“. Mee wat de Mënschen a Feierlaun entgéint kënnt, trëfft bei den Awunner op wéineg Versteesdemech.

Mat enger Dose „low-cost“ Flich all Dag, dem Humpe fir 1,50 Euro a sengen Appartementer fir 30 Euro d’Nuecht, zitt Budapest d’Nuetseilen aus ganz Europa un. Am Häerz vun der Metropole, den ale Juddequartier. Hei gëtt et op enger Fläch vun zwee Quadratkilometer, ronn 800 Bistroen, Restauranten a Diskothéiken.

„Udvözöljük!“ Wat sot dir?

„Aéoport, airport, aeropuerto“ dat versteet all Mënsch, mee „Repülötér“? „Football, Fussball, Futbol“ och dat ass kloer, mee „Labdarugás“? Also dat mat der Sprooch ass definitiv net esou einfach. D’Alphabet huet ganzer 42 Buschtawen, dovunner 14 Vokalen. An der Grammaire huet et 12 Zäiten a 35 verbal Endungen.

D’Akzenter, Wierder déi keen Enn fannen an de Vokabulär, deen esou guer net mat de indesch-europäesche Sprooche verwannt ass, dat ass ungaresch. Woubäi d’Sprooch dann awer bei de Linguisten immens beléift ass. E Fakt deen een elo awer net verstoe muss.

Fir all déi wou sech dann net als Linguist gesinn, ass ungaresch eng Sprooch, déi engem d’Schweessdrëpsen op d’Stir dreiwe kann. Elementar Wierder wéi: “üdvözöljük!” (Wëllkomm), “köszönöm” (Merci) oder “egészségedre!” (Gesondheet), verdäitlechen dat. Woubäi et nach Hoffnung gëtt, well “Hello” awer “Hello” bleift.

Erfinder mat vill Karma

Et ass wuel eng Bosseg Erfindung gewiescht, mee se gëllt als eng vun den Erfollegräichsten. Rieds ass vum Rubik’s Cube. Dëst „Gedoldsspill“, datt sech e puer honnert Millioune mol op der Welt verkaf huet, ass dann och méi bekannt wéi säin Erfinder den Ingenieur Erno Rubik (73). De Papp vun dësem Kultobjet, dat 2014 säi 40. Jubiläum gefeiert huet, ass allerdéngs „legendär“ diskret.

Mee d’Ungarn kënnen op eng ganz Rëtsch Erfindungen zréckblécken, déi d’Welt verännert hunn. An déi wëssenschaftlech an technologesch Traditioun ass hinnen erhale bliwwen. Erënnere mer un de Peter Karoly Goldmark, wou de Plackespiller (33 Toure) erfonnt huet an och ee vun de Pappe vun der faarweger Televisioun ass.

Oder den Albert Szent Gyorgyi, deen de Nobelpräis erhalen huet fir d’Entdeckung vum Vitamin C, an de Lazslo Biro, deen de Bic erfonnt huet. Net ze vergiessen, datt e gewëssenen Amerikaner, de Charles Simonyi, zu Budapest 1948 als Karoly Simonyi gebuer, den Auteur vun de Programmer „Word“ an „Excel“ ass.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Balaton, Mangalica, Parlamentswahlen, Rubik's Cube, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel