Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Kultur Neiegkeeten

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech
Kultur Neiegkeeten

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech

D‘Affär ëm de Casier-bis an/oder soss geheim Fichiere bei Police

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley
Kultur Neiegkeeten

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley

Si ass eng ambitiéis Fra déi net bei allen Zoustëmmung

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

Bei den Erwuessenen elo och eng gemëschte Chorale

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

1966 gouf ënnert der Chorale Royale Grand-ducale Sang a Klang de Kanner-Chouer “Chorale Enfantine Laurent Menager” gegrënnt. Wärend ville Joren hat dëse Chouer vill Succès an ass uechter d’Land opgetratt. Dëst Joer huet ee sech entscheet, dës verluere gaangen Traditioun nees opliewen ze loossen.

Dës Chorale, déi eng Kanner- a Jugendsektioun vum Veräin ass, séngt ënnert der Leedung vum Pit Vinandy. Op spilleresch a modern Aart a Weis gi virun allem traditionell Lëtzebuerger Lidder, awer och internationaler gesongen. Déi éischt Prouf ass den 28. September 2019. Ab dann si se all Samschdegmoies vun 10 bis 11 Auer. Den Alter fir beim jonke Chouer matmaachen ze kënne bedréit 7 bis 17 Joer.

Sang a Klang

Bei den Erwuessene kee renge Männerchouer méi!

Bis elo war d’Chorale am Pafendall e renge Männerchouer bei den Erwuessenen. Zanter 2019 gëtt et awer och hei eng wichteg Ännerung: Ab elo ass de Sang a Klang eng gemëschte Chorale ab dem Alter vun 18 Joer.

D’Prouwe wäerten hei de 26. September 2019 sinn. Do dertëscht sinn der awer nach virun der Summervakanz. Déi fannen all Donneschdeg tëscht 20 an 21 Auer statt. Wie wëll, kann awer schonn um 19.30 Auer op de Patt kommen.

Och dëse Chouer séngt ënnert der Leedung vum Pit Vinandy. Nei mat dobäi ass de Pianist Jean Ziata.

Weider Informatiounen ënner sangaklang.lu

Umeldung fir de Kanner-Chouer*
*Hei misst als Datum den 28. September stoen

Opmaacherbild: Pixabay

Ähnlech Sujeten Chouer, Kanner-Chouer, Pafendall, Pit Vinandy, Sang a Klang, Sangen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel