Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport
online dating scammer pics Neiegkeeten

economist speed dating

Déi 7. Weltspiller am Militärsport, déi vum 18. Oktober bis

https://moien.lu/who-does-amber-rose-dating-now/
online dating scammer pics Neiegkeeten

Haut geet et ëm de Brexit

Den EU-Kommissär Michel Barnier soll laut diplomatesche Quellen, gëschter Owend

dislike
Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!
online dating scammer pics Neiegkeeten

Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!

Dieselautoe kéinten deemnächst an däitsche Stied der Vergaangenheet ugehéieren. Déi

Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht

Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Holzsculptur vum Jhemp Bastin © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Julie Wagener © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Monique Becker © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Tom Flick (Sculptur) an Elizabeth Arzani (Biller) © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Ellen Van Der Woude © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Doris Becker © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Joachim Van der Vlugt © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Karolina Pernar © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Roland Schauls © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Joël Rollinger © Shari Pleimelding/moien.lu
Salon du CAL 2019: Déi facetteräich Identitéit vun der Konscht
Pit Molling © Shari Pleimelding/moien.lu

Zënter der erfollegräicher Vernissage um vergaangene Samschdeg hëlt d’Begeeschterung fir de Salon du CAL am Tramsschapp um Lampertsbierg net of. Am Kader vun der 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week stelle 46 Kënschtler hir zäitgenëssesch Wierker an der moderniséierter Hal vum fréieren Tram aus.

An der Lëtzebuerger Konschtzeen a bei alle kulturbegeeschterte Persoune markéiert d’Luxembourg Art Week ee vun de bedeitendsten Evenementer am Beräich vun der Kreativitéit an der artistescher Kreatioun. Nei bei dëser Editioun ass, datt de Salon du CAL (Cercle Artistique de Luxembourg) sech duerch eng raimlech Trennung an ee fréiere Start ervirstécht. Et wéilt een der Konscht Zäit ginn ze wierken – dräi Deeg géifen net duergoen, wouduerch dësen artistesche Salon schonn eng Woch virun der Ouverture an der Hal Victor Hugo mat enger räicher kënschtlerescher Diversitéit faszinéiert.

Och bei den Umeldunge war de Succès däitlech spierbar: Méi wéi 150 Artisten haten hiren Dossier agereecht. Eng international Jury huet schliisslech säi Choix getraff. Um Owend vum Vernissage sollt de sougenannte „Prix de Révélatioun“ un de 35 Joer jonke Kënschtler Pit Molling goen. Wärend zwee Biller – ee Mol Héich- an ee Mol Querformat – a graphescher netzaarteger Weis eng immens dynamesch Form opweisen, erstaunt de Virdergrond mat der plastescher Ausféierung vun den zweedimensionale Wierker am Hannergrond.

Salon du CAL

Pit Molling © Shari Pleimelding/moien.lu

Bei der Visitt vun den zuelräiche Kreatiounen entdeckt een ënnert anerem dem Roland Schauls seng groussformateg faarweräich Biller aus Acryl a Kuel mat Accent op de Schong a Gesiichter, dem Jhemp Bastin seng gigantesch Holzsculpteuren, déi duerch eng filigran Ausschaffung mam Huelraum spillen oder dem Joël Rollinger seng hëlzen eckeg Duerstellung vu Mënschen aus dem Alldag, déi d’Anonymitéit vun eis all am Alldag verkierperen.

Ergräifend ass awer och déi klanglos Péng, d’Depressioun an den Hëllefsruff vum Julie Wagener. Eleng duerch d’Presentatioun vun Hänn op enger mëller wäisser Decken, déi an den däischteren Hannergrond gezu ginn, rifft d’Artistin déif Emotiounen an eis ervir. Et gesäit een, datt all Wierk seng eege Geschicht, all Kënschtler seng eege Gedanken zur Konscht huet. Fir d’Ausstellung besser kennenzeléiere lount et sech also eng guidéiert Visitt matzemaachen.

Salon du CAL

Joël Rollinger © Shari Pleimelding/moien.lu

Konscht am Elo

Nach bis de 14. November empfänkt de Salon du CAL d’Visiteuren am Tramsschapp um Lampertsbierg (49, rue Ermesinde 1750 Lëtzebuerg). Wärend der Woch ass op vu 14:00 bis 19:00 Auer, Weekend vun 10:00 bis 19:30 Auer. Weider guidéiert Visitte ginn organiséiert e Samschdeg, den 9. November um 11:00 Auer (FR) an e Sonndeg, den 10. November um 11:00 Auer (LU). Weider Informatiounen zum Evenement ginn et ënnert www.cal.lu an www.luxembourgartweek.lu.

Salon du CAL

Zur Luxembourg Art Week

E Freideg, den 8. November um 18:00 Auer fënnt de Vernissage an der Hal Victor Hugo statt. Uschléissend kann ee bis den 10. November d’Wierker bewonneren, Artiste kenneléieren, u Konferenzen deelhuelen a säi Wësse beräicheren. Dobäi lount et sech, och ee Bléck an déi zuelräich Galerien ze werfen.

Am vergaangene Joer hunn déi 3 Deeg méi wéi 12.500 Visiteuren a 50 Galerië gezunn. Iwwer 250 Artisten aus 7 verschiddene Länner haten sech am Grand-Duché presentéiert. Weider Informatiounen zum Programm an de verschiddenen Offere ginn et ënnert www.luxembourgartweek.lu.

D’Billergalerie zum Salon du CAL fannt Dir uewen.

Ähnlech Sujeten André Haagen, Andrea Neumann, Anna Recker, Anne Mélan, Anneke Walch, Arny Schmit, Artist, Benji Kontz, Bertrand Ney, Carine Kraus, Cercle Artistique de Luxembourg, Christian Schaack, Clas Steinmann, Dani Neumann, Doris Becker, Elizabeth Arzani, Ellen Van der Woude, François Besch, Franz Ruf, Gérard Claude, Isabelle Lutz, Jean-Claude Salvi, Jhemp Bastin, Joachim Van der Vlugt, Joël Rollinger, Julie Wagener, Karolina Pernar, Kerstin Mittné, Kingsley Ogwara, Konscht, Lampertsbierg, Leen Van Bogaert, Luxembourg Art Week, Malou Faber-Hilbert, Martine Pinnel, Michael Kravagna, Michel Kremer, Miikka Heinonen, Monique Becker, Pit Molling, Pit Wagner, Pol Summer, Renée Oberlinkels, Roland Schauls, Salon du CAL, Sandra Lieners, Sarah Schleich, Sébastien Grébille, Serge Koch, Stéphanie Uhres, Tom Flick, Tramsschapp, Yann Ney
Nächsten Artikel Virrechten Artikel