Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
International Neiegkeeten Sport

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz
International Neiegkeeten Sport

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Um spéide Sonndegowend si bei engem schwéieren Äerdbiewen, engem éischte

surprise
Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit
International Neiegkeeten Sport

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira

De Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira hëlt beim Saisonstart vum Porsche Carrera Cup Däitschland d‘Beschtzäit an der éischter Manche, a kann sech an der zweeter ëm 7 Plaze verbesseren. D‘Strategie an der Qualifikatioun an eng Strof an der éischter Manche hunn awer de Weekend bestëmmt.

E Samschdeg 4. mee huet um Hockenheimring déi offiziell Saison vum Lëtzebuerger Espoir am Motorsport ugefaangen. Dat ganz allerdéngs bei schappegem Wieder. Et war eekeleg naass an d‘Piste entspriechend rutscheg, wat dann och erkläert, datt d‘Beschtzäite fir d‘Startopstellung direkt an den éischte Ronnen hu missen erziilt ginn. Duerno war et einfach nëmmen nach „Sauer“.

Wéi um Dylan war, konnt een net emol méi vu „Konditioune“ schwätzen, an eisem Pilot ass och weider net vill iwwreg bliwwen, wéi sech op d‘Astelle vu sengem Porsche 911 GT3 Cup ze konzentréieren, dat an der Hoffnung géint Enn vun den Essaien awer nach eng richteg gutt Zäit erauszefueren. An dat wier méiglech gewiescht, mee do hätt näischt dierfen dertëscht kommen.

Dylan Pereira

An dir ahnt et schonn: Wéinst engem Pilot dee vun der Pist ofkomm ass, war d‘Rennleedung gezwongen d‘Qualifikatioun ze ënnerbriechen. Mam „Safety-Car“ op der Pist mécht ee keng Beschtzäit an déi zwee Tier déi dem Pilot vu Lechner Racing dunn nach bliwwe sinn, konnten d‘Rudder net méi ëmräissen. Et huet Also missen an de Manche gekämpft ginn…

Scho keng Chance an da kënnt och nach Pech derbäi

Fir dat éischt Rennen huet den Dylan Pereira sech mat der 17. Startplaz offannen. Keng besonnesch gutt Plaz fir an d‘Rennen ze starten, mee eisen Espoir beherrscht esou Situatiounen. De Start ass him dann och nees ganz gutt gelongen, an Ronn fir Ronn huet hie Plaze gutt gemaach. D‘Streck allerdéngs war schwiereg, an de véierten Tour fir e Géigner dann och schonn dee leschten…

De Safety-Car huet ass op d‘Pist geschéckt gi wéi den Dylan sech op déi 11. Plaz verbessert hat. Beim „Neistart“ war de Lëtzebuerger och nees op Zack, an huet sech ëm zwou weider Plaze verbessert. Bis dohinner huet dann och alles beschtens ausgesinn. Et sollt net esou bleiwen, well et gouf monéiert, datt den Dylan schlecht op der Startopstellung positionéiert war.

Hien huet „zur Strof“ missen duerch Boxegaass fuere wat masseg Zäit kascht. Aus der Box eraus huet den Dylan Pereira dunn op der 23. Plaz geleeën, an déi éischt Manche war versaut. Eise Pilot léisst sech vun esou eppes net erofzéien, a weist couragéiert datt hien et drop huet. Hien huet nees d‘Géigner een nom aneren iwwerholl, a kënnt op eng – den Ëmstänn entspriechend – gutt 17. Plaz.

Mir si Lëtzebuerg a zéien et duerch bis zum Enn

Et géif also scho genuch Grënn, déi engem Versteesdemech géifen ofréngen, wann den Dylan do d‘Flemm gehat hätt. Dat ass fir de jonke Mann ganz kloer keng Optioun. No vir kucken a positiv Denken, ëmmerhi stinn nach ee ganzt Team an d‘Frënn esou wéi d‘Famill hannert engem. An datt et vu Plaz 15 an d‘Manche gaangen ass, war dann och net méi weider relevant. Start, dat kann hien…

A wéi hien dat kann. Direkt vum Depart lassgefuer huet den Dylan Pereira dräi Géigner „stoe“ gelooss. An der véierter Ronn war hien dann nees op der 11. Plaz ukomm, an nach emol zwou Ronne méi spéit op der 9. Plaz an esou an de Punkten. Duerno gouf et eppes méi schwiereg, déi viischt haten eppes Avance, mee den Dylan ass konsequent bliwwen a fiert als 8. iwwert d‘Arrivée.

Esou war de Weekend fir den Dylan an d‘Team vu Lechner Racing dach nach eenegermoosse gutt ausgaangen. No der Strof an der éischter Manche, déi keng Punkten op de Kont bruecht huet, war déi zweet Manche – ugesiichts der Startplaz – exzellent. De Dylan huet sech domatter seng éischt Punkten am Porsche Carrera Cup Däitschland verdéngt, an duerft de Kapp héich heemfueren.

No der Course ass virun der Course

Dat war dann eng vun deene Courssen, déi méiglechst séier ofhake muss. Mat sengem Team an enger strammer Moral, sollt dat ze meeschtere sinn, firwat den Dylan Pereira och ganz zouversiichtlech a Richtung Barcelona kucke kann. „D‘Vitesse ass do an alles wat mer gelénge muss, ass eng gutt Qualifikatioun. Dat war leider um Hockenheim net dran“, esou de Dylan.

Vum 10. bis den 12. Mee geet et mat der „Kinneksdisziplin“ weider. Da fiert den Dylan Pereira mat senger Kollegen am „Virprogramm“ vun der Formel 1 zu Barcelona. Dann am Porsche Mobil 1 Super Cup, wou den Dylan säin Haaptzil, den Titel, nach ëmmer net aus den Ae verluer huet. Mir géifen eis mam Dylan freeë, wa ganz Lëtzebuerg him do géif d‘Daumen drécken…

Klassement 1. Manche:

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 17. Dylan Pereira (L)

Klassement 2. Manche:

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 8. Dylan Pereira (L)

Generalklassement:

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 13. Dylan Pereira

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Lechner Racing

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hockenheimring, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Carrera Gt3 Cup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel