Facebook ënner Beschoss wéinst schlechtem Ëmgang mat perséinlechen Daten
Facebook war um Méindeg de Mëttelpunkt vun enger Polemik, déi
Facebook war um Méindeg de Mëttelpunkt vun enger Polemik, déi
Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole
Um 11. Dezember huet déi Europäesch Kommissioun de mat grousser
Et ass well déi 16. Editioun vum SID, een Aktiounsdag, dee säin Ursprong am edukative Beräich huet. Mam Opkommes an der Entwécklung vun ëmmer neie Medien an Technologië wuessen och d’Erausfuerderungen un den Notzer. Ma genau do spréngt d’Plattform BEE SECURE an: Zil ass et ze sensibiliséieren an ze informéieren, dat mat zuelräiche Formatiounen (iwwer 1.100 Stéck fir 2019), Campagnen an Events. Donieft setzt d’Initiativ sech awer och fir an der Berodung, mellt illegal Inhalter an bedreift ee sougenannten Trendmonitor.
Am vergaangene Joer hunn 514 Persounen d’Helpline vun der Initiative ugeruff, 447 hu via Internet Kontakt opgeholl. Haaptthema waren dobäi Kriminalitéit um Internet, Dateschutz a Cybermobbing. Am Ganzen huet hir sougenannt Stopline 3.269 Meldungen erakritt, wouvunner 2.679 als illegal agestuuft goufen: 2.521 Mol sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjäregen 152 rassistesch an diskriminéierend Inhalter, wéi och 6 terroristesch Contenuen. Opfälleg ass, datt d’Zuele vu Joer zu Joer klammen, wouduerch d’Beméiungen zum Schutz an zur Sensibiliséierung verstäerkt musse ginn.
(v.l.n.r.) Judith Swietlik, BEE SECURE an SNJ; Jeff Kaufmann, BEE SECURE an SNJ; Barbara Gorges, Kanner-Jugendtelefon; Sally Stéphany, BEE SECURE © Shari Pleimelding/moien.lu
Schwätze mer vum sécheren a responsabelen Ëmgang mam Internet, da ka jiddweree vun eis och vun doheem aus aktiv ginn. Et gi verschidde Méiglechkeeten, wéi een um SID deelhuele a sech géint Mëssbrauch schütz kann. Nieft de verschiddenen Aktiounen an Evenementer, déi haut um Programm stinn, réit BEE SECURE:
Reegelméisseg entwéckelt BEE SECURE verschidde Publikatiounen, Applikatiounen a Spiller, déi de responsabelen Ëmgang mam Internet all Altersgrupp méi no brénge sollen. Am Kader vum Safer Internet Day wëll ee besonnesch folgend dräi Outilen ervirhiewen:
All Publikatioun kritt een a physescher, sou wéi och an digitaler Form. All Verëffentlechunge vu BEE SECURE fannt Dir HEI.