Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020
International Neiegkeeten

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an d’Hollerecher Strooss, duerch Kranaarbechten,

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
International Neiegkeeten

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich

Wéi soll de Projet Europa iwwerliewen, wann den Zesummenhalt scho regional auserneebrécht?

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich

Wëll d‘Regioun vum Grand Est als Covid19-Hotspot identifizéiert ginn ass, hat dat CDU geleete Saarland séier d‘Grenzen dicht gemaach, wat zu eppes Sträit gefouert huet. E Sträit deen elo op ieweschtem Niveau politesch konnt eppes entschäerft ginn. De beholl béidersäits de Grenzen awer dierft all Wonnen opgerappt hunn, d‘Frëndschaft esou wéi virun der Kris, wäert et net méi ginn.

De saarlännesche Ministerpresident Tobias Hans (CDU) schéngt erwisenermoossen net iwwerzeegt ze sinn, dat d‘Zesummenaarbecht mat den Noperen aus der Groussregioun (Frankräich a Lëtzebuerg) eng „win-win“ Situatioun fir all déi bedeelegt Acteuren ass. Hien hat seng Grenzen och fir d‘Grenzgänger zougemaach, wat zu Spannunge gefouert huet. Elo sinn se nees partiell op.

Zanter dem Donneschdeg ass dann och de wichtege Grenziwwergang tëscht Großrosseln (Saarland) a Petite-Rosselle (Loutrengen) nees vu moies 5 Auer bis owes 21 Auer op. Dat zumindest huet d‘Bundespolizei esou um Freideg bekannt ginn. Dat dem esou ass, ass awer net op den Tobias Hans zréckzeféieren. Heifir huet sech de saarlännesche Ministère fir Finanzen an Europa agesat.

SaarlandDe Bundesinneminister Horst Seehofer (CSU) huet den Appell anscheinend héieren, an deenen zoustännegen Autoritéiten entspriechend Uweisunge ginn. Mee mat der däitsch-franséischer Frëndschaft ass et net méi wäit hir. D‘Saarland hat sech geduecht datt eng zoue Grenz dee beschte Schutz ass, an direkt bis op sechs Grenziwwergäng all déi aner „entwidmet“ …

Streng rechtlech betruecht heescht dat, datt wien iwwert eng deklasséiert Grenz an d‘Land areest, mécht dat illegal. Domadder ass net nëmmen de Prinzip Schengenraum ad absurdum gefouert ginn, wat de ganze Projet EU a Fro stellt, mee déi zukünfteg Zesummenaarbecht an der Groussregioun op laang Zäit wäert behënneren. An dat och wann sech d‘Politiker no der Kris nees Hänn reechen.

SaarlandEt gëtt Berichter, datt sech däitsch Polizisten „offälleg“ Remarke geleescht hätten, an och op der franséischer Säit soll den Toun vun der Police éischter „ofwäertend“ gewiescht sinn. Fir all déi sëlleche Beruffspendler, eng komplizéiert Situatioun. Ëmweeër vu bis zu 100 Kilometer wieren net d‘Ausnam mee éischter d‘Regel gewiescht. Besonnesch betraff war d‘Fleegepersonal…

Dobäi war eigentlech virgesinn, datt Grenzgänger aus systemrelevanten Aktivitéitsberäicher net sollte behënnert ginn. D‘Saarland ass zudeem op d‘Infirmieren, Aide-soignanten a sonsteg an de Spideeler beschäftegt Frontalieren ugewisen. Déi esou ze kujenéieren, féiert zum Vertrauensbroch, an dee kann no der Kris net mat politesche Phrase retabléiert ginn. Dat wäert Suitten hunn.

Fir d‘Amelie, eng Infirmière déi säit dräi Joer an engem däitsche Spidol schafft, awer op hir Mann ugewisen ass fir op d‘Schaff ze kommen, well si nach ëmmer kee Führerschäin huet, war de Stress ze vill. Nodeems hir Mann si net huet dierfen op der Schaff ofhuelen, well dat der Bundespolizei keen ausräichend trëftege Grond war, huet dës Jonk Infirmière beschloss ze kënnegen.

Saarland„Wann se eiser net brauchen, hätten se net sollen no eis ruffen“, esou d‘Amelie dat sech ab e Méindeg nees ëm „déi eege Leit“ wäert këmmeren. „Elo wou och bei eis am Frankräich erkannt gëtt, datt een eis net mat Almose ka fidderen, gëtt et kee finanzielle Grond méi sech fir en däitsche Patron kromm ze maachen. An ech si bei wäitem net eenzegt wat esou denkt“.

D‘Infirmière huet dat ganz roueg esou zum Ausdrock bruecht, Roserei war keng ze erkennen, mee d‘Enttäuschung war hir ofzegesinn. Wann e bedenkt datt an Däitschland mindestens 40.000 Plazen an de Gesondheetsberuffer onbesat sinn, da war d‘Grenzschléissung vläicht awer net esou eng gutt Iddi. An der Groussregioun jiddefalls hänkt se Sege schif, well och Lëtzebuerger haten et schwéier.

Foto: D‘Lokalpolitiker aus Däitschland a Frankräich hu sech den 2. Abrëll op der Grenzbréck tëscht Großrosseln an Petite Rosselle getraff fir deem ganzen Theater deen den 20.Mäerz ugefaangen huet en Enn ze bereeden. Mee och si wëssen, datt et net domadder gedoen ass, wann sech d‘Politiker nees d‘Hänn reechen. Al Feindséilegkeeten hu sech nees breet gemaach dat léisst sech net esou séier nees gutt maachen. © Christophe Arend, Deputéierten

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Grenzgänger, Grenzschléissung, Groussregioun, Loutrengen, Saarland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel