Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter
Kultur Neiegkeeten

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer.

Bréissel mécht Fortschrëtter
Kultur Neiegkeeten

Bréissel mécht Fortschrëtter

Statt de 500 Milliarden Euro Zouschëss, sollen et der elo

Henker fir Sri Lanka gesicht
Kultur Neiegkeeten

Henker fir Sri Lanka gesicht

An der gréisster engleschsproocheger Dageszeitung vu Sri Lanka „Daily News“,

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Vältesdag am ARTIKUSS zu Zolwer

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Am Programm vu SALUT SALON dréit sech alles ëm dat wuel eelst Thema vun der Mënschheet, dat Komponiste beweegt, säit et d’Musek gëtt: Léift!

D’ECHO-Gewënnerin Angelika Bachmann (Gei), d’Iris Siegfried (Gei), d’Olga Shkrygunova (Piano) an d’Sonja Lena Schmid (Cello) spille musikalesch mat alle Facettë vun der schéinster Niewesaach vun der Welt an huelen dat Ganzt zum Schluss mat vill Humor.

Virtuos ginn d’Musekerinnen iwwert d’Genre-Grenzen, brénge Stécker vum Sergej Prokofiev, Astor Piazzolla, Bach, Vivaldi a Rachmaninow, sou wéi och eege Kompositiounen op d’Bühn. Si sangen an hire Lidder vum déiwe Sënn vun der Léift a persifléieren déi bekanntste Libeslidder vun der Popgeschicht mat Songs vum Marylin Monroe bis Herbert Grönemeyer.

Wéi, wat a wou?

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt...fënnt um Vältesdag, also e Freideg, de 14. Februar am ARTIKUSS zu Zolwer (3, rue Jean Anen) statt. De regulären Ticket kascht 35 €, fir Studente sinn et 26 € a Gruppe vun op mannst 10 Persoune bezuelen 29 e op de Kapp. Kafe kann ee säi Billjee iwwert www.luxembourgticket.lu.

Ähnlech Sujeten Angelika Bachmann, Artikuss, Concert, Iris Siegfried, Léift, Olga Shkrygunova, SALUT SALON, Sonja Lena Schmid, Zolwer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel