Preventioun ass alles: Wat gouf ofgesot oder verluecht?
Opgrond vun der aktueller Entwécklung ronderëm den neie Coronavirus huelen
Opgrond vun der aktueller Entwécklung ronderëm den neie Coronavirus huelen
D’Aktiounswoch ulässlech dem Weltdag vum Buch an den Auteursrechter rullt
Um Dënschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an den Akerbau-, Wäin- a Konsumenteschutzminister
Ënnerstëtzt gëtt d’Campagne vun der Tourismusdirektioun an der Direktioun vun de Mëttelstand vum Wirtschaftsministère, sou wéi vun der Handelskummer. Mat Safe to Serve ginn eng ganz Rei un Aktioune gruppéiert, déi d’Sécherheet a Gesondheet vum Personal an de Clienten zu all Moment garantéiere mussen. Vun 2.240 Etablissementer zu Lëtzebuerg sollen der scho ganzer 60 de Label droen, weider 120 hunn hir Demande eragereecht.
Generell mussen déi gastronomesch Strukturen d’Consignen vun der Horesca, déi an engem Guide zesummegefaasst gi sinn, berécksiichtegen an ëmsetzen. Fir de Label Safe to Serve ze kréie musse 4 onëmgänglech Kritären erfëllt ginn:
De Minister fir Mëttelstand an Tourismus Lex Delles © Martine de Lagardère/moien.lu
Gläichzäiteg wäert d’Horesca verschidde Moossnamen asetzen, fir esou d’Visibilitéit vun den Etablissementer, déi de Label droen, ze stäerken:
De Minister fir Mëttelstand an Tourismus Lex Delles huet dobäi betount, datt „Caféen a Restauranten Plaze vun der Renconter sinn, déi wichteg fir dat soziaalt Liewe sinn. Si sinn Deel vun der nationaler Identitéit a profitéieren vun engem exzellente Ruff, dat och iwwert d’Grenzen hannenaus.“ D’Reouverture vu Caféen a Restauranten gouf net nëmme vum Secteur, mee och vun de Bierger bänzeg erwaart.
D’Participatioun un der Campagne Safe to Serve ass gratis fir all Memberen vun der Horesca. Weider Informatiounen dozou ginn et op www.horesca.lu.
Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Carlo Thelen, CEO vun der Handelskummer; Alain Rix, HORESCA-President; Lex Delles, Mëttelstandsminister; François Koepp, HORESCA-Generalsekretär. © Martine de Lagardère/moien.lu