Search

You may also like

Rapp a Klapp zum Joreswiessel
Neiegkeeten

Rapp a Klapp zum Joreswiessel

Kann een d‘Zivilgesellschaft nach a Fro stellen, wann dës am

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader
Neiegkeeten

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader

E Méindeg sinn déi dräi Membere vum ziville Kader Claire

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!
Neiegkeeten

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!

(Sponsored Story) Am Joer 2008 gouf d‘Entreprise MIXvoip gegrënnt, an

A Gedenken un de Samuel Paty

...dee fir d‘Verdeedegung vun der Meenungsfräiheet brutal senges Liewes beklaut ginn ass

A Gedenken un de Samuel Paty

Den OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) ass Fassungslos an an déiwer Trauer iwwert déi brutal Ermordung vum franséische Schoulmeeschter Samuel Paty, dee säi Liewe fir Opklärung a Meenungsfräiheet gelooss huet. Eist opriichtegt Bäileed gëllt der Famill vum Samuel Paty, esou wéi senge Frënn, Aarbechtskollegen a Schüler.

Vir säi Liewenswierk ze éieren, huet sech den SEW-OGBL derzou entschloss, eng Unterrechtsmapp zum Thema Meenungsfräiheet a Satir auszeschaffen. Déi steet allen Enseignante gratis zur Verfügung. Mir ruffen all d‘Kolleegen*innen dozou op, den Thema Meenungsfräiheet an hirem Unterrecht ze behandelen.

Mir riichten och en Appell un den Educatiounsministère, a fuerderen d‘Aféierung vun enger Silenz-Minutt zum Gedenken un de Samuel Paty. Dat an alle Schoulen, fir esou ee klore Message géint Fanatismus an Intoleranz, a fir d‘Opklärung an d‘Meenungsfräiheet ze senden. D‘Mapp zum Thema Meenungsfräiheet, fannen déi interesséiert ënner www.sew.lu/meinungsfreiheit

matgedeelt vum SEW-OGBL, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Jake Nebov / unsplash

Related topics Conflans Saint-Honorine, Emmanuel Macron, Frankräich, islameschen Terror, Mohammed-Karikaturen, Samuel Paty, SEW-OGBL, Sorbonne
Next post Previous post