Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen
Neiegkeeten

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet
Neiegkeeten

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet

Well natierlech och déi sëlleg Sportsaktivitéiten an de Veräiner aus

Mord am Amazonas
Neiegkeeten

Mord am Amazonas

De Paulo Paulino Guajajara, bekannt als Kwahu Tenetehar, ee Member

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
Hannen de Virgänger, am Virdergrond déi nei Generatioun © Shari Pleimelding/moien.lu
Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
Den Alain Becker, Éischte Conseiller am Inneministère © Shari Pleimelding/moien.lu
Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
De Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS © Shari Pleimelding/moien.lu
Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
D'Inneministesch Taina Bofferding © Shari Pleimelding/moien.lu

Mat summerlechem Wieder konnten déi 5 nei Gefierer vum SAMU, déi gëschter zu Lëntgen a Presenz vun der Inneministesch Taina Bofferding der Ëffentlechkeet virgestallt goufen, vun hirer beschter Säit presentéiert ginn. Reegelméisseg muss d’Equipement vum Noutfallservice ausgetosch ginn, fir esou déi noutwenneg Qualitéit garantéieren ze kënnen.

Duerch d’Evolutioun an der Technik, sou wéi immense Verschläiss – et fiert ee schliisslech all Joer iwwer 200.000 Kilometer an et kënnt zu enger staarker Beusprochung – ginn all 5 Joer d’Gefierer vum SAMU duerch nei Modeller ersat. Esou huet de CGDIS am Mee 2019 d’Ausschreiwung fir nei Asaz-Vehikel lancéiert.

Ënnert allen Offeren huet ee sech schliisslech, duerch ekonomesch Attraktivitéit an de Respekt vun de Kritären, fir d’Societéit MERBAG S.A. entscheet. D’Gefierer aus dem Joer 2015 goufen elo duerch d’SUV’en vum Modell Mercedes Benz GLE 350 D ofgeléist. Dobäi handelt et sech ëm Dräisëtzer mat Allrad an Automatik-Schaltung. Hei e puer weider Detailer:

  • Mark a Modell: Mercedes Benz GLE 350 D 4Matic
  • Hubraum: 2925 ccm3
  • Leeschtung: 200 kW
  • Kraaftstoff: Diesel (EURO6d)
  • Gewiicht: 2.925 kg
  • Maximal autoriséiert Mass: 3.500 kg
SAMU

Hannen de Virgänger, am Virdergrond déi nei Generatioun © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Asätz vum SAMU huelen all Joer zou, wouduerch een un der 8.000er Mark kraazt. Eleng an dësem Joer koum et, trotz reduzéiertem Verkéier duerch d’Pandemie, schonn zu 4.600 Virfäll, wou intervenéiert ginn ass. Besonnesch stolz ass een iwwert d’Verstäerkung vum SAMU duerch zwee weider Standuerter: Nieft dem Service zu Esch-Uelzecht, zu Ettelbréck, sou wéi an der Stad, koum am leschte Joer nach Hesper, an dësen Abrëll d’Konventioun mat der Air Rescue (LAR) dobäi.

An dësem Kader huet d’Inneministesch Taina Bofferding erkläert, datt d’Organisatioun sech stänneg upasse muss. Mam Bevëlkerungswuesstem an der Zounam vu Grenzgänger ass de Service fir urgent medezinesch Hëllef zënter senger Kreatioun an den 80er Joer verbessert a verstäerkt ginn. Duerch déi aktuell 5. Vecteure vum SAMU konnt ee sech, am Fall vun engem Accident, vun 2 bis 3 Indisponibilitéiten op manner wéi 1 steigeren.

Héichwäertegen Equipement fir traumatesch an internistesch Agrëff (vum Defibrillator, iwwert d’Beootmungsapparat, bis hin zu Ofsaug- a Kompressiounssystemer) a modern Kommunikatiounsgeräter vun der neister Technologie suerge fir déi noutwenneg Qualitéit vum Service. Fir eng gutt Visibilitéit suergen den opfällegen Design, d’Siren an déi blo Luucht. Bei Asazfaarten ass de Risiko fir Accidenter nämlech héich, erkläert den Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS.

D’Gesamtkäschte leie bei 2,2 Milliounen Euro, déi de Staat, esou wéi et och virgesinn ass, zu 100 % iwwerhëlt. „Et gëtt keng Noutfallversuergung zum Null-Tarif“, sou d’Inneministesch Taina Bofferding.

Nieft dem Material benéidegt een dann och Personal, wat mat de verschiddenen Apparater a Gefierer ëmgoe kann. Zu Lëtzebuerg meeschtert een dës Erausfuerderung duerch entspriechend Formatioune mat Bravour, wouduerch eise SAMU zu engem vun de beschten Noutfallservicer weltwäit ziele soll. Net nëmmen d’Ministesch, mee och de Paul Schroeder an den Alain Becker hunn dofir d’Asazkräft immens gelueft – zu Recht.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alain Becker, Allrad, Asazkräft, CGDIS, LAR, Luxembourg Air Rescue, Mercedes Benz GLE 350 D 4Matic, nei Gefierer, Noutfall, Paul Schroeder, SAMU, Service, Taina Bofferding, Technik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel