Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch
https://moien.lu/headlines-for-a-dating-website-examples/ Kultur doomsday preppers dating site

https://moien.lu/how-far-back-can-carbon-dating-go/

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun

tell me about yourself examples for dating
https://moien.lu/headlines-for-a-dating-website-examples/ Kultur doomsday preppers dating site

De Gunter Gabriel ass Doud

Wéi aus der Matdeelung vum Country- a Schlagersänger senger Agentur

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren
https://moien.lu/headlines-for-a-dating-website-examples/ Kultur doomsday preppers dating site

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren

62 Joer jonk, dräi Kanner, elengerzéiend. Dat sinn d‘Eckdate vum

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!

Um 11. Februar 2020 fënnt op der ganzer Welt de sougenannte Safer Internet Day statt. Ënnert dem Motto „Together for a better internet“ soll de sécheren, responsabelen a positiven Ëmgang mat der digitaler Welt am Mëttelpunkt stoen. Am Kader vum globalen Aktiounsdag ginn och zu Lëtzebuerg eng Rei Aktivitéiten an Aktiounen, ënnert anerem vu BEE SECURE, organiséiert.

Déi digital Welt hält eng Rei Geforen an Erausfuerderunge bereet. Mam Safer Internet Day (SID) solle Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Pedagoge mam konkreten Informatiounen a prakteschen Tipps de sécheren Ëmgang mam Internet léieren. Donieft geet et dorëm, d’Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet an de Medien op dëst Thema ze zéien, jo souguer Entreprisen, Institutiounen, Organisatiounen, Associatiounen a Privatpersounen um nationalen Terrain zur aktiver Participatioun ze encouragéieren.

Safer Internet Day

De Programm

Fi déi 16. Editioun vum SID hält de Programm vu BEE SECURE an aneren Organisatiounen net nëmmen Diskussiounsronnen a Presentatiounen, mee och Filmprojektioune vun ënnert anerem HER, een DigiRallye, den Digital Privacy Salon oder och de Lëtz Cybersecurity Challenge 2020 bereet.

Evenementer vu BEE Secure

  • Filmprojektioun HER um 11. Februar 2020
    Fir Lycéesklassen, mat uschléissender Diskussiounsronn
    A Kollaboratioun mam Kinepolis Kierchbierg
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Digital Privacy Salon um 11. Februar 2020
    Diskussiounsowend zu Konversatiounen a Privatmessagen, Mailen an der anonymmer Navigatioun
    Ënnert der Direktioun vum BEE SECURE Formateur Chris Pinchen
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Diskussiounsowend fir Elteren um 12. Februar 2020
    Thema ass déi sécher a responsabel Notzung vun den digitale Medien an der Technologie
    A Kollaboratioun mam Kanner-Jugendtelefon an der Police


  • Filmprojektioun mat Atelieren um 14. Februar 2020
    Thema ass d’Sammlung vun Daten, d’Iwwerwaachung an d’Vertrauen
    Zesumme mat der Privatschoul Saint-Anne


  • DigiRallye um 19. Februar 2020
    Pünktlech zur Fuesvakanz gëtt de Kanner mat verschiddenen Aktivitéiten d’Sécherheet um Internet méi no bruecht
    Weider Informatioune ginn et HEI

Safer Internet Day

Aner Evenementer an dësem Kader

  • Konferenz zum sexuelle Mëssbrauch vu Kanner um 11. Februar
    D’Prophylaxe ass de Schutz vum Affer – Wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus?
    Organiséiert vum Kanner-Jugendtelefon
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Presentatioun Understanding manipul@tion: a better internet starts with you! um 11. Februar 2020
    Zesumme mam Chris Pinchen vu BEE SECURE, organiséiert un der europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, a Kollaboratioun mat SMILE a BEE SECURE
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Live am Studio um 11. Februar 2020
    Aktivitéit fir Jonker, déi der Televisioun mat enger eegener Emissioun méi no komme sollen
    Organiséiert vum Centre Marienthal (SNJ)
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Lëtz Cybersecurity Challenge 2020 um 11. Februar 2020
    Concours, bei deem eng national Ekipp rekrutéiert gëtt, déi Lëtzebuerg um European Cybersecurity Challenge (ECSC) zu Wien am November 2020 vertriede soll
    Eng Initiative vun der ENISA
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Konferenz Safer Internet um 11. Februar 2020
    Thema sinn d’Geforen um Inernet
    Organiséiert vu Soroptimist International – Unioun Luxembourgeoise


  • Walk-In Together for a better Internet um 11. Februar 2020
    Um Makerspace Base 1 am Forum Geesseknäppchen
    Organiséiert vu BEE CREATIVE


  • Elterecafé um 11. an 12. Februar 2020
    D’Kand an d’Ecrane
    Organiséiert vu der Fondatioun Kannerschlass
    Weider Informatioune ginn et HEI


  • Informatesch Decouverte fir Leit am Alter vun 9-77 Joer vum 17. bis den 21. Februar
    Organiséiert vu Culture Info
    Weider Informatioune ginn et HEI

Iwwert de ganze Mount sinn Formatiounen, wéi och Publikatiounen um Blog vum Gust MEES (EN, FR) an um Digital Citizenship (EN) virgesinn.

Ähnlech Sujeten Bee Secure, Chris Pinchen, DigiRallye, European Cybersecurity Challenge, HER, Kanner-Jugendtelefon, Responsabel, Safer Internet Day 2020, Sécher, SNJ, Together for a better internet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel