Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Papp vum Saxophon gouf virun 204 Joer gebuer

De Saxophon – een Instrument wat beim Jazz net ewech

surprise
Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider
Kultur Neiegkeeten

Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider

Um 30. Januar hat de Sozialversécherungsminister Romain Schneider d‘Prioritéite vun

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
Kultur Neiegkeeten

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019

E Mëttwoch ass, a Presence vun der Kulturministesch Sam Tanson, de Programm vun der 9. Editioun vum Luxembourg City Film Festival presentéiert ginn. Dëst Evenement, wat vum 7. bis de 17. Mäerz 2019 organiséiert gëtt, iwwerzeegt duerch ee facetteräichen an eklektesche Programm, mat ënnert anerem diverse Filmseancen.

Donieft ginn awer och Themen-Owender, Masterklassen, Atelieren, Ausstellungen a Concerten ugebueden, déi de ganzen Oflaf perfekt ofronnen. „De Kulturministère freet sech virun allem iwwert de professionellen a pedagogesche Programm, den de Festival encadréiert an inspiréiert“, ënnersträicht d’Sam Tanson.

Immens gelueft huet d’Ministesch d’Qualitéit vun den Invitéen, de Realisateuren an de Schauspiller, sou wéi weidere professionelle Persounen aus dem Filmberäich, déi sech fir de Festival Rendez-Vous zu Lëtzebuerg ginn hunn an esou den Echange, wéi och de Kino vu muer enorm viru brénge kënnen. An dësem Kader huet d’Minister awer och déi verschidde kulturell Institutiounen am Grand Duché, sou wéi beispillsweis de Casino, Neimënster oder de Mudam, ervir gehuewen, déi un dësem Evenement hiren Deel bäidroe wäerten.

Méi detailléiert Informatiounen, souwéi de komplette Programm vum Luxembourg City Film Festival 2019 fannt Dir ënnert www.luxfilmfest.lu.

(v.l.n.r.) Guy Daleiden, Direkter vum nationale Fong fir d’Ënnerstëtzung vun audiovisuelle Produktiounen; Colette Flesch, Presidentin vun der Luxembourg City Film Festival Asbl; Sam Tanson, Kulturministesch; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg; Christophe Eyssartier, nationale Manager vum Kinepolis © MCULT

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Concert, Film, Luxembourg City Film Festival 2019, Lydie Polfer, Programm, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel