https://moien.lu/brawlout-matchmaking/
An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond
An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond
Säit dem Donneschdeg gëtt et um Honnertkommasiwen, dem ëffentleche Sender,
No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg och dëst Joer nees beim Salon Révélations zu Paräis dobäi. De Grand-Duché dierf als Éieregaascht 23 Kënschtler a Konschthandwierker op sengem Stand begréissen. Am Ganze kann ee vum 23. bis de 26. Mee ronn 450 Artisten aus 33 verschiddene Länner untreffen. Méi wéi 40.000 Visiteure ginn erwaard.
Um Vernissage vum 4. Salon Révélations am Grand Palais an der franséischer Haaptstad ware mat dobäi: déi groussherzoglecher Koppel, dem Ierfgroussherzog, déi stellvertriedend Direktesch vun de Kënscht am franséische Kulturministère Béatrice Salmon, eis Kulturministesch Sam Tanson an de Minister fir Mëttelstand Lex Delles.
An dësem Kader huet d’Kulturministesch Sam Tanson hiren Engagement fir d’Ënnerstëtzung vu lëtzebuerger Kreatiounen nach emol bestätegt, sou wéi och d’Fërderung vun de Kënschtler am Ausland. „Initiative, wéi déi lëtzebuergesch Participatioun u Révélations wierken als qualitative Katalysator fir d’Integralitéit vun der artistescher a kultureller Zeen vu Lëtzebuerg“, sou d’Ministesch.
A senger Missioun als Minister vum Mëttelstand huet de Lex Delles op dat ekonomescht Potential vum Konschthandwierk opmierksam gemaach. „Den Artisanat ass d’Haaptachs vun der ekonomescher Struktur am Grand-Duché. Initiative, wéi de Salon Révélations, droen zur Modernitéit, der Innovatioun an der Kreativitéit vum Konschthandwierk bäi a loossen Beruffunge fir ee Secteur mat Besoin u motivéierten an engagéierten Aarbechtskräft entstoen.“
Déi lëtzebuergesch Presenz am Salon gëtt koordinéiert vun der Asbl De Mains De Maîtres Luxembourg, deen hiert Zil et ass, déi eponym Expo ze vereiwegen, déi am Joer 2016 vu S.A.R. Der Ierfgroussherzogin initiéiert ginn ass. Donieft geet et och dorëm, d’Konschtberuffer zu Lëtzebuerg an am Ausland ze entwéckelen. D’Associatioun profitéiert vun der Ënnerstëtzung duerch de Kulturministère an de Wirtschaftsministère.