Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches
Neiegkeeten

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches

D‘Sunday Times bericht um haidege Sonndeg mat Bezuch op Regierungsënnerlagen,

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder
Neiegkeeten

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder

Indien an d‘USA behaapte vu sech déi gréissten „Demokratien“ vun

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
Neiegkeeten

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt

Inneministesch dréit dem demographesche Wandel Rechnung

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt

De SAMU (de Service fir urgent medezinesch Hëllef) gouf zu Lëtzebuerg 1986 agefouert. Dat ass ewell eng Zäitchen hir, an och wann de SAMU zu Lëtzebuerg, am Verglach zum Ausland, ee ganz performante wier, et un der Zäit fir en „update“ ass, wéi d‘Krapperten haut géife soen.

Zu Hesper am „CIS“ huet d‘Inneministesch, Taina Bofferding (LSAP), erkläert, datt d‘Gesetz vun 1986 net méi dem demographesche Wuesstem, a Verbindung mat der Zounam vun de Grenzgänger, gerecht gëtt, an sech Changementer, oder villméi „Verbesserungen“ imposéieren. Esou war et och keen Zoufall, datt de Rendez-vous mat de Medien, zu Hesper stattfonnt huet.

Bis de „CNIS“ zu Gaasperech de „4. Vecteur“ vum Service kann ophuelen, gëtt dësen zu Hesper am Bau vum „CIS“ ënnerbruecht. Operationell ass dëse Service ab dem 1. Juli. Sënn an Zweck vum 4. Vecteur ass et, eng homogen Ofdeckung vum Lëtzebuerger Territoire sécherzestellen, ënnersträicht de President vum CGDIS-Verwaltungsrot, Alain Becker. Dat war och esou am Gesetz virgesinn

Et ass wichteg an dësem Kontext drun ze erënneren, datt wéi de SAMU zu Lëtzebuerg agefouert ginn ass, dëse Service ëmmer bei de Spidäler „geparkt“ war déi „Déngscht“ haten. Mam neie Spidolsgesetz awer, gëtt de SAMU net méi als eng Aktivitéit consideréiert, déi vun engem Spidol soll geréiert ginn. Mam Changement deen elo kënnt, ännert sech fir de Bierger awer näischt.

E puer Detailer

Fir e bessert Versteesdemech, muss nach erkläert ginn, dat et aktuell véier permanent Standuerter fir de SAMU gëtt. Een zu Esch-Uelzecht (CHEM), een zu Ettelbréck (CHdN), an zwee an der Stad, déi jee no Déngscht, beim Spidol Kierchbierg oder dem CHL, stationéiert sinn. Mat der Aféierung vun engem véierte Vecteur entsteet zugläich déi éischt Basis fir e SAMU déi net Spidolgebonnen ass.

Un der Besetzung vum SAMU – en Dokter an en Infirmier, déi op Anästhesie a Reanimatioun spezialiséiert sinn – gëtt net gefréckelt, wéi et den Dokter Pascal Stammet, medezineschen Direkter vum CGDIS betount huet. Dëse System hätt seng Effikassitéit iwwer Joerzéngten ewech bewisen. Haut géif et drëms goe sécherzestellen datt dat an Zukunft och esou bleift, mengt d‘Inneministesch.

Fir den Nol bis un de Kapp anzeschloen, konnt d‘Taina Bofferding dann och nach bestätegen, datt de Sujet och am Regierungsrot behandelt ginn ass. Si konnt unhand den Zuelen, déi eng däitlech Sprooch schwätzen, d‘Kollegen iwwerzeegen an esou war de Projet vum 4. Vecteur séier beschloss. Et gëllt elo nach just fir déi Hesper Pompjeeën den Empfang fir de SAMU virzebereeden…

Foto: (v.l.n.r.) Alain Becker, President vum CGDIS-Verwaltungsrot; Taina Bofferding, Inneministesch; Dr. Pascal Stammet, medezineschen Direkter vum CGDIS. Si hunn drop opmierksam gemaach, datt iwwert den Dag an ouni d‘Touristen oder soss Reesender, sech zu Lëtzebuerg 760.000 ophalen. © Inneministère

Ähnlech Sujeten Alain Becker, CGDIS, CIS-Hesper, Dr. Pascal Stammet, SAMU, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel