Search

You may also like

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet
Kultur Neiegkeeten

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS)

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir
Kultur Neiegkeeten

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”
Kultur Neiegkeeten

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”

Nodeems um Staatsrot, déi vun der Partei déi gréng virgeschloe

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint sinn, deen ëmmer nees ganz flotten an interessante „Salon vum Vintage“ an der LuxExpo ze organiséieren, esou ass dat elo emol gekläert. Haut Samschdeg a muer Sonndeg, kann een tëscht moies 10 an owes 19 Auer luusse goen a wie weess den Objet vun der Begiert endlech säin eegent nennen.

Nach um Freidegnomëtteg waren d‘Aussteller an d‘Organisateure vun dësem Salon hellewech a bis zum leschten um wudderen a maachen, fir datt dësen éischte Salon vum Vintage och wierklech een Erfolleg ka ginn. Och den Haushär huet säint bäigedroen, an dofir Suerg gedroen, datt déi ronn honnert Exposante méi Raum hunn, fir datt sech den interesséierte Public net allze no kënnt.

D‘Alleeë sinn entspriechend méi breet ugeluecht ginn, et gëtt iwwerall Spender zur Desinfektioun a wierklech jidderee muss an der Hal seng Mask undoen. Och all aner Gest Barrière sinn zwéngend anzehalen. Dës éischt Foire leet den Akzent op dem Karl Lagerfeld säi „Konfektiounsbäitrag“ an esou si vill Exponaten aus senger kreativer Zäit bei Chanel, Chloé an Trendy ze gesinn an ze kafen.

Als weider Héichpunkte sinn d‘Miwwelen aus de 60er a 70er ze ernimmen. Natierlech begleet vun de villen Dekoratiounsobjeten aus eben dëser Zäit. Net manner Interessant: déi vill industriell a kommerziell genotzten Artefakten, déi mëttlerweil ee groussen dekorative Stellewäert erziilt hunn. Mee och d‘Frënn vun ale Gefierer wäerten hei op hir Käschte kommen. Den Detour ass et wäert.

Eigentlech sinn si just Sammler…

Ee wichtege Stand gëllt et gesinn ze hunn. Et ass richteg datt dee vläicht net mam deierste Geschir bestéckt ass, mee sécherlech ganz vill interessant Gadgete bereet hält, déi engem d‘Häerz opgoen dinn. De Julien Vincente a seng Liewenspartnerin Joanna Ligibell kommen aus dem schéinen Elsass an hunn hir Kollektioun am 2014 ugefaangen. D‘Vente vu Géigestänn war esou ni virgesinn…

Vintage© Shari Pleimelding/moien.lu

Si sinn dann awer ganz aktiv op Instagram wou si dann och vun den Organisateuren entdeckt gi sinn, firwat si zesumme mam Salon vum Vintage, hir Première zu Lëtzebuerg zelebréieren. Nach en „Unikum“ am positive Sënn, ass den Eric de Chanxle (Op Facebook ënner WH119 ze fannen) deen eigentlech an der Regioun Léck (Belsch) d‘Verantwortung fir d‘Gestioun vun de Sportshalen huet.

Vintage© Shari Pleimelding/moien.lu

Hie sammelt nieft ale Panneaue vu Manegen an anere Kiermesbuden, méi gezillt Knätschgummi-Apparater. Vun de 50er bis an d‘90er ginn hei ganz interessant a virun allem funktionell Apparater ugebueden. Si kommen aus den USA, aus Kanada, Italien an natierlech och aus der Belsch (dat sinn déi rout, wou ëmmer op den Trottoire stoungen). Dat ass esou originell wéi dekorativ…

Vun engem anere Stär

Déi fir eis sécherlech wichtegst Persoun war da gëschter awer de Bertrand-Guillaume Tavier, deen d‘Maison Anoushka vu Paräis vertrëtt an eng ganz aussergewéinlech Retrospektiv vum allsäits bekannte Moudenzar Kar Lagerfeld unzebidden huet. Hien huet eis dann och emol op eng esou einfach wéi verständlech Aart a Weis den Ënnerscheet tëscht „Second Hand“ a Vintage erkläert.

Et ass manner de Präis, wéi dann den Alter an de gesellschaftleche Stellewäert, deen am Beräich vun der Konfektioun en Objet zum „Vintage“ erkläert. An de Reegel muss esou ee Kleedungsstéck mindestens 20 Joer jonk sinn (jo et huet Ausnamen) a sollt engem renomméierte Kreateur/Designer zouzeschreiwe sinn. Selbstverständlech muss den Objet och eng irreprochabel Qualitéit opweisen.

Vintage© Shari Pleimelding/moien.lu

De Bertrand-Guillaume Tavier huet dann nach drop higewisen, datt d‘Haiser, déi esou berüümt a renomméiert Kreateure bei sech wierke gelooss hunn, bis an d‘90er vum leschte Joerhonnert kaum, wann iwwerhaapt, Eenzelstécker aus de Kollektiounen archivéiert hunn. Dem Bertrand seng Madamm, d‘Anouschka, war selwer Modell an hat sengerzäit dru geduecht, hir Saachen ze halen.

Iwwert d‘Jore koum villes derbäi, an – esou verréckt wéi et elo kléngen dierft – déi grouss Haiser gräifen dann och reegelméisseg op de grousse Fundus vun der Maison Anouschka zeréck, wann si da selwer Retrospektiven organiséieren. Wann elo wierklech alles mega Interessant ass, esou ass dëse Part vun der Foire ee „musst have“ deen eenzegaarteg ass, an sech net dierft widderhuelen.

Foto: © Shari Pleimelding /moien.lu

Related topics Foire, Karl Lagerfeld, LuxExpo, Maison Anoushka, Salon du Vintage
Next post Previous post