D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police
Et ass e Fall, dee staark kritiséiert gëtt. An Däitschland
Et ass e Fall, dee staark kritiséiert gëtt. An Däitschland
Während den US-President domatter dréit gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium
Satire huet aktuell Héichkonjunktur. Dovunner kann een sech liicht iwwerzeegen,
Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt. De fréieren Zaldot war verhaft ginn, wëll hien en Attentat geplangt hat. Hien hätt sech vum „Islamesche Staat“ inspiréiere gelooss a wollt matten an der Chrëschtzäit eng Explosioun bei enger touristescher Attraktioun erbäiféieren.
Aus dem Protokoll vun der federaler Police, deen engem kalifornesche Geriicht iwwerginn ass, wou den Everitt Aaron Jameson de 5. Januar ugeklot soll ginn, geet ervir, datt dëse Camionschauffer vu 26 Joer, den Autoritéiten ëm een Hoer duerch d‘Netzt gaange wier. Grond: eng Ieselzegkeet vum FBI.
Den dschihadistesche Léierbouf, ugeklot fir de Versuch eng terroristesch Organisatioun materiell ze ënnerstëtzen, riskéiert net manner wéi 20 Joer feste Prisong. Hie wollt, esou de Rapport deen dem Geriicht virgeluecht ginn ass, e Massaker uriichten. Zil vum Attentat: de „Pier 39“ ee vun den touristeschen Hot-Spots vu San Francisco, deen iwwert d‘Feierdeeg voller Mënschen ass.
Geziilt en Attentat tëscht dem 18. a 25. Dezember duerchzeféiere sollt, esou d‘Autoritéiten, d‘Geeschter zeechnen. „Hellegowend ass de perfekten Dag fir en Attentat“, soll de presuméierten Attentäter dem FBI-Agent gesot hunn, deen „undercover“ mam fréieren Zaldot a Kontakt stoung.
Den Everitt Aaron Jameson sollt dann och dovunner ausgoen, datt den FBI-Agent eng „héich Personalitéit“ vum dschihadistesche Grupp ass. Den FBI verséchert dann och, datt vum ex-Zaldot ni eng konkret Gefor ausgaangen ass. Hie wier ganz fréi „erkannt“ ginn an et hätt een hien net méi aus den Ae verluer.
Bei der Perquisitioun vu senger Wunneng zu Modesto, ronn 130 ëstlech vu San Francisco, hunn d‘Enquêteuren en Testament, Waffen a Munitioun fonnt. Och e Bréif huet d‘Police entdeckt: „Dir hutt dem Donald Trump erlaabt al Quds (Jerusalem) de Judden ze iwwerloossen“. Eng Referenz un déi kontroverséiert Entscheedung vum Wäissen Haus, déi d‘Welt grad an Otem hält.
Wann awer elo d‘Intentioun vum Beschëllegten erwisen ass, och well deen se däitlech a widderholl ausgedréckt huet, esou hätt de Feeler vun engem FBI-Mataarbechter bal dozou gefouert, datt déi ganz „Operatioun“ geplatzt wier.
Laut dem Rapport vum Spezial-Agent Christopher McKinney – dat war och den Agent dee verdeckt mam Beschëllegte Kontakt hat – hätt den Everitt Aaron Jameson sech gebretzt erfollegräich Uschléi op amerikaneschem Buedem duerchgefouert ze hunn. De Beschëllegten hätt seng Loscht net verstoppt: „Egal wat, erziel hinnen egal wat… ech si prett. Gëff gréng Luucht an et gëtt gemaach“.
Den 18. Dezember hätt awer, esou dem McKinney säi Bericht, e Mataarbechter vum FBI de Beschëllegten op den Handy ugeruff. Deen hätt d‘Nummer mat der Virwahl vu Washington um Display gesinn. Zudeem soll de Mataarbechter direkt opgeluecht hunn, wéi de Verdächtegen opgehuewen an eppes an arabescher Sprooch gesot huet.
Et huet sech dann erginn, datt den Everitt Aaron Jameson d‘Nummer zréckgeruff huet, wou hien op de Repondeur vum FBI-Mataarbechter gefall ass, dee säin Numm, net awer d‘Institutioun verroden huet.
E Virfall dee de Beschëllegten net a Rou gelooss huet. Nach de selwechten Owend huet hien „sengem Kontakt“ matgedeelt: „Ech denken net, datt ech et maache kann. Ech hu mer et gutt iwwerluecht. Ech hu meng Meenung geännert“. Festgeholl ginn ass en awer…