Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?

Haut geet et nees duerch d’Land! Dës Kéier konzentréiere mer

De patrioteschste vun alle Feierdeeg
International Neiegkeeten

De patrioteschste vun alle Feierdeeg

Et ass sécherlech net verkéiert um nationale Feierdag eppes den

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
International Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net, datt een

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

Kapitänin vu der Sea-Watch3 leeft trotz Verbuet Lampedusa un

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch virun der Insel Lampedusa op d‘Erlaabnes gewaart an den Hafen dierfen anzelafen. Gëschter huet d‘Kapitänin vun der Sea-Watch3 de Verbuet ignoréiert an ass an italienesch Gewässer eragefuer. Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini huet den Debarquement vun den 42 Mënschen u Bord ënnersot.

„Mir hu Leit u Bord, déi a Libyen duerch d‘Hell gaange sinn, déi brutal gefoltert goufen. An och wann dat net de Fall wier, all Mënsch deen aus Séinout gerett gëtt, muss an e sécheren Hafe bruecht ginn. (…) Eng Rettungsmissioun ass eréischt dann eriwwer, wann all Mënsch feste Buedem ënnert de Féiss huet“, esou den Haidi Sadik, kulturelle Mediateur op der Sea-Watch3.

Salvini

D‘Crew vun der Sea-Watch3 hat den 12. Juni an den internationale Gewässer virun der libescher Küst, 53 Persounen aus engem Schlauchboot gerett. Déi libesch Küstewaach hat dem Schëff den Uerder ginn Tripolis unzelafen, wat vun de Verantwortlechen zréckgewise ginn ass. Si géifen sech net u Verstéiss vu Mënscherechter bedeelegen. Och déi italienesch Autoritéiten haten dat gefuerdert.

Bréissel gewinnt iwwerfuerdert

Et war esouguer den Inneminister a Persoun, deen dem Schëff d‘Alafen an den Hafe vu Lampedusa ënnersot huet. Vu Bréissel koum och prompt d‘Opfuerderung sech un dës Instruktiounen ze halen: „All Schëffer déi ënnert europäeschem Pavillon segelen, hunn d‘Obligatioun sech un internationaalt Recht ze halen“. Woubäi d‘EU-Kommissioun och weess, datt Tripolis kee sécheren Hafen ass.

D‘ONG huet nach versicht per Referé beim europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (ECHR) d‘Leit op Lampedusa ofsetzen ze kënnen. Der Demande vu Sea-Watch ass den ECHR net nokomm. U Bord vun engem Schëff trëfft – direkt nom Schëpfer – awer nëmmen de Kapitän d‘Entscheedung an esou huet d‘Carola Rackete d‘Sea-Watch3 an italienesch Gewässer gesteiert.

Salvini

„Ech fueren an italienesch Gewässer an ech bréngen si a Sécherheet op Lampedusa. Ech si fir déi gerett Mënsche verantwortlech, an déi halen et um Schëff net méi aus“, esou d‘Carola Rackete an der „La Repubbica“. Elo riskéiert d‘ONG hiert Schëff beschlagnaamt ze kréien, an d‘Kapitänin e Protokoll vu bis zu 50.000 Euro. Italien huet per Dekret d‘Strofe fir ONGen zolidd erhéicht…

De Minister hat Schaum vrum Mond

Bis dohinner konnten 11 Persounen aus gesondheetleche Grënn d‘Schëff verloossen, woubäi den ECHR seng „Entscheedung“ déi aner Refugiéen u Bord vun der Sea-Watch3 ze beloossen, och argumentéiert huet. Et géif um Schëff keng Mënsche méi déi a Gefor wieren, an dofir géif et och aktuell kee Grond, deen eng aussergewéinlech Moossnam géif rechtfäerdegen.

Salvini

An d‘Sea-Watch3 war nach net wierklech an den italienesche Gewässer ukomm, do ass de Matteo Salvini aus der Haut gefuer. Via Facebook huet hien et géintiwwer de Responsabele vun der Sea-Watch3, den däitschen an hollännesche Regierungen „zolidd lafe gelooss“:

„Wien et net këmmert, muss sech dofir veräntwerten“, esou de Chef vun der rietsradikaler Lega Nord, „Wien e Feeler mécht muss dofir bezuelen – an domatter mengen ech net nëmmen déi Schlaumeierin vu Kapitänin, déi Politik op Käschte vun e puer Dose Migrante mécht, fir wat och ëmmer beweisen ze wëllen – fir e politescht Spillchen, fir en eekelhaft politescht Spillchen“.

Den Toun mécht d‘Musek

De Matteo Salvini huet es sat an hält u sengem Verbuet fest. Och wann déi ënner hollänneschem Pavillon immatrikuléiert Sea-Watch3 elo an italienesche Gewässer ass. „Et ass en hollännescht Schëff vun enger däitscher ONG, déi Migrante virun der libescher Küst opgegraff huet. Kee Mënsch versteet firwat Italien a seng Bierger dofir verantwortlech sinn an dofir bezuele sollten“.

Hie fuerdert déi hollännesch an däitsch Regierungen op anzegräifen. Déi italienesch Häfen si fir Migranten zou. „Et geet keen u Land, ausser et géif sech direkt ee bereet erklären dës Persounen op Amsterdam oder Berlin ze féieren. (…) Et geet mir op de Sak! Et geet mir op de Sak, datt Italien vu munche wei en zweetklassegt Land behandelt gëtt“, seet en emotionalen italieneschen Inneminister.

Salvini

Berlin an Den Haag hunn dem Italiener nach net (offiziell) geäntwert. Et kann een allerdéngs dat „Trauerspill“, dat am Kontext vun der Iwwernam vu Flüchtlingen op oppenem Mier stattfënnt, als moralesch verwerflech bezeechnen. Et ass onmoosseg wéi hei mat Mënscheliewen ëmgespronge gëtt, a sécherlech hunn och d‘Italiener e Recht drop, net mam Problem eleng gelooss ze ginn.

mat indymedia/rom

Foto: Zu Roum ass Solidaritéit mat de Flüchtlingen op der Sea-Watch3, déi elo hofft an den Hafe vu Lampedusa alafen ze dierfen, demonstréiert ginn. © Sagrario Apodaca (via Twitter)

Ähnlech Sujeten ECHR, Lampedusa, Matteo Salvini, Migratioun, Sea-Watch, Sea-Watch3, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel