Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog
International Neiegkeeten

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Um Dënschdegowend huet de Kinnek vu Spuenien sech op d’Säit

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau
International Neiegkeeten

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau

E Freideg huet déi hollännesch Regierung engem Experiment op groussem

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?

Alles muusseg oder wat? Um haitegen Internationale Kazendag dréit sech

Algrange: 7. Salon vun de Frontalieren

E senger Aart eenzegaarteg, an ëmmer méi wichteg bei sech verännerenden Aarbechtskonditiounen

E Freideg huet direkt hannert eiser Grenz den OGBL mat enger helle Wull u Partner scho säi 7. Salon vun de Frontalieren ofgehalen. Déi éischt Gewerkschaft am Land ënnerhält am Frankräich alles an allem véier Büroen, wou hir Membere mat Rot an Dot gehollef kréien.

Deen eelsten ass zu Mont-Saint-Martin, mee et gëtt och e Büro zu Däitsch-Oth, zu Wuelmereng an zu Diddenuewen. De Salon vun 2019 ass dann och vun de Komerode vun der Sektioun Wuelmereng um Boulodrom zu Algrange organiséiert ginn. Déi genannte Büroen ënnerhalen all Woch zéng Permanencen. All noutwenneg Informatiounen dozou fannt dir ënnert www.ogbl.fr.

Alles an allem kënnen déi véier Sektiounen am Frankräich sech op eng 14.000 Membere beruffen, an et dierften der roueg méi sinn, ugesiichts der grousser Unzuel vu franséische Grenzgänger. Och dofir ass dëse Salon wichteg. De Christian Simon-Lacroix, Zentralsekretär vum Departement vun de Frontalieren huet eis eng rei Informatiounen zu dësem Salon ginn.

Esou ee Salon, deen sech op déi aktuell Besoine vun de Lounofhängege konzentréiert, soll alle Grenzgänger – egal ob se scho Member sinn oder nach net – erméiglechen déi Froe lasszeginn déi mat de ville Verännerungen a Reformen zu Lëtzebuerg zesummenhänken. Natierlech géif et ëm d‘Aarbecht an d‘Aarbechtsrecht goen, mee och eng ganz Rei aner Themen hunn hir Importenz.

Do wieren all déi Froen déi sech op d‘Sozialversécherung, d‘Fiskalitéit an d‘Studiëbäihëllef bezéie mee natierlech spillt och de Volet Mobilitéit op dësem Salon eng grouss Roll. Fir de Christian Simon-Lacroix ass et eng eenzegaarteg Geleeënheet fir iwwert déi am Alldag begéinte Problemer ze schwätzen. An u Problemer feelt et net, wéi et de Beispill „Steiererklärung“ androcksvoll duerstellt.

Begréissenswäert dann och ëmmer nees d‘Bereetschaft vun de staatleche Verwaltungen an/oder Institutiounen, un dësem Salon deelzehuelen. Esou de Cedies, wou et ëm d‘Bourse fir d‘Studente geet, mee och d‘Mobilitéitszentral wou sech vill Frontaliere froe wat d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport fir si bedeit. Vill Froe gouf et och zum Teletravail an natierlech de Steieren…

De Salon vun de Frontaliere mécht awer och däitlech, datt et gutt a wichteg ass gewerkschaftlech organiséiert ze sinn. An dat gëllt selbstverständlech net nëmme fir d‘Grenzgänger. Och d‘Residente sollten sech bewosst ginn, datt mat der Digitalisatioun, der energetescher Transitioun an engem Patronat, deen d‘Tripartite an d‘Aarbechtsrecht a Fro stellt, d‘Gewerkschafte wichteg sinn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gewerkschaft, Grenzgänger, OGBL, Salon des Frontaliers
Nächsten Artikel Virrechten Artikel