Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Léisunge brauch eist Land
https://moien.lu/ard-dating-show/ Neiegkeeten

30 year old woman dating 22 year old

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen

dating sites like craigslist
https://moien.lu/ard-dating-show/ Neiegkeeten

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net

E Mëttwoch huet déi europäesch Unioun erkläert, dat „een immens

Iechternach: Feierlaun beim Séi.
https://moien.lu/ard-dating-show/ Neiegkeeten

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte

Deseskalatioun statt Säbbelgefuchtels a Krichsgebläers

An e puer Deeg bis Mee vun dësem Joer gëtt dat militärescht Säbbelgefuchtels a Krichsgebläers an Europa verdäitlecht

Deseskalatioun statt Säbbelgefuchtels a Krichsgebläers

D‘Arméie vun den USA wäerte mat der Bedeelegung vun 18 NATO-Staaten (dorënner och Lëtzebuerg mat enger minimaler logistescher Hëllefsstellung) dat militärescht Groussmanöver mat der Bezeechnung „Defender Europe 20“ duerchféieren. Mat dësem Manöver soll ënner Beweis gestallt ginn, datt et méiglech ass a kuerzer Zäit grouss Zuele vu militäreschem Material wéi Panzer an Zaldote queesch duerch Europa un déi russesch Grenz ze transportéieren. Eng Aart Stresstest fir militäresch Infrastrukturen an de Commandement.

Fir d‘NATO an d‘USA ass ee „méigleche Krich an Europa“ scho méi laang keen abstrakten Zeenario, mee éischter eng Optioun, déi ganz konkret virbereet muss ginn. Dobäi geet et bei dëse Gedankespiller manner ëm d‘Auswierkunge vun esou enger Konfrontatioun op d‘Zivilbevëlkerung, mee esou wéi et de Generol vun den US-Landsträitkräften, James McConville ausgedréckt huet: „Ech gesinn an engem Krich um europäesche Kontinent net d‘Gefor vun enger humanitärer Katastroph, mee déi vun engem logisteschen Albdram“.

37.000 Zaldote gi vun den USA bereetgestallt. Dovunner sinn der scho 17.000 an Europa stationéiert. De Rescht gëtt zesumme mat zousätzleche Panzer an anerem Gerät aus Nordamerika ageflunn a verschëfft, wéi d‘US-Sträitkräften an Europa scho méi bekannt gemaach hunn. Mat 20.000 Mann wären dat der esouvill wéi zanter dem „kale Krich“ virun engem Véierelsjoerhonnert net méi fir eng eenzel Militärübung iwwert den Atlantik bruecht goufen.

Dëst „Defender-Manöver“ soll zukünfteg all Joer widderholl ginn – net nëmmen als transatlantescht Manöver, mee parallel dozou och am pazifesche Raum. D‘Manöver sollen am Joreswiessel als „schwéier“ a „liicht“ Manöver stattfannen. Während 2020 d‘Manöver am Pazifik als „liicht“ Manöver duerchgefouert gëtt, an dat transatlantescht Manöver e gréisseren Ëmfang huet, stellt 2021 dat pazifescht Manöver d‘Schwéiergewiicht duer.

D‘Defender-Manöver sinn als Bedreeung géint Russland a China geduecht, militäresch Muskelspiller als Ofschreckung fir déi vermeintlech Feinden. Datt esou eppes net ouni Géigereaktioun bleift, erkläert sech vum selwen. Russland a China scheien sech dann och net, sech op dëst Säbbelgefuchtels a Krichsgebläers anzestëmmen.

D‘Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg leent dëst Säbbelgefuchtels a Krichsgebläers of. All militäresch Manöver sinn eng Provokatioun vum vermeintleche Géigner an eng Zouspëtzung vu bestoende Konflikter. Et gëllt Initiativen a Richtung Stäerkung vun de Vereenten Natiounen an der OSZE virunzedreiwen, Entspanungspolitik konsequent mat diplomatesche Mëttel unzestriewen, konkret Ofrëschtung op alle Gebidder gemeinsam ëmzesetzen, an der europäescher Unioun a bannent der NATO fir eng oppen a konstruktiv Dialog-Kultur mat Russland anzetrieden, wei och d‘Gespréichsstrukturen am wichtegen NATO-Russland-Rot konsequent auszebauen.

Och Lëtzebuerg sollt seng Bedeelegung un dësem Manöver kritesch iwwerdenken. Besonnesch Lëtzebuerg sollt sech senge Méiglechkeeten am Asaz fir de Fridden a géint de Krich méi bewosst ginn. Mat der Ënnerstëtzung vu militäreschem Opgeféiers, wou och ëmmer, gëtt dat net erreecht.

Matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Logo vum Manöver Defender Europe 20 © US Army

Ähnlech Sujeten Defender Europe 20, Krichsgebläers, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Militärmanöver, Säbbelgefuchtels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel