Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan
Cool Kultur Stories

Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan

Um Sonndeg huet d’EU Aserbaidschan opgefuerdert direkt déi verhaften Oppositionell,

laughing
D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl
Cool Kultur Stories

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl

D’lëtzebuergesch Youtuberin Tatta Text hëlt an hirem aktuellste Video d’Sloganen

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm
Cool Kultur Stories

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem

cool

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst hei zu Lëtzebuerg kaum een eppes mam Begrëff Manga unzefänken. Haut ass e wäitleefeg bekannt an et ginn mëttlerweil och Kënschtler*innen, déi sech an dem Stil üben. Dozou gehéiert d’Sabrina Kaufmann, déi un engem ganz besonneschen Projet schafft. Grond genuch, en Interview mat der Mangaka ze hunn.

En Ausschnëtt aus dem Manga Copyright: Sabrina Kaufmann

Du bass eng fräischaffend Manga-Ka zu Lëtzebuerg. Wéi genee kann een sech däin Aarbechtsdag virstellen?

Vue dass ech Freelance an gréisstendeels vun doheem aus schaffen, kann ech mech un sech esou organiséieren, wéi ech grad Loscht hunn a wéi d’Projete falen. Wann ech ee ganzen Daach doheem onënnerbrach kann schaffen, ginn ech awer oft dem selwechten Schema no. Moies këmmeren ech mech em di wichtegst Projeten mat Deadlines oder wou Leit drop waarden (zb. Administratioun, Events organiséieren, Kuren oder Commanden preparéieren). Generell Computersaache gi Mëttes gemaach (zb. Onlinekueren recorden, Mangasäiten screentonen, Websiten updaten) an Owes schaffen ech gréisstendeels gemittlech (zb. Mangasaiten virbereeden oder sketchen).

Ee „klasseschen“ Aarbechtsdag kann een sech dann net wierklech virstellen. Ech kann souwuel ee ganzen Daach ënnerwee si fir Workshops ze animéieren, souwéi einfach roueg un mengem Bureau setzen. Dat, wat mir immens gefält, ass, dass et ni monoton gëtt. Et ass och eng grouss Fräiheet dobäi, well ech un sech net mat der typescher 8h-17h Bureau’s Routine schaffen, mee meng Tâchen iwwert dem ganzen Daach verdeelen. Wann ech zb. de Metten ënnerwee sinn, kann ech ouni Problem d‘Projeten op den Owend verleeën. Ech si mir awer bewosst, dass ech vun menger Konscht liewen an dass eng Entreprise net lafe kann, wann d‘Aarbescht net gemaach ass; dofir plangen ech meng Wochen ëmmer mat detailléierten To-Do-Lists duerch fir direkt ze wëssen, wat gemaach gi muss.

Wat mécht de Projet vum Manga zum Schlass vun Ischpelt speziell?

Et ass fir mech eng Éier, fir bei esou engem groussen Projet matzewierken

Fir mech ass et ee speziellen Projet an der Hisiicht, dass et mäin éischten Manga ass, deen eng Collaboratioun ass. Bis elo hunn ech meng Geschichten ëmmer selwer organiséiert an dat gezeechent, wat mir gefält, mee hei sinn d‘Enjeue ganz anescht. Et ass net nëmmen „puren Entertainment“, mee eng historesch Reconstructioun, wou den Leit ee Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht soll matdeelen. Et ass fir mech eng Éier, fir bei esou engem groussen Projet matzewierken, an ech hoffen dass d’Lieser et appreciéieren wäerten – an, wien weess, vläicht jo och doduerch Loscht kréien, d’Schlass selwer ze besichen.

Wat war deng éischt Reaktioun, wéi s du kontaktéiert gi bass mat dësem Projet?

Ech mengen, als klengen Mangaka ass et en Dram, seng Wierker an Japan ze gesinn, wat jo d’Heemescht vun dëser Zort BD ass.

Fir ganz éierlech ze sinn, och wann dat elo e bëssi witzeg kléngt, war meng éischt Reaktioun: „Ass dat eng Arnaque?“

Den Här Ruth, General Manager vum Schlass, huet mech per Mail ugeschriwwen fir mech ze froen ob ech interesséiert wier, en historeschen Manga vum Schlass ze zeechnen. Dohannen stoung eng ekonomesch Missioun, fir den Lëtzebuerger Tourismus am Ausland ze promouvéieren – et sollt grad ee Manga sinn, well en op enger Foire a Japan dësen November virgestallt gëtt. Ech mengen, als klengen Mangaka ass et en Dram, seng Wierker an Japan ze gesinn, wat jo d’Heemescht vun dëser Zort BD ass. Wou ech den Mail gelies hunn, war ech dofir e bëssi dubitativ, well ech mir sot: „Wéi, dat kann dach net sinn? Ass dat wierklech keen Spam?“

Wou mir eis dann getraff hunn, fir méi konkret den Projet ze beschwätzen, war ech awer ganz opgereegt an motivéiert, fir matzemaachen. Et war zwar ee Manga, wéi ech et gewinnt war säit Joren ze zeechnen, mee vun der Thematik an dem Ziel hier war et eppes ganz aneschtes, wat mech immens interesséiert huet.

Wéi gesäit d’Recherche an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an dësem Fall aus?

Mat der Gemeng un sech hunn ech net zesummegeschafft. Di ganz Collaboratioun ass mat der Famill Ruth-Lodomez gelaf, där momentan d’Schlass gehéiert. Ech si fir een Daach agelueden ginn, fir di ganz Geschicht erkläert ze kréien an all di verschidde Raim ze visitéieren. Dat huet mir een Aperçu ginn, fir mir ongeféier virzestellen, wéi an wat ech méi genau duerstelle wollt. Als éischt hunn ech ee Skript fir d’Mise en page graff opgestallt, an unhand dovunner misst da Bildmaterial fonnt ginn, fir di final Säiten visuell duerzestellen. Den Här Ruth huet sech do ëm alles gekëmmert, an mir haten awer zimlech schnell den ganzen Recherchen Deel duerch.

Sinn sou Opträg eng gutt Geleeënheet, dech kënschtleresch weider ze entwéckelen?

Jo, definitiv. Ech sinn immens oppen fir Opträg, well si mir nei Iddien bréngen, wourop ech net onbedéngt vun mir aus géing kommen, an mech aus menger „comfort zone“ bréngen. Bei dësem Manga war et zb. ee groussen Challenge, esou vill Dekoren ze zeechen. Wie den Här Ruth sot, sollt d’Schlass selwer den Protagonist sinn – an et ass eng ganz aner Saach, esou een imposant Gebai amplaz vun engem Mënsch ze zeechen, woubäi och all kleng Detailer missten iwwerall stemmen. Et war net ëmmer einfach, mee ech sinn awer stolz bei esou engem Projet matgemaach ze hunn, an ech hoffen, d’Lieser wäerten d’Geschicht och appreciéieren!

Opmaacherfoto: Kayla Steel-Folliot

Ähnlech Sujeten Ischpelt, Kultur, Lëtzebuerg, Manga, Sabrina Kaufmann
Nächsten Artikel Virrechten Artikel