Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Message zum Europadag 2020 (Video)
Kultur Neiegkeeten

Ee Message zum Europadag 2020 (Video)

Den Europadag 2020 gëtt online zelebréiert. An dësem Kader hunn de Xavier

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen

Also datt déi polnesch konservativ a „liicht“ rietslaaschteg PiS-Regierung alles

De Minister Romain Schneider a „Mëng Landwirtschaft“
Kultur Neiegkeeten

De Minister Romain Schneider a „Mëng Landwirtschaft“

En Dënschdeg huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit

Fir déi nei Saison 20/21 huet de Mamer Kulturzentrum Kinneksbond e spannende Programm aus Neiem a scho Bekanntem zesummegestallt. Dobäi huet ee sech ënnert anerem och mat de Stater Theater vereent, fir gemeinsam verschidde Projeten op der Bühn ze presentéieren.

Fir de verschidde Schauspiller, Kënschtler a Museker nom Confinement nach ëmmer eng Plattform zum Ausdrock ze bidden an d’Spectateuren net op ofgesoten Optrëtter sëtzen ze loossen, huet de Kinneksbond, esou fern et méiglech war, probéiert d’Virféierungen an déi nei Saison matopzehuelen.

Den Ufank vum kulturelle Programm gëtt um 18. an 19. September gemaach mat „Äddi Jay, du waars net keen!“ bei där un d’Häerzlechkeet, d’Perséinlechkeet an d’Mënschlechkeet vum Mamer Éierebierger a bekannte Lëtzebuerger aus der Kultur- a Mediewelt geduecht gëtt. Béid Owender si schonn ausverkaaft, allerdéngs sicht een, duerch déi immens Nofro, no engem weideren Datum fir eng drëtt Opféierung.

Kinneksbond

Äddi Jay, du wars net keen!

Dräi Achsen zum Erfolleg

Wärend de Lockdown d’Kulturzeen an d’Knéie gezwongen huet, konnt de Kinneksbond net roueg do sëtzen an der gezwongener Rou nokucken. D’Ekipp huet sech vill Gedanken driwwer gemaach, wéi een elo d’Spektakelen upasse kéint, wat fir kreativ Iddien ee kéint abannen a wéi een dat Meescht aus der Situatioun kéint eraushuelen.

Esou baséiert ee sech elo op déi 3 Achse vun der Kreatioun, der Solidaritéit a Convivialitéit. Highlights vun der Saison 20/21 sinn ënnert anerem „Pink Boys and Old Ladies“ um 18. November 2020, „Les Misérables“ um 21. an 22. Januar 2021, „Hamlet“ um 28. an 30. Abrëll 2021, „Machine de Cirque“ um 27. an 28. Mäerz 2021 oder och de Lëtzebuerger Kammerorchester mat Réson(d)ance um 14. Mee 2021.

Kinneksbond

Pink Boys and Old Ladies
Foto © Anoek Luyten

Ma, speziell fir déi nei Period gouf am Grousse Spektakelssall e Café ageriicht, dee vu sech aus schonn en eegent Konschtwierk ass. Ëm d’Zeenografie – déi verschiddenst Stiler, Faarwen a Formen u Sëtzméiglechkeete goufen zesummegestallt – huet sech d’Artistin Trixi Weis gekëmmert. No de Virféierunge kritt Dir also d’Méiglechkeet, den Owend gemitterlech an a geselleger Ambiance auskléngen ze loossen.

D’Hygiènesmesure ginn iwwregens ëmmer un déi aktuell Oplagen ugepasst. Seng Sëtzplaz muss een am viraus reservéieren a verschidde Servicer, wéi beispillsweis d’Garderobe, kënnen eventuell net ugebuede ginn. Weider Informatiounen an de komplette Programm mat allen Detailer fannt Dir op www.kinneksbond.lu.

Kinneksbond

Eng frësch Kollaboratioun mat innovative Projeten

Zesummen ass ee méi staark an esou huet sech de Kinneksbond mat de Stater Theateren zesummegedoen, fir datt d’Visiteuren de Wee zeréck an d’Theatersäll fannen an d’Friichte vun der spannender Initiative entdecken.

Duerch dës kulturell Kooperatioun ass de Projet „Commande de textes“ gebuer ginn. Ënnert den Themen „Diskurs zum Drénglechkeets-Zoustand“, „Hymne fir déi Vergiessen vun der Kris“ oder „Inventar vun de schéine Saachen“ hu sech 8 Binomer zesummegedoen, fir op der Bühn eege Gedanken a Froen zu gëschter, haut a muer virzeféieren. Dobäi fanne verschidde Presentatiounen am Kinneksbond, am Kapuzinertheater an am Groussen Theater statt.

Wärenddeem bitt de Projet „hors les murs“ en urbant a musikalescht Konzept mat Parcoursen a verschidde Statiounen duerch d’Stroosse vu Mamer un. Vun 10 agereechte Projete goufen der 2 zeréckbehalen, dorënner:

(Can’t) stay at home vum Frédéric Colling, Catherine Elsen a Sally Merres
Ass d’Doheem-Bleiwe wierklech mat Sécherheet verbonnen? De Lockdown huet beispillsweis de Sans-Abrien Problemer bereet an et goufe méi Fall vun haislecher Gewalt. Verschiden Installatiounen a Performancë gräifen dobäi ënnerschiddlech Temoignagen op.
all 10-15 Minutten ab dem Kinneksbond mat ëmmer just 2 Persounen
Reservatioun obligatoresch

Les bancs publics, un itinéraire urbain inventé vum Laure Roldàn
Gewise gëtt en intimen, historeschen a musikalesche Portrait vun der Stad Lëtzebuerg mat alle fantastesche Saachen, déi et goufen, ginn a wäert ginn.
all 45 Minutte mat maximal 20 Persounen
Reservatioun obligatoresch

De komplette Programm kënnt Dir Iech och als PDF eroflueden.
Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Äddi Jay du wars net keen!, Concert, Confinement, Connection, Covid-19, Hamlet, Hygiènesmesuren, Jerome Konen, Kinneksbond, Kultur, Les misérables, Machine de Cirque, Pink Boys and Old Ladies, Revue, Saison 20/21, Spektakel, Stater Theater, Theater, Tom Leick, Trixi Weis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel