Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
Neiegkeeten

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Lidl an den

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen
Neiegkeeten

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an

Weider Moossnamen am Kampf géint Desinformatioun

Weider Moossnamen am Kampf géint Desinformatioun

Op Invitatioun vum däitsche Virsëtz huet d’Justizministesch Sam Tanson gëschter um Rot vun de Justizministeren aus der EU (JAI) deelgeholl. Bei der Videokonferenz huet si gefuerdert, méi staark géint d’Desinformatioun an haasserfëllt Discoursen virzegoen, gläichzäiteg awer och d’Meenungsfräiheet oprecht ze erhalen. Grad elo zur Zäit vun der Pandemie an der domat verbonnener Verbreedung vu falschen Informatiounen ass et wichteg d’Demokratie ze stäipen an ze stäerken.

Am Beräich vun der Verbreedung vun Haass huet d’Ministesch ënnerstrach, datt Lëtzebuerg eng adequat Legislatur huet an de Parquet aktiv géint gemellte Fäll virgeet. Trotzdeem ass et noutwenneg Preventiounsaarbecht ze leeschten an d’Ëffentlechkeet zur Problematik ze sensibiliséieren.

Um europäeschen Niveau huet d’Approche vun de Verhalensreegelen wuel Friichte gedroen: Haassnoriichte ginn méi oft gemellt an d’Inhalter vum Netz geholl. Dës Moossnam kéint a sollt awer nach méi wäit goen, sou d’Ministesch Sam Tanson. „D’Gläichgewiicht tëscht dem Kampf géint d’Desinformatioun an d’Erhale vun der Meenungsfräiheet muss garantéiert sinn beim Ausschaffe vun zukünftegen legislativen an net-legislative Mesuren.“

Zu Lëtzebuerg begréisst een déi verschidden Initiative vun der Kommissioun. Dobäi huet d’Ministesch drun erënnert, datt am Groussherzogtum den Ëmgang mat de Medien eng Prioritéit an der Bildung ass, a sech esou an déi national Strategie vun Digital Luxembourg areit.

Ma, och d’Ënnerstëtzung an d’Finanzéierung vum qualitative Journalismus bedeit e wichtege Schrëtt am Kampf géint d’Desinformatioun. „Déi bescht Méiglechkeet fir der Desinformatioun entgéint ze wierken ass et de Bierger den Accès op vertrauenswierdeg Informatiounen ze garantéieren a falsch Inhalter ze kontrolléieren.“

Covid-19, déi europäesch Demokratie an de Rechtsstaat

Trotz dem Chaos wärend dem État de Crise huet d’Regierung d’Deputéiert vun der Oppositioun bei de parlamentaresche Consultatiounen, sou wéi d’Membere vum Staatsrot ëmmer erëm abezunn, fir esou d’Moossnamen ze treffen. Eng Analys beweist, datt d’Bevëlkerung sech wärend dem Lockdown zimlech strikt un d’Restriktioune gehalen huet.

D’Moossnamen, déi d’Fräiheeten aschränken, brauchen e strikte Kader. Dat gëllt besonnesch fir d’Repressioun, d’Flexibilitéit an d’Upassung u verschidde Situatiounen, wéi och der Uwendung vun ageschränkten Delaien an der Kontroll vun der Justiz.

D’Ministesch hofft, datt een eng Léier aus der Krise gezunn huet, sou datt an Zukunft de Respekt virum Rechtsstaat wärend enger schwéierer Zäit mat der Virbereedung vun den Institutiounen an Infrastrukturen, sou wéi der Widderstandsfäegkeet a Solidaritéit vun eiser Gesellschaft anhir geet.

Déi gemeinsam Beméiungen, reegelméisseg Analysen zum Fonctionnement vun den Institutiounen, dem Zoustand vun den Infrastrukturen an hire Besoinen am Eeschtfall, sou wéi d’Upassung vun der existéierender Legislatur sinn absolut noutwenneg. Well een eng standhaft, resilient a solidaresch Bevëlkerung, da muss eng transparent Kommunikatioun säitens den Autoritéiten, wéi och d’Vertrauen an d’Institutiounen garantéiert ginn.

Opmaacherfoto: D’Justizministesch Sam Tanson © Justizministère

Ähnlech Sujeten Covid-19, Demokratie, Desinformatioun, JAI, Justizministère, Lockdown, Meenungsfräiheet, Rechtsstaat, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel